Search

You may also like

D’Piraten an d’Muffelen: Eng Debatt iwwert d’Juegd an d’Déiereschutzgesetz
Neiegkeeten

D’Piraten an d’Muffelen: Eng Debatt iwwert d’Juegd an d’Déiereschutzgesetz

D‘Pirate fuerderen eng breet an differenzéiert Debatt iwwert d‘Juegd an

Bicher an Netflix
Neiegkeeten

Bicher an Netflix

Mat der Zäit kann engem d’Liesen op de Geescht goen,

Stater Spideeler: Parallel Garden an der Urgence
Neiegkeeten

Stater Spideeler: Parallel Garden an der Urgence

Fir d’Waardezäite fir Patienten an der Urgence ze verkierzen hunn

Ee „kuh“riéisen Aktiounsdag: Zu Éiere vun der Kou

Ee „kuh“riéisen Aktiounsdag: Zu Éiere vun der Kou

Den Éierendag vun der Kou fënnt all Joer den 9. Juli statt. Weltwäit gëtt et iwwert eng Milliard vun ënnerschiddleche Ranner, d’Zuel vun de Rassen ass riseg. Dëse speziellen Aktiounsdag verdäitlecht déi wichteg Roll, déi d’Kéi an eisem deegleche Liewen hunn. Si stamen vun den Auerochsen of, déi zanter 1627 ausgestuerwen sinn.

A verschiddenen Regiounen, wéi beispillsweis Indien, hunn d’Kéi eng reliéis Bedeitung. Si sollen d’Symbol vun der Virsuerg an d’Mamm vun all Liewe sinn.Souwuel um spirituellen, wéi och um physeschen Niveau nieren d’Kéi net just Mënschen, mee souguer Planéiten a Gëtter.

Dës weideren bitt d’Rannerhaltung d’Basis vun enger milliardenschwéierer Industrie weltwäit. D’Mëllechproduktioun an ënnerschiddlech Verschaffungsprudukter vu Mëllech, wéi Kéis, Ram, Botter, Jughurt an nach aner Saachen stellen een wichtegen Deel vun der Grondernierungsversuergung duer. Eng däitsch Holsteinkou kann ongeféier 8.000 Mëllech pro Joer produzéieren.

Dës stattlech Déieren sinn mat ongeféier 5 Joer ausgewuess, si kënnen bis zu 20 Joer al ginn. D’Gréisst vun enger Kou ass ofhängeg vun hirer Rasse, normalerweis ginn se tëscht 1,25 Meter bis 1,50 Meter grouss, dobäi kënnen si tëscht 500 an 800 Kilo weien, e Stéier gëtt iwwer dausend Kilo schwéier. Si friessen deeglech ongeféier 50 bis 70 Kilo Fudder an drénken duerchschnëttlech 80 bis 100 Liter Waasser. Dat ass eng ganz Buedbidden voller Waasser.

Well si Planzefriesser sinn, steet ënnert anerem Gras, Hee oder Mais op hirer Menüskaart. Dës kënnen och mat Käre vermëscht ginn, fir datt si genuch Mineralstoffer a sech hunn fir gesond ze bleiwen.

Éierendag vun der Kou
© Ybag Media / Unsplash

Wousst Dir schonn?

  • Kéi sinn net déi séierst. An enger Stonn kënne si véier a Kilometer zeréckleeën.
  • D’Kou mécht net nëmmen „Muh“! Iwwerrascht? An England mécht se éischt „Moo“, bei de Fransousen heescht et „Meuh“ an e Spuenien ass et „Muuu“. Et gläicht sech schonn e bëssen, mee an Holland heescht et „Boeh“.
  • An Texas et ass et tatsächlech illegal, Graffiti op Kéi ze sprëtzen, déi engem net gehéieren. Ma, wien kéim dann op déi Iddi …
  • Kéi raschte gären. Si leeën sech 5 bis 10 mol den Dag hin a raschten gutt 12 Stonnen.
  • Kéi hunn Héichtenangscht. Si kommen d’Trapen erop, erof kommen si awer net méi vun eleng. Gutt, datt se nëmmen seelen a sou eng Situatioun kommen.

Dat geet op keng Kouhaut!

Kënnt Dir dat Spréchwuert? Den Ursprong dovunner kënnt aus dem Mëttelalter. Deemools hunn d’Mënschen nach gegleeft, datt den Däiwel hir Sënnen protokolléiert an op e Pergament schreift, dat aus der Haut vun Ranner hiergestallt gouf. Ma wann d’Sammlung vun de Sënnen ze grouss ginn ass, huet se op keng Kouhaut méi gepasst. Also: Behuelt Iech gutt!

Opmaacherbild: © Luke Thornton / Unsplash

Related topics Aktiounsdag, Auerochs, Dat passt op keng Kouhaut, Éierendag vun der Kou, Graffiti, Héichtenangscht, Indien, Mëllechprodukter, Muh, Ranner
Next post Previous post