Search

You may also like

Optakt vum G20-Sommet a Japan
Meenung

Optakt vum G20-Sommet a Japan

De G20-Sommet zu Osaka steet am Liicht vu wuessende politesche

Eng Campagne am Zeeche vun de Mënscherechter
Meenung

Eng Campagne am Zeeche vun de Mënscherechter

Wéi all Joer mécht Amnesty International (AI) och 2017 erëm

Dës Pro-Cannabis Petitioun huet d’4.500-Ënnerschrëften-Hürd geknackt!
Meenung

Dës Pro-Cannabis Petitioun huet d’4.500-Ënnerschrëften-Hürd geknackt!

Hei zu Lëtzebuerg ginn zwar duerchaus vill Petitiounen agereecht, mee

Eis kleng Stied ze beliewen ass keng Klengegkeet

Eis kleng Stied ze beliewen ass keng Klengegkeet

Wolz huet an der Läscht e richtege Publicity-Problem. Duerch de sozio-ëkonomeschen Index, dee vum Statec publizéiert ginn ass, gouf bekannt, datt et di äermste Gemeng am Land ass. Sécherlech kann een iwwert d’Parameteren diskutéieren, mee Wolz ass symptomatesch vir vill Gemengen am Norden.

Wie beispillsweis duerch Klierf trëppelt, bemierkt all déi eidel stoend Geschäfter an Haiser. Deels erofkomme Fassaden sinn awer en Element, wat een och zu Wolz gesäit. D’Foussgängerzonen an Ettelbréck an Dikrech stinn och ënner Drock, hu se dach Problemer, fir d’Geschäfter bei sech ze halen.

Zu Wolz war et och d‘Verschwanne vun der Industrie, deen d’Stad esou richteg an d’Bredouille bruecht huet. Do rett och de kulturelle Programm keen. Op der Plus-Säit kann d’Ardennen-Haaptstad awer op mannst zwou Saache niewent der kultureller Offer opweisen: Als Héichschoul-Standuert ka sech d’Stad no a no etabléieren. An och den neie Wunnquartier am eemolegen Industriegebitt versprécht, d’Stad widder ze beliewen.

Well an engem Punkt huet Wolz e Virdeel: D‘Wunnengspräisser sinn, am Landesverglach, net all ze schlecht. An do muss een och den sozio-ëkonomeschen Index hannerfroen. Et geet net duer, Wolz mat Wieder wéi „wéi wann d‘Ardennenoffensiv nach am gaange wier“ ze beschreiwen, wéi dat RTL gemaach huet. D‘Fro déi sech stellt ass nu emol: Ginn finanziell manner staark Haushälter dohinner wunne, well et bëlleg ass, oder ass et bëlleg, well do sou vill finanziell manner staark Haushälter sinn?

Déi gréisser Fro, déi am Raum steet ass och déi: Wéi kënne mer eis kleng Stied widder beliewen? Lëtzebuerg steet, wann een sech West-Europa ukuckt, net eleng do. Kleng Stied ënner 10.000 Awunner hu Problemer, sech ze behaapten an attraktiv ze bleiwen. Dobäi kënnt, datt se ëmmer méi schnell wuessen. Wolz probéiert op mannst, e Konzept ze hunn, behaapten ech elo mol aus der Distanz. Ettelbréck probéiert och säit Joren e Wee ze fannen. Mee et ass eng komplex Fro, an net all Äntwert ass fir all Stad ass richteg.

Opmaacherfoto: Vum Johnny Chicago at lb.wikipedia – Eegent WierkTransferred from lb.wikipedia, GFDL, h

Related topics Dikrech, Ettelbréck, Wolz
Next post Previous post