Search

You may also like

JSL Kongress 2021
Neiegkeeten Stories

JSL Kongress 2021

D’Lisa Kersch an den Amir Vesali goufe bei de Walen

5G: D’Regierung wëll mat Transparnez a Wëssenschaft iwwerzeegen
Neiegkeeten Stories

5G: D’Regierung wëll mat Transparnez a Wëssenschaft iwwerzeegen

Nodeems d’Petitioun N°1560 zum Stopp vum Ausbau vum 5G-Netz ganzer

Black IPA: e Schwéiergewiicht vu Bare Brewing
Neiegkeeten Stories

Black IPA: e Schwéiergewiicht vu Bare Brewing

Wien sech dës „schwaarz Séil“ ausgeduecht huet, dee geet och

Duerchbroch bei de Gehälterverhandlungen am Ëffentlechen Déngscht

D‘CGFP leet de Privatiséierungstendenzen de Reedel vir – Sozial Errongenschafte bleiwen erhalen

Duerchbroch bei de Gehälterverhandlungen am Ëffentlechen Déngscht

An enger nach ni do gewieschte Pandemie, huet d‘CGFP nees d‘Vernonft privilegiéiert an sech mat der Regierung, op een de Krisenzäiten ugepasste Kollektivvertrag am Ëffentlechen Déngscht gëeenegt. D‘Lafzäit vun der Vereenbarung bedréit zwee Joer. Vun Ufank un hate béid Säiten hir Wëlle bekräftegt, an engem konstruktive Klima méiglechst séier Léisungsorientéiert Kompromësser ze erzilen.

Ugesiichts der aktueller Kris, huet d‘CGFP al zouverlässege Sozialpartner op strukturell finanziell Verbesserunge verzicht. Am Virdergrond stoungen dës Kéier Fuerderungen déi de Staatshaushalt net belaaschten. Esou gouf de Schwéierpunkt hei op d‘Qualitéit vun den Aarbechtskonditiounen am Ëffentlechen Déngscht geluecht.

D‘CGFP an d‘Regierung hunn sech drop verstännegt, datt de Staatsdéngscht bei der Bewältegung vun der Kris an enker Zesummenaarbecht mat aneren Acteuren aus dem Privatsecteur eng wichteg Roll anhëlt. Fir datt de Staat dann och zukünfteg der Bevëlkerung a schwieregen Zäite Réckhalt a Kontinuitéit zouséchere kann, erwiert sech d‘Gewerkschaft vun de Beschäftegten am Ëffentlechen Déngscht, alle Versich den Ëffentlechen Déngscht ze schwächen.

Keng Verwässerung vun den Astellungscritèren

Op Dränge vun der CGFP, verflicht sech d‘Regierung derzou, sämtlech sozial Errongenschafte vu de Staatsbeamten net unzepaken. De System vun der Remuneratioun, inklusiv alle Primmen an dem 13. Mount, ginn esou net a Fro gestallt.

An hirem jéngsten Ofkommes mat der CGFP, mécht d‘Regierung ee kloert Bekenntnis zu engem staarken ëffentlechen Déngscht. Zugläich ass d‘Dräierkoalitioun gewëllt, d‘Kompetenze vum Ëffentlechen Déngscht ze beworen. Der CGFP ass et esou gelongen, engem weidere Bestriewe Privatiséierunge virzehuelen, de Reedel virzeleeën. Et sollen dem Parlament och keng Gesetzer virgeluecht ginn, déi et drop ofgesinn hunn, déi erfuerderlech berufflech Qualifikatiounen ze verréngeren. D‘Astellungscritère fir staatlech Spëtzeposte ginn deemno net verwässert, Esou bleiwe Qualitéit, Zouverlässegkeet an d‘Effizienz vum Ëffentlechen Déngscht gesechert.

Upassunge beim Bewäertungssystem

Zanter Joren ass d‘Aféierung vum schwéierfällege Bewäertungssystem am Ëffentlechen Déngscht der CGFP en Dar am A. Gemiess dem erziilten Ofkommes, gëtt dëst ëmstriddent Konzept geschwënn enger kritescher an déifgräifender Analys ënnerzunn. Ee paritéitesch besaten Aarbechtsgrupp, dee sech aus Vertrieder vun der CGFP an der Regierung zesummesetzt, wäert d‘Schwächte vum Bewäertungssystem schounungslos erfuerschen. D‘Conclusiounen hisiichtlech méiglecher Upassunge gi bis den 1. Juli 2022 gezunn.

Wärend e Coronaviruskris ass den Undeel vun de Leit, déi vun doheem aus schaffen, rasant geklommen. Zugläich weist sech awer, datt beim Homeoffice an villen Hisiichten nach räichlech Klärungsbedarf besteet. An Zesummenaarbecht mat der Regierung, wëll d‘Regierung en Entworf vir ee groussherzoglecht Veruerdnung auszeschaffen. Nodeems déi virecht bestoend Veruerdnung am Mäerz 2020 ofgeschaaft gouf, gëtt elo nees ee rechtleche Kader fir dës nei Aarbechtsweis geschafen, déi den haitege Gegebenheete Rechnung dréit.

Ee weidert Uleies dat der CGFP besonnesch un Häerze läit, ass de Schutz, deen de Staat den ëffentlech Bedéngschtete gewäert. Konkret geet et dobäi ëm juristesche Bäistand a Sträitfäll, esou wéi finanziell Entschiedegungen, déi am Fall vun engem schwéierweienden Déngschtonfall ausbezuelt ginn. Nodeems eng Aarbechtsgrupp zur Analys vun de gesetzleche Bestëmmungen agesat gouf, sollen d‘Conclusiounen nach am Laf vun dësem Joer gezunn an ëmgesat ginn.

Zudeem wäerten d‘CGFP an d‘Regierung nach an dësem Joer Verhandlungen ophuelen, fir de leidege Problem vun der Virouestandsreegelung vun deene Staatsbeamten unzegoen, déi zanter dem 1. Januar 1999 an den Ëffentlechen Déngscht agetruede sinn an 20 Joer laang op Schichte geschafft hunn.

Harmoniséierung vun den ënneschte Lafbunnen

D‘Erkenntnisser, déi aus der Analys zur Harmoniséierung vun de sougenannten ënneschte staatleche Lafbunne gewonne goufen, ginn zäitno verwierklecht. Zil ass et, eng méi transparent a gerecht Struktur ze schafen. An dësem Sënn ass virgesinn, zukünfteg nëmmen nach zwou Gehaltsgruppen (C1 & C2) bäizebehalen, jee nodeem, ob d‘Mataarbechter ee fënnefjärege Sekundarofschloss oder eng gläichwäerteg Ausbildung absolvéiert hunn. D‘Harmoniséierung vun den ënneschte Lafbunnen trëtt den 1. Juli 2022 a Kraaft. D‘Problematik betreffend d‘Lafbunn vum Fleegepersonal, wäert Bestanddeel vum Projet zur Harmoniséierung sinn.

Ee weidere Bestanddeel vum Ofkommes betrëfft déi deels schwéier Mängel, déi am Kontext vun der Déngschtrechtsreform vun 2015 opgetruede sinn. Zwee Joer laang huet d‘Regierung Gespréicher mat den CGFP-Memberorganisatiounen iwwert dären hir sektoriellen Doleance gefouert. Och hei solle bis zum Juli 2022 déi entspriechend Conclusioune gezu ginn.

Ofschléissend ass nach drop hinzeweisen, datt all déi hei opgefouert Beschlëss och bei sämtleche Mataarbechter vun ëffentlechen Ariichtungen ugewannt ginn, déi Staatsbeamten- oder employéeën gläichgestallt sinn. Gläiches trëfft och op d‘Staatsugestalten, d‘Praktikanten an déi Fräiwëlleg an der Arméi zou.

Matgedeelt vun der CGFP – fräi aus dem däitschen Iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Anne Nygård / unsplash

Related topics CGFP, Ëffentlechen Déngscht, Kollektivvertrag, Regierung, Vernonft
Next post Previous post