Search

You may also like

Porte Ouverte BnL: 14.000 Visiteuren si kucke komm
Neiegkeeten

Porte Ouverte BnL: 14.000 Visiteuren si kucke komm

De Start vun der neier Nationalbibliothéik (BnL) hätt net kënne

#VakanzDoheem – Faszinatioun Kallektuffquell am Mëllerdall
Neiegkeeten

#VakanzDoheem – Faszinatioun Kallektuffquell am Mëllerdall

Mir hate gëschter e lëschtege Familljendag – mä wat soll een an

The Ouroboros – Ausstellung am Casino Lëtzebuerg
Neiegkeeten

The Ouroboros – Ausstellung am Casino Lëtzebuerg

Den Austauschprogramm 2018/2019 tëscht Taiwan a Lëtzebuerg geet a seng

E Mouvement an der Belsch bedreet eis Spritreserven

E Mouvement an der Belsch bedreet eis Spritreserven

De Mouvement „gilets jaunes“ am Frankräich, deen entstanen ass nodeems d‘Taxen op Bensin an Diesel gehéicht gi sinn, huet och Sympathien an der Belsch fonnt. Problemer déi, esou sollt ee mengen, eis kaum oder séier wéineg eppes uginn. Gutt d‘Suerge vun eise „Noperen“ deele mir net, mee de Mouvement huet och Repercussiounen op den Approvisionnement vu Lëtzebuerg.

Fir ze verstoen, firwat de Mouvement vun de giele Gileten och Konsequenze fir eist Ländchen huet, muss ee wëssen, datt Lëtzebuerg iwwer Spritreserve fir 45 Deeg verfüügt. Also eigentlech nëmme fir 8 Deeg, well de Gros vun de Reserve gëtt bei eise belschen Nopere gelagert. Op Standuerter am Ëmkrees vun 200 Kilometer sinn eis Spritreserve verstreet. A wichteg: nach gëtt et keng Kris.

Am Wirtschaftsministère maachen sech d‘Beamten allerdéngs scho Suergen. Dat läit dorunner, dat d‘Importateure beim Ministère eng Autorisatioun ugefrot hunn, fir am „Lëtzebuerger Stock“ – deen hält nëmmen 8 Deeg – Sprit ofzezapen. Woubäi et hei ëm eng „Demande“ geet, bis ewell kommen d‘Liwwerungen nach un, mee bei enger Zounam vum Mouvement, kann et sech séier änneren.

Keng Panik

Datt deem esou ass, an et och un d‘Ëffentlechkeet gelaangt ass, dierf een op déi parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierten, Mars di Bartolomeo, zréckféieren. Den Diddelenger wollt vum Wirtschaftsminister, Etienne Schneider (LSAP), wëssen, wéi et ëm eis Reserve bestallt ass, an op do eng reell Bedreeung besteet. Ëmmerhi ginn zu Lëtzebuerg all Dag Dausende Liter verkaf…

Elo muss ee wëssen, datt et um Donneschdeg op e Puer Plazen zu Enkpäss komm ass. Besonnesch de Süde vum Land war heivunner betraff. De Grond dofir: de belsche Mouvement vun de giele Gileten, déi d‘Lager vu Charleroi a Léck blockéiert hunn. Dës Standuerter sinn d‘Haaptquelle fir den Approvisionnement vun den Importateuren, an hei schéngt et zolidd ze klemmen.

De Wirtschaftsminister Etienne Schneider, huet a senger Äntwert drop higewisen, datt hien déi Belsch Autoritéiten opgefuerdert huet, déi noutwenneg Moossnamen ze ergräifen, fir d‘Situatioun ze klären. Et soll och scho Gespréicher ginn hunn, bei deenen eis Nopere verséchert hätten, datt déi Moossnamen déi néideg si geholl ginn, fir den Accès zu de Standuerter sécherzestellen.

Related topics Belsch, Bensin, Diesel, Etienne Schneider, giel Gileten, gilets jaunes, Spritreserven
Next post Previous post