Search

You may also like

Tierkei: Prozessoptakt géint prokurdesch HDP
International Kultur Neiegkeeten

Tierkei: Prozessoptakt géint prokurdesch HDP

Zu Ankara stinn zanter ee Méindeg 108 Mënsche viru Geriicht,

dislike
Stellt Madrid Katalounien nees ënner Momper?
International Kultur Neiegkeeten

Stellt Madrid Katalounien nees ënner Momper?

De spuenesche Regierungschef huet um Méindeg déi katalanesch Independantiste gewarnt,

„Mir hunn en Deal!“ – Trump beendegt Shutdown
International Kultur Neiegkeeten

„Mir hunn en Deal!“ – Trump beendegt Shutdown

No 35 Deeg Shutdown (Haushaltsspär) ass de Sträit – virleefeg

Einfach Andalusien: TÉCNICA këmmert sech ëm Är Grupperees!

Einfach Andalusien: TÉCNICA këmmert sech ëm Är Grupperees!

D’Organisatioun vun enger Grupperees fuerdert pragmatesch Fangerspëtzegefill an organisatoresch Talent. Mat Hëllef vun TÉCNICA, enger spuenescher Gesellschaft déi sech ëm moossgeschneidert Reese këmmert, gëtt Är nächst Vakanz vun Ufank un een entspaant an ereegnisräicht Erliefnis.

Ufank November duerfte mir eis  bei engem Workshop selwer dovun iwwerzeegen: Trëtt een dem President José Puebla entgéint, esou kritt ee mat immenser Sympathie a Frëndlechkeet d’Servicer bis an den Detail erkläert. Vum Transfert tëscht dem Fluchhafen an dem Hotel, dem Buche vun historeschen oder och modernen Hoteler, dem Arrangéiere vu fantasteschen Iessen oder och spannende Sightseeing-Touren gräift TÉCNICA der klenger, oder och méi grousser Grupp gären ënnert d’Ärem.

Direkt un der Costa del Sol, méi genau zu Málaga ass de Büro vum Grupp ze fannen. Wéi soll de Lëtzebuerger dann a Kontakt mam Service kommen? Majo ganz einfach iwwert hir Internetsäit. „Momentan wëlle mir virun allem d’Stad Sevilla ervirhiewen“, erkläert de José Puebla. Andalusien a generell Spuenien sinn nämlech fir hir politesch Sécherheet, modern Infrastrukturen a super Transportméiglechkeete bekannt. Dobäi kënnt, datt fir all Gréisst vu Portmonnie eppes Passendes ze fannen ass.

TÉCNICA

De José Puebla, President vun TÉCNICA Incentives © Martine de Lagardère

Wann d’Sonn de Süde motivéiert

Fir een ideale Service ze bidde besteet d’Ekipp aus heemesche Mataarbechter, déi hiert Land bis an den klengsten Detail kennen. Esou weisen si dem Tourist och emol déi verstoppt Plazen, déi net vu Leit iwwerlaf sinn, an trotzdeem duerch Geschicht, Ästhetik oder och d’Atmosphär iwwerzeegen.

„Eis Stäerkt ass no all Detail ze kucken, déi proposéiert Programmer ze personaliséieren an de Client wärend der ganzer Rees ze begleeden, wouduerch de Succès vun allen Evenementer, déi mir ubidden, ze garantéieren“, sou de President vun TÉCNICA weider. Et sollt een zudeem net fäerten sech bei Froen ze mellen: Informatioune sammelen kann ee schliisslech ëmmer!

Related topics Andalusien, Animatioun, Fluch, Grupperees, Hotel, Iessen, José Puebla, Málaga, Organisatioun, Sevilla, Sightseeing, Spuenien, TÉCNICA, Transport
Next post Previous post