Search

You may also like

Oppene Bréif: Sue maachen d’Léit an de Planéit net gesond!
Neiegkeeten

Oppene Bréif: Sue maachen d’Léit an de Planéit net gesond!

Um 22. Juli huet sech d’Nathalie Meier-Hottua vu [R]Evolution mat

Andorra an d’EU sinn sech eens ginn
Neiegkeeten

Andorra an d’EU sinn sech eens ginn

Andorra an d’EU hunn e Freideg bekannt ginn, datt si

Buchvirstellung „Les Oiseaux du Grand-Duché de Luxembourg“
Neiegkeeten

Buchvirstellung „Les Oiseaux du Grand-Duché de Luxembourg“

Dat neit Buch vun natur&ëmwelt Asbl presentéiert op 275 Säite

Eidelt Geschwätz beim Klimaschutz?

Op grouss Usoen, mussen endlech Dote follegen!

Eidelt Geschwätz beim Klimaschutz?

Den Energie- a Klimaplang fir den Zäitraum 2020-2030 versprécht vill, mee et feelt weiderhin un enger iwwerzeegender gesamtwirtschaftlecher Strategie an engem kohärente Moossnamekatalog fir déi gesaten Ziler ze erreechen. Vun engem Plang kann also net rieds sinn. Wéi d‘Regierung gedenkt de lëtzebuergesche Bäitrag zum Anhale vum Paräisser Ofkommes leeschten ze kënne bleift onkloer.

Zwar huet d‘Regierung am neien Energie- a Klimaplang d‘Reduktionszil no uewe korrigéiert a wëll elo eng Baisse vum Dreifgasausstouss bis 2030 ëm 50 bis 55% erbäiféieren, amplaz vun de 40% wéi se vun der EU virgeschriwwe sinn. Mee dës nei Ambitioun misst och mat den entspriechenden, stäerke Moossname beim Klimaschutz ënnermauert ginn. De Moossnamekatalog bleift awer ganz iwwerflächlech an et ass net ze erkennen, wéi eng zousätzlech Ustrengunge virgesi ginn, fir déi no uewe korrigéiert Zilsetzung ze erfëllen.

Am neien Energie- a Klimaplang bleift d‘Klimapolitik weiderhin der Wirtschaft ënnerworf. De Kader an deem sech d‘Regierung beweegt, gëtt ëmmer méi staark vu Wuesstemszwäng, Standuert- a Fiskalkompetitivitéit, wéi och der Dominanz vu privaten Investisseure bestëmmt. An dësem wirtschaftlechen Ëmfeld ass ee laangfristege Plang eigentlech e Widdersproch a sech. Fir dëse Problem ze iwwerspillen, berifft sech d‘Regierung op d‘Rifkin-Strategie, mee déi werft méi Froen op, wéi se Äntwerte liwwert.

Déi eenzeg méiglech Moossnam fir d‘Erreeche vun de gesate Klimaziler, ass eng drastesch Reduzéierung vum Energieverbrauch. D‘Regierung huet dat och erkannt a setzt ganz ambitionéiert Ziler bei der Energieeffizienz: +44% bis 2030; well ouni grouss Energieraspuerungen ass et eng Saach vun der Onméiglechkeet, 23 bis 25% vun der Energie aus erneierbaren Energiequellen ze bezéien.

Dréi- an Angelpunkt vum héijen Energieverbrauch zu Lëtzebuerg ass nach ëmmer d‘Transportwiesen, ganz besonnesch de Spritexport. Déi ugedeite minimal Erhéijung vun den Accisen op d‘Pëtrolsproduite wäert un dëser Situatioun näischt änneren, esoulaang d‘Accisen an de Nopeschlänner weider klammen. Schonn am lescht Joer huet den Export vu Pëtrolsproduite staark zougeholl. Sollt sech dës Tendenz bestätegen, wäert de lëtzebuergesche CO²-Budget séi verbraucht sinn an d‘Transformatioun vun der Lëtzebuerger Energiewirtschaft méi deier maachen. D‘Verdeelungkonflikter, déi heirauser entsti géifen ouni staark sozial Géigemoossnamen déi geréng a mëttel Akommesbezéier am stäerksten treffen.

Grousst Potential vir Energie anzespuere gesäit d‘Regierung bei de Gebaier, hei virun allem de Wunnhaiser. Dës Aschätzung gëtt vun déi lénk gedeelt, mee et feelt u wierksamen Instrumenter, fir Wunnhaiser séier an héichwäerteg ze sanéieren. D‘Klimabank ass bis ewell wéineg iwwerraschend wierkungslos bliwwen, well se sech beim Prêt op Privatbanke stäipt. Mir hunn eng ganz aner Virstellung a wëllen ëffentlech Mëttel fir de Bau an d‘Sanéierung mobiliséieren. Dat géif et erméiglechen, déi schlecht isoléiert Wunnhaiser prioritär ze sanéieren, wat de Bewunner zerguttst géif kommen, déi sech deier Sanéierunge schlicht an ergräifend net leeschte kënnen.

Schliisslech soll och déi Lëtzebuerger Wirtschaft manner fossil Energie verbrauchen, dofir awer da méi staark vum Stroum ofhängeg ginn. Fir dat ze erméiglechen, an fir datt den Undeel un erneierbarem Stroum klamme kann, musse Prioritéite gesat ginn. D‘Elektrifizéierung vun der Mobilitéit soll an Zukunft de Verbrauch vum Stroum däitlech erhéijen a setzt steigend Investitiounen an d‘Produktioun- an Netzinfrastruktur viraus. Virun dësem Hannergrond mécht d‘Usiidlung vun engem grousse Google-Datenzenter iwwerhaapt kee Sënn. Dësen Datenzenter géif nämlech ab 2030 pro Stonn méi Stroum verbrauchen (260 Megawatt) wéi déi vu Lëtzebuerg maximal Capacitéit zur Stroumproduktioun pro Stonn am Joer 2017 (251 Megawatt).

Den Energie- a Klimaplang muss séier duerch konkret Ëmsetzungsschrëtt vervollstännegt ginn. Pläng ouni Folgen huet et an de leschte Jore genuch ginn. Op d‘Mobiliséierung vu Schüler zu Lëtzebuerg an europawäit muss d‘Regierung mat wiesentlech méi konkrete Moossnamen äntweren.

matgedeelt vun déi lénk, aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Related topics déi lénk, Energie- a Klimaplang, Klimabündnis, Klimaschutz, No Planet B
Next post Previous post