Search

You may also like

Nordkorea huet nees Rakéiten an den Himmel geschoss
International Neiegkeeten

Nordkorea huet nees Rakéiten an den Himmel geschoss

Seoul huet de Moie gemellt, datt Nordkorea zwou Rakéiten an

Wansinn oder Terror?
International Neiegkeeten

Wansinn oder Terror?

De Mann no deem d‘Police mat alle Mëttel sicht, soll

Éischte Mosel Clean Up – 40 Fräiwëlleger hunn d’Ufer vun Offall befreit
International Neiegkeeten

Éischte Mosel Clean Up – 40 Fräiwëlleger hunn d’Ufer vun Offall befreit

E Samschdeg hu sech zuelräich Fräiwëlleger zu Gréiwemaacher zesummefonnt, fir

Den ëffentlechen Defizit an der EU ass réckleefeg

Och Lëtzebuerg däerf sech iwwert eng positiv Entwécklung freeën

Den ëffentlechen Defizit an der EU ass réckleefeg

Den ëffentlechen Defizit huet sech an der EU iwwert déi lescht dräi Joer kontinuéierlech verklengert. Dëst stëmmt souwuel fir den Euroraum, wéi och fir d’EU selwer. 2017 huet sech den Defizit an der EU nach 1% vum PIB berechent. 2014 waren et der nach 2,5%. Am Euroraum louch se 2017 bei 0,9%, also manner héich wéi 2014, wou et 2,5% waren. Eurostat huet dës Zuelen an enger Pressematdeelung bekannt ginn.

Lëtzebuerg gehéiert do zu deene Länner mat engem Iwwerschoss. 2017 huet deen 1,5% vum PIB ausgemaach. Och déi Jore virdrun ass en Iwwerschoss erziilt ginn: 2014 waren et 1,3%, 2016 der 1,6%. Domat leie mer 2017 hannert Malta (+3,9%), Zypern (+1,8%) an der Tschechescher Republik (+1,6%). Direkt hannert eis fënnt een dogéint Schweden an Däitschland mat jeeweils +1,3%, Holland (+1,1%), Dänemark (+1,0%), Bulgarien (+0,9%), Griicheland a Kroatien mat +0,8%, a Litauen (+0,5%).  Deem géintiwwer stinn um aneren Extrem Spuenien a Portugal mat engem Defizit vu 3,1% bzw. 3,0%.

Och bei der Verscholdungsquot steet Lëtzebuerg relativ gutt do. Nëmmen an Estland ass Verhältnes Scholdestand zu PIB mat 9% besser, wéi zu Lëtzebuerg, wou et 23% sinn. Dohannert kommen Bulgarien (25,4%), d’Tschechesch Republik (34,6%), Rumänien (35,0%) an Dänemark (36,4%). Am Héchsten ass dee Stand zu Griicheland (178,6%), Italien (131,8%), Portugal (125,7%), Belsch (103,1%) a Spuenien (98,3)

Related topics EU, Finanzen, Lëtzebuerg
Next post Previous post