Search

You may also like

Fleeg a Gesondheet: Lëtzebuerg kann net ouni auslännescht Personal
Neiegkeeten Sport

Fleeg a Gesondheet: Lëtzebuerg kann net ouni auslännescht Personal

Duerch de Bevëlkerungswuesstem muss an den nächste Joren och de

Pech, wann däi Gefier mat Diesel rullt (Kommentar)
Neiegkeeten Sport

Pech, wann däi Gefier mat Diesel rullt (Kommentar)

Zu Paräis huet de Präis un der Pompel fir den

Fräi Allianz: Wann d’Fäischt op de soziale Medien fléien (eng Analys)
Neiegkeeten Sport

Fräi Allianz: Wann d’Fäischt op de soziale Medien fléien (eng Analys)

Nodeems déi nei liberal ausgeriicht Partei mam Numm Fräi Allianz

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: de sechsten Dag

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: de sechsten Dag

Bei de 4.000m Cross Country huet d’Lena Kieffer mat enger Zäit vu 14:36 déi 37. Platz (52 insgesamt) beluecht. Gewonnen huet d’Sarah Chelangat aus Uganda (12:32). An der Gesamtwäertung vu béide Coursen (1.500m an 4.000m) séchert d’Lena sech déi 15. Platz.

Den Nicolas Kess an den Arthur Kluckers qualifizéiere sech alle béid fir d’Aachtelsfinall mam Mountain Bike (Cross Country). Eis Damme Laetitia Maus a Nina Berton stinn den Hären an näischt no a sécheren sech och hir Platz an der Achtelsfinall.

Hei gouf dunn a jeeweils a 4er Gruppe gestart, wou sech déi zwee éischt fir d’Véierelsfinall qualifizéiere konnten. Den Arthur Kluckers huet als eenzege vun de 4 Vëlosfuerer un der Véierelsfinall deelgeholl, wou et leider net fir d’Halleffinall duergaangen ass. An der Teamwäertung beleeën den Nicolas Kess an den Arthur Kluckers no 3 vu 5 Disziplinne weiderhin déi 2. Platz.

Haut ginn eis véier Vëlosfuerer vum Team Lëtzebuerg beim Mountain Bike (Cross Country – Short Circuit) un de Start. Et stinn jeeweils zwee Virleef mat uschléissenden Endleef fir Dammen an Hären um Programm.

Related topics Arthur Kluckers, Lena Kieffer, Nicolas Kess, Olympesch Jugendspiller, Olympia, Sportler
Next post Previous post