Search

You may also like

Den Daniel Nickels als neie stellvertriedenden Direkter vum CTIE
Meenung Neiegkeeten

Den Daniel Nickels als neie stellvertriedenden Direkter vum CTIE

An der Sitzung vum 8. Mäerz huet de Regierungsrot den

Sozialplang bei der SES
Meenung Neiegkeeten

Sozialplang bei der SES

D‘Annonce vum Sozialplang bei der SES Enn Mee war schwéiere

HAÏTI – Eng Ausstellung an der Belle Etoile
Meenung Neiegkeeten

HAÏTI – Eng Ausstellung an der Belle Etoile

Am Kader vum 15 järege Bestoe vun der Asbl Action

Eis Regierung mussen d‘USA net oflauschteren (Kommentar)

Dat huet fréier de SREL fir déi befrënnt Geheimdéngschter esou matgemaach, hautdesdaags ginn déi wichteg Dokumenter direkt un d‘Ambassade iwwermëttelt

Eis Regierung mussen d‘USA net oflauschteren (Kommentar)

Nodeems et eigentlech deem Dommste misst bewosst sinn, dat een deem aneren säin Däiwel ass an et a Politik wéi bei Geldgeschäfter ni ëm Frëndschaft, mee jo eenzeg an eleng ëm den eegene Profit geet an esou déi eegen Interessen ëmmer iwwerweien, ass et wuel normal datt ee sech géigesäiteg op d‘Fangere kuckt. Datt d‘Dänen aus Grënn nach méi enk mat den Amerikaner kooperéieren, wéi eis Land, huet awer vill mam Accès zu den Telekommunikatiounsleitungen am Atlantik ze dinn.

D‘Kolleege vum L‘Essentiel hunn dann awer emol am Staatsministère nogefrot, op eis Ministeren an/oder der Regierungschef och vun der USA ofgelauschtert goufen. Dat gëtt – esou nach ëmmer d‘Informatioun aus der Redaktioun vum L‘Essentiel – ganz kloer zeréckgewisen. Fir de Schutz vu Kommunikatiounsmëttel, si jo d‘Experte vum CTIE zoustänneg. Dës Experte stelle kloer, datt eis Regierungsmemberen op sougenannt Messenger-Déngschter verzichte mussen, well een do keng Kontroll iwwert de Prozess huet, oder sech d‘Konditioune stänneg änneren. Maachen se dat dann?

Eng gutt Fro, wou jo gewosst ass, datt eise Premierminister zënter Mëtt Abrëll op TikTok ee Kont huet. Datt TikTok „chinesesch“ ass a vum Joe Biden sengem Virgänger als verlängerten Aarm vum kommunistesche Regime duer gestallt gouf, firwat dës Aktivitéite sollten an den USA ënnerbonne ginn. Dat ass wuel net geschitt, an awer… Gutt iwwer dëse Kanal gëtt net déi Kommunikatioun ausgetosch, déi fir Geheimdéngschter vun Interessi ass, mee et ass eppes wéi eng Hannerdier an déi sollt et net ginn. An iwwerhaapt, wat hu mir eise Partner ze verstoppen? Näischt, also ass alles gutt.

Illustratioun: © Tobias Tullius / unsplash

Next post Previous post