Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: den aachten Dag
Et ass de perfekten Ofschloss fir „Team Lëtzebuerg“ bei den
Et ass de perfekten Ofschloss fir „Team Lëtzebuerg“ bei den
Ze wësse wat ee keeft, oder villméi wat ee sech
Eng Pëtrolsquell mat engem Potenzial vu geschätzt 53 Milliarde Barrel,
Laut dem Lëtzebuerger Zenter fir sozio-ekonomesch Etüden LISER, kënnen 117 ha Terrain direkt an der Stad Lëtzebuerg bebaut ginn. Wa si fir Joerzéngten brooch leien, da läit dat ënnert anerem un der extrem niddreger Verméigenssteier. Vill Proprietär gesi keen Interessi dran se op de Maart ze setzen an zéien et fir ze waarden, datt d’Präisser weider an d’Luucht ginn.
Déi proposéiert Motioun well substantiell d’Verméigenssteier op Bauterrainen vun der Klass „B6“ erhéijen an d’Proprietären dozou bréngen se op de Maart ze setzen. Dat erméiglecht eng méi schnell Konstruktioun vu Wunnraum um Stater Terrain am schonn existente Perimeter vum PAG, wat dann den Drock op d’Präisser reduzéiert. Verschidde Gemengen, dorënner Iechternach, Beetebuerg, Hesper, Munneref a Schieren hu schonn éischt Schrëtt an dës Richtung gemaach, andeems si d’Verméigenssteier op dësem Typ Terrain verduebelen, jo souguer verdräifachen.
Déi folgend Motioun, déi ze vergläichen ass mat där, déi vum Dikrecher Gemengerot eenheetlech ugeholl ginn ass, presentéiert dräi essentiell Virdeeler:
Mir denken, datt et duerch d’Noutsituatioun eng Flicht vum Stater Gemengerot ass seng Responsabilitéit ze erfëllen an sech schnellstméiglech fir méi Logement anzesetzen mat de Méiglechkeeten, déi een huet. Dës Motioun bitt déi ideal Geleeënheet.
Matgedeelt vun der LSAP Stad, déi lénk Stad an déi gréng Stad Lëtzebuerg
Opmaacherbild: © John Moeses Bauan / Unsplash