Search

You may also like

Fräi Tribün: Schluss mat der Amëschung an der Aggressioun géint Venezuela
Neiegkeeten

Fräi Tribün: Schluss mat der Amëschung an der Aggressioun géint Venezuela

„Mir veruerteelen d‘Eskalatioun vun der Amëschung an dem Versuch vun

D‘UNO denoncéiert egyptesch Doudesuerteeler
Neiegkeeten

D‘UNO denoncéiert egyptesch Doudesuerteeler

Nodeems déi egyptesch Justiz am Appell 75 Doudesuerteeler bestätegt huet,

„Vaffanculo!“ Frankräich an Italien tausche Frëndlechkeeten aus
Neiegkeeten

„Vaffanculo!“ Frankräich an Italien tausche Frëndlechkeeten aus

Säit der Muechtergräifung duerch déi populistesch Koalitioun an Italien, läit

Éilerenger Schlakentipp: „Mir zerstéieren d’Natur, fir d’Natur ze erhalen“

Éilerenger Schlakentipp: „Mir zerstéieren d’Natur, fir d’Natur ze erhalen“

Wärend e Schlakentipp tëscht Éilereng an Esch-Uelzecht iwwert Jore brooch louch, hunn zuelräich Déieren- a Planzenaarten hei en neit Doheem fonnt. De Liewensraum, deen ouni d’Agräife vum Mënsch entstoe konnt, huet souguer seelen Aarten, wéi den Teichrohrsänger an de Flussregenpfeifer ugezunn. Ma, genee op dëser Plaz soll elo eng Industriezon entstoen.

Fir d’Flora an d’Fauna ze schützen, huet den Ëmweltministère an direkter Proximitéit zu dësem Terrain eng Steewüst opgebaut. D’Déiere sollen dobäi aus eegener Motivatioun a Richtung „Moundlandschaft“ plënneren, mee eng Garantie, datt genee dat och geschitt, gëtt et net.

An dësem Kader huet d’Lëtzebuerger Bauerenzentral en Dënschdeg op den Haff Feyder zu Éilereng invitéiert, fir déi onverhältnesméisseg Kompensatiounsmoossname vum Ëmweltministère ervirzehiewen. Natierlech géife si den Aarteschutz ënnerstëtzen, mee op enger Plaz d’Natur ze zerstéieren, fir d’Natur vun enger anerer Plaz ze schützen, an dann nach ze hoffen, datt d’Déiere vu sech aus déi vum-Mënsch-kreéiert Steewüst besidelen, versteet d’Bauerenzentral net wierklech.

Un der Rue Neuve wiere Weeden an Akerland, also fir Bauer nëtzlechen Terrain, esou zerstéiert ginn, datt an de kommende Joren kee Bauer eppes produzéiere kann. Dobäi ënnersträicht d’Bauerenzentral nach emol, datt d’Natur dem Mënsch seng Grondlag ass, fir Liewensmëttel ze erhalen.

Si weisen op dem Alexander Bernhuber, éisträicheschen EU-Parlamentarier an Agrar-Expert, seng Ausso hin, datt mir eng Selbstversuergung mat Liewensmëttel brauchen. „Et kann net sinn, datt mir de gréngste Kontinent ginn an eis Liewensmëttel anzwousch anescht produzéiere loossen.“

Éilereng
lénks uewen: Esou wéi dës Weed, géigeniwwer vum renaturéierten Deelstéck un der Rue Neuve zu Éilereng, huet och den Terrain nieft beim Schlakentipp ausgesinn – riets ënnen: Esou gesäit déi vum Mënsch-geschafe Steewüst elo aus © Bauerenzentral

Esou gëtt gefuerdert, datt dës Iwwerleeung an zukünfteg Renaturéierungsmoossnamen afléisse mussen. Fir dëse spezifesche Fall zu Éilereng kënnt wuel all Hëllef ze spéit. Si erwaarde vum Ressortminister een däitlech Bekenntnis fir déi national Landwirtschaft, an datt an Zukunft energesch géint esou Handlunge vun den Amtskolleegen ageschratt gëtt.

Opmaacherfoto: Androck vun der Pressekonferenz um Haff Feyder © Laurent Blum

Related topics Bauerenzentral, Centrale Paysane, Éilereng, Ëmsiidlung, Ëmweltministère, Flora a Fauna, Haff Feyder, Industriezon, Moundlandschaft, Naturschutz, Schlakentipp
Next post Previous post