Search

You may also like

D’Groussherzogin Maria Teresa huet Gebuertsdag!
International Neiegkeeten

D’Groussherzogin Maria Teresa huet Gebuertsdag!

S.A.R. d’Groussherzogin Maria Teresa feiert um haitegen Dag hire 65.

Organisatiounsdefiziter bei Frontex
International Neiegkeeten

Organisatiounsdefiziter bei Frontex

Wann ee sech op de Sonnerbericht vun den Experte vum

Keng Verlängerung fir de Brexit
International Neiegkeeten

Keng Verlängerung fir de Brexit

Dat mat den Verhandlungen zu de Bezéiunge „Post-Brexit“ war esou

Egypten um Wee an eng Diktatur?

Egypten um Wee an eng Diktatur?

An Egypten geet et mat de Mënscherechter biergof, an dobäi bestoung eigentlech d‘Hoffnung, datt et an dësem Land zu méi Demokratie kéint kommen. Elo soll d‘Verfassung „reforméiert ginn, wat dem President – an ex-Feldmarschall – Abdelfattah al-Sisi eng weider Mandatsperiod géif erlaben.

Dat riicht no der Bestriewung eng Diktatur anzeriichten, woubäi een op eng Ausso vum Egyptesche President aus dem Joer 2016 zréckgräife muss: „An Egypten ass keng Plaz méi fir Diktatoren. All véier Joer kënnt et zum Muechtwiessel. Kee President wäert méi laang un der Muecht bleiwe wéi et vum Gesetz, der Verfassung a vum Vollek bestëmmt gëtt!“. D‘Zäiten änneren sech rapid…

Kënnt et zur Verfassungsännerung wéi sech dat den Abdelfattah al-Sisi wënscht – an en Dënschdeg hat d‘Parlament d‘Reform vun der Verfassung duerchgewonk – stinn d‘Chancen, datt Egypten nees engem „President“ en onbegrenzt Mandat zougesteet, beschtens. Esou géif d‘Verfassungsännerung dem al-Sisi erlabe bis 2030 am Amt ze bleiwen. Aktuell sinn 2 Mandatsperiode vu 4 Joer erlaabt.

Laut deem wat vun der Verfassungsännerung gewosst ass, soll d‘Mandatsperiod vu 4 op 6 Joer ugehuewe ginn. Mat enger Zousazklausel, soll dann och dem Abdelfattah al-Sisi seng Amtszäit ëm 2 Joer verlängert ginn, wat him géif erméiglechen 2024 nach emol fir d‘Mandat vum President ze kandidéieren. Wouhinner esou eng däitlech Verfassungsännerung fir gewéinlech féiert ass bekannt.

Bis e Méindeg kann ofgestëmmt ginn

Interessant an dësem Verfaren: nëmmen e puer Deeg nodeems d‘Parlament d‘Verfassungsännerung gestëmmt an de President de Vott ratifizéiert huet, sollen 61 Milliounen Egypter a gutt 14.000 Wahlbüroen doriwwer ofstëmmen. Et schéngt dem Regime „ze presséieren“, an en ëffentlechen Debat war souwisou net virgesinn. D‘Reform gëtt vun den allgemeng staatstreie Medie gedroen.

Och d‘Feststellung datt „Kritiker“ éischter net zu Wuert kommen a vum Regime a senge loyale Medien als Landesverréider duergestallt ginn, sollt engem ze bedenke ginn. Hei muss engem kloer sinn, datt wann eng Verfassung d‘Diktatur legitiméiert, et keng Plaz fir Meenungsfräiheet ka ginn. Wouhinner esou „Experimenter“ hiféiere kann een an alle gudde Geschichtsbicher noliesen.

D‘Oppositiounsbündnis „Zivil Demokratesch Beweegung“ bezeechent d‘Verfassungsännerung als verfassungswiddereg, wann d‘Zil dovunner net méi Fräiheete sinn. Esou zumindest gesäit et den Mahmoud Habib vun der Karama-Partei. Hien huet en Appell un d‘Bevëlkerung geriicht, keng Angscht ze weisen, a sech couragéiert dësem Broch mat der gülteger Verfassung entgéintzestellen.

Demokratie ass wann ee wiele geet

Wann et och deem Dommsten dierft ersiichtlech sinn, datt esou eng Verfassungsännerung näischt Gutts bedeite kann, esou hunn et elo d‘Egypter an der Hand. Et sollt een allerdéngs dovunner ausgoen, datt déi wou hir Stëmm un Enn wäerten ofginn hunn, dëser „Ännerung“ zoustëmmen dierften. Woubäi net dovunner auszegoen, datt vill Egypter hiert Wahlrecht notze wäerten.

Scho bei der Presidentschaftswahl 2018, hunn d‘Egypter bewisen, datt d‘Demokratie nach net bei hinnen ukomm ass. Zumindest net an de Käpp, wann e sollt erklären, firwat si einfach net wiele ginn. Esou kann den Abdelfattah al-Sisi deemnächst Riichter ernennen, onkontrolléiert Gesetzer erloossen an Ziviliste vu Militärgeriichter veruerteele loossen. Et schéngt d‘Egypter net ze stéieren.

Woubäi och allgemeng d‘Leit der Meenung sinn, datt esou eng Verfassungsännerung richteg a wichteg fir d‘Land ass. Nëmme mat enger Verfassungsännerung kéint d‘Stabilitéit vun Egypten geséchert an de Kampf géint den Terrorismus fortgesat ginn. Datt si domatter déi autoritär Muecht vun der Arméi an hire Generäl festegen an hir Mënscherechter opginn, schéngt hinnen egal ze sinn.

mat indymedia/cai/lon

Related topics Abdelfattah al-Sisi, Diktatur, Egypten, Verfassungsreform
Next post Previous post