Search

You may also like

De Sébastien Genesca trëtt dem POST Grupp bäi
Neiegkeeten Sport

De Sébastien Genesca trëtt dem POST Grupp bäi

Ab dem 1. Mee 2021 wäert de Sébastien Genesca dem

Spuenien wëll Impfgéigner registréieren
Neiegkeeten Sport

Spuenien wëll Impfgéigner registréieren

Zanter iwwert de Covid19-Impfstoff rieds ass, an elo wou en

Indonesien: Monsun bréngt Staudamm zum iwwerlafen
Neiegkeeten Sport

Indonesien: Monsun bréngt Staudamm zum iwwerlafen

Déi onmoosseg Waassermassen déi de Monsun mat sech bruecht huet,

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: de véierten Dag

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: de véierten Dag

Um Donneschdeg sinn eis zwee Schwëmmer erëm bei den Olympesche Jugendspiller zu Buenos Aires un de Start gaangen.

D’Maria Perez-Garcia ass iwwer 50m Fräistil gesprint an huet eng nei perséinlech Beschtzäit erzielt. An 27,57 Sekonnen ass hatt zweet am Virlaf ginn. An der Gesamtwäertung bedeit dat de Rang 34 ënnert 53 Schwëmmer.

Fir de Bob Sauber ass d’Course iwwer 100m Fräistil leider net esou ronn gelaf. Op den éischte Meter huet hien direkt den Uschloss zur Spëtzt verluer an déi ganz éischt Bunn gebraucht, fir säi Rhythmus ze fannen. No 53,59 Sekonnen erreecht hien als Fënnefte vu sengem Virlaf d’Ziel. Iwwert déi duebel Distanz huet de jonke Sportler an 1:55,50 nach eng perséinlech Beschtzäit opgestallt.

Manner gutt ass et fir d’Europa 2 Grupp an der gemëschter Staffel am Triathlon verlaf. No enger gudder Leeschtung konnt d’Eva Daniëls (latz 4) op hiren Teamkomerod Andreas Carlsson aus Schwede wiesselen.

No enger Chute beim Velofuere misst den Andreas Carlsson d’Course opginn. Dat bedeit gläichzäiteg den Aus fir de Grupp (Daniëls – LUX / Carlsson -SWE / De Konnig -NED / Passemard -FRA).

Related topics Bob Sauber, Buenos Aires, Lëtzebuerg, Maria Perez Garcia, Olympesch Jugendspiller, Olympia, Schwammen, Sport, Triathlon
Next post Previous post