Search

You may also like

„Fréier wor alles“ – Eng satiresch Chronik um 27. Februar 2020
Neiegkeeten

„Fréier wor alles“ – Eng satiresch Chronik um 27. Februar 2020

An hirem zäithistoresche Réckbléck kucken déi zwee Artisten op eng

Ankara provozéiert, Paräis reagéiert
Neiegkeeten

Ankara provozéiert, Paräis reagéiert

Well Paräis sech eng méi konsequent Virgoensweis géint de „radikalen

geek
Selwer Mario-Levelen designen: Super Mario Maker 2
Neiegkeeten

Selwer Mario-Levelen designen: Super Mario Maker 2

Wie schonn ëmmer eng Kéier den italienesche Blechschléier mam markante

EFVV stellt den Ethikrot a Fro

EFVV stellt den Ethikrot a Fro

An engem „oppene Bréif“ un den Ethikrot an den Educatiounsministère, huet déi Lëtzebuerger Sektioun vun der EFVV (European Forum for Vaccine Vigilance) nach emol Kloergestallt, datt d‘Mesuren am Kontext vun der Covid19-Pandemie disproportionéiert sinn. D‘EFVV ass nawell veriergert iwwert de Fait, datt den Ethikrot (CNE) selwer, d‘Disproportionalitéit monéiert huet.

Am Schreiwes gëtt nach emol insistéiert, datt d‘Impfung net zur Grondlag vum Erwerb vun de Fräiheeten dierf ginn. Dat awer, esou d‘EFVV géif säitens dem Ethikrot favoriséiert ginn, well dësen notéiert: „Differenzéierungen (tëscht geimpften an net geimpfte Mënschen) kéint an de nächste Méint, bezunn op d‘Phase vun der Impfung, onëmgänglech ginn“. An do klemmt et…

D‘EFVV weist an hirem Schreiwes galant drop hin, datt eng Diskriminéierung wéinst der Persoun hirem Gesondheetszoustand entspriechend dem Artikel 454 vum Code Penal verbueden ass. Dëse géif zudeem vum Artikel 455 explizit gestäipt. D‘EFVV huet och wéineg Versteesdemech dofir, datt den CNE eng „sektoriell Zwangsimpfung“ ausdrécklech recommandéiert. An domat net genuch.

Hei kréien den Ethikrot an d‘Regierung ënnerstallt, datt ee sech géif a Richtung „Drockmëttel“ – déi kënne politesch oder sozial sinn – beweegen. Eng Differenzéierung tëscht geimpften an net-geimpfte Mënsche kéint hei séier zur Reegel ginn. D‘EFVV erënnert dann och nach emol dorunner, datt d‘Vaccine méi Froen opwerfe wéi se Äntwerten hunn, besonnesch bei de Laangzäitwierkungen.

Illustratioun: Egal op een dofir oder dogéint ass, et dierf een net Ausgegrenzt ginn wann ee sech net well Testen an/oder Impfe loossen… mengt jiddefalls d‘EFVV. © Hakan Nural / unsplash

Related topics Covid19-Pandemie, Diskriminéierung, Educatiounsministère, EFVV, Ethikrot, Impfstrategie
Next post Previous post