Search

You may also like

Eng Tracing-App fir all Inder
Auto Neiegkeeten

Eng Tracing-App fir all Inder

Keen huet d‘Absicht engem eppes opzezwéngen, dofir huet d‘Regierung vill

Den Zar an de Sultan hunn d‘TurkStream-Pipeline ageweit
Auto Neiegkeeten

Den Zar an de Sultan hunn d‘TurkStream-Pipeline ageweit

An engem feierlechen Akt hunn de russeschen an tierkesche President

En Toast op d‘Gastronomie
Auto Neiegkeeten

En Toast op d‘Gastronomie

Wéinst der Pandemie, ausgeléist duerch de Sars-COV2 konnt d‘Lescht Joer

Vill midd?

Vill midd?

Datt eis Police et wierklech net ëmmer einfach huet, dat ass gewosst, mee zuweilen dierften och si sech iwwert gewësse „Fäll“ wonneren, déi wuel nach laang Gediechtnes bleiwen. Esou ee Fall ass dann och hënt ze notéiere gewiescht, wéi sech aus dem Policebericht enthuele léisst.

Et war kuerz no Mëtternuecht, wéi den opmierksame Beamten op Patrull am Kreesverkéier Gluck een am Ausland immatrikuléiert Gefier opgefall ass, dat einfach esou do gestanen ass… woubäi „gestanen“ trëfft net ganz zou, firwat d‘Polizisten emol léiwer nogekuckt hunn. An tatsächlech, am Auto war de Chauffer hannert dem Steierrad zolidd agepennt.

Nodeems de Mann aus sengen Dreem gerappt gouf, sollt hien d‘Pabeiere virweisen. Därer déi gülteg waren, hat de Mann leider net derbäi, an de Grond fir d‘Middegkeet konnt ee „richen“. Hien huet sech engem Otemtest missen ënnerzéien, dee – dir hutt et eraant – positiv ausgefall ass. Domadder net genuch, de Personnage hat och soss wéineg Pabeier derbäi…

Déi benéidegt Ausweisdokumenter fir en Openthalt hei zu Lëtzebuerg huet de Mann net kënne virleeën, firwat dann och d‘Friemepolice informéiert an dat Ganzt zu Protokoll geholl gouf. Wéinst dem Alkohol ass dann ee Fuerverbuet géint de Mann ausgeschwat ginn, an d‘Gefier gouf esou och emol immobiliséiert…

Illustratioun: Et huet vill Plaze wou et sech gemitterlech apenne léisst, de Kreesverkéier Gluck generell, an de Sëtz vum Chauffer souwisou, ass därer Plaze keng. © Samuel Foster / unsplash

Related topics Alkoholkontroll, Kreesverkéier Gluck, Police, Policebericht, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post