Search

You may also like

D’Buergbrenne mat de Walfer Guiden a Scouten hat Succès
Neiegkeeten

D’Buergbrenne mat de Walfer Guiden a Scouten hat Succès

De Februar geet op Enn, a mir si „Legioun“ déi

Buchpresentatioun: D’Lëtzebuerger Versioun vum Albert Camus senger Pescht
Neiegkeeten

Buchpresentatioun: D’Lëtzebuerger Versioun vum Albert Camus senger Pescht

Dem Albert Camus säi Roman „D’Pescht“ weist eis, datt Mënschen

E Verbuet vu Plastiksverpackungen a Mikroplastik ass fir d’Carole Dieschbourg keen Tabu
Neiegkeeten

E Verbuet vu Plastiksverpackungen a Mikroplastik ass fir d’Carole Dieschbourg keen Tabu

Mat Verpackungen aus Plastik gëtt eis Ëmweltministesch, d’Carole Dieschbourg (déi

Eis Belsch Nopere maachen d‘Grenzen nees op

Eis Belsch Nopere maachen d‘Grenzen nees op

An engem Communiqué huet déi Belsch Regierung bestätegt, datt zanter dem Samschdegmueren 7.00 Auer d‘Grenzkontrolle mat Lëtzebuerg eppes erliichtert ginn. Et ass elo offiziell méiglech fir d‘Famill ze besichen oder Akafen ze goen. De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) deen als Stengeforter direkt un der Grenz wunnt, ass entspriechend begeeschtert.

Deen huet sengersäits an engem kuerze Communiqué drop higewisen, datt dëse Gest derzou bäidroe kann, eng „schwiereg Situatioun ze entschäerfen“ déi zu Spannungen am Grenzberäich gefouert hunn. Hie steet dann och weiderhin am enken Dialog mat de belschen Noperen, fir och déi nach bestoend restriktiv Moossname progressiv aus der Welt ze schafen, déi d‘Beweegungsfräiheet vun de Bierger béidersäits der Grenz staark beschränkt.

Fir deem ganzen eppes op d‘Spréng ze hëllefen, ass ee sougenannten „ad hoc Comité“ agesat ginn. Belsch a Lëtzebuerger Vertrieder sollen sech mat de Froe befaassen, fir et zu engem gemeinsamen Accord ze bréngen. Et sollt een hei allerdéngs nach Gedold matbréngen, well esou wéi si an der Belsch hiren Interessi un der Groussregioun an der Zesummenaarbecht ënner Beweis gestallt hunn, ass vill diplomatescht Fangerspëtzegefill erfuerderlech.

Illustratioun: © Louis Hansel / unsplash

Related topics Belsch, Coronavirus-Kris, Grenzen, Grenzkontrollen, Jean Asselborn, Reouverture
Next post Previous post