Search

You may also like

De Schraasseger Prisong ënner neier Direktioun
Neiegkeeten Sport

De Schraasseger Prisong ënner neier Direktioun

De Regierungsrot huet d‘Nominatioun vum Joke Van der Stricht, déi

Sensibiliséierungscampagne fir d‘5G-Reseauen
Neiegkeeten Sport

Sensibiliséierungscampagne fir d‘5G-Reseauen

Mat der Aféierung vun der 5G (esou déi geleefeg Bezeechnung

Trump jot FBI-Chef Comey bei der Däiwel
Neiegkeeten Sport

Trump jot FBI-Chef Comey bei der Däiwel

Den amerikanesche President suergt op ee neits fir gelleg Opreegung,

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: de fënneften Dag

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: de fënneften Dag

Um Freideg huet de gemëschten Doppel Molinaro/De Jong an der Véierelsfinall knapp mat 4-6, 6-3 an 10-12 géint de Schwäizer Doppel Sun/Wenger verluer.

D’Liichtathletin Lena Kieffer ass déi 1.500 Meter an enger Zäit vun 4:43.97 gelaf an huet domat déi 5. Platz am éischte Virlaf kritt. Gëschter huet déi jonk Sportlerin um 4.000 Meter Cross Country deelgeholl. Fir d’Gesamtwäertung ginn d’Zäite vum 1.500m a 4.000m zesumme gerechent.

Bei den Teamzäitcoursen konnt den Nicolas Kess an den Arthur Kluckers um Samschdeg eng super 2. Platz fir d’Team Lëtzebuerg sëcheren. D’Nina Berton an d’Laetitia Maus beenden hir Teamzäitcoursen mam Rang 18.

Sonndes stoung d’Stroosserenne mam Vëlo um Programm. Bei den Damme krut d’Laetitia Maus d’Platz 29. D’Nina Berton belegt no enger Chute kuerz virum Ziel d’Platz 33. Bi den Häre konnt sech den Arthur Kluckers no enger exzellenter Leeschtung déi zweet Platz sécheren. No enger Chute an der leschter Ronn konnt den Nicolas Kess nach d’Platz 35 kréien.

Am zweete Laf bei den 800m huet d’Fanny Arendt eng Zäit vun 2:13,64 ofgeluecht. Domat beleet hatt mat enger Gesamtzäit vun 4:29,94 an der Gesamtwäertung déi 13. Platz vun insgesamt 23. Participanten. Sieger vun der 800m Course ass d’Australierin Keely Small mat enger Gesamtzäit vun 4:10,44.

Related topics Arthur Kluckers, Buenos Aires, Lena Kieffer, Lëtzebuerger, Nicolas Kess, Olympesch Jugendspiller, Olympia, Sportler
Next post Previous post