Search

You may also like

Den Nationale Literaturconcours 2022 sammelt Geschichten
Meenung Money Neiegkeeten

Den Nationale Literaturconcours 2022 sammelt Geschichten

Déi 43. Editioun vum alljärleche nationale Literaturconcours fënnt am Joer

Bare Brewing „Hierscht-Geescht“ – Dem Renert säi Léifsten!
Meenung Money Neiegkeeten

Bare Brewing „Hierscht-Geescht“ – Dem Renert säi Léifsten!

„Gudde Béier mécht gutt Mënschen“, ass méi wéi just ee

Géint den Antisemitismus
Meenung Money Neiegkeeten

Géint den Antisemitismus

Um jiddesche Kierfecht zu Westhoffen (Elsass) hu Faschisten eng honnert

money

Oppene Bréif: Fir eng nohalteg Ofsécherung vun eise staatleche Fongen

Oppene Bréif: Fir eng nohalteg Ofsécherung vun eise staatleche Fongen

Mat der Ënnerzeechnung vum Paräisser Klimaofkommes (Dezember 2015), hunn d‘Vertragslänner och dem Artikel 2.1.C zougestëmmt, deen ee klimafrëndlechen Zuelungsverkéier fuerdert:

„Rendant les flux financiers compatibles avec un profil d’évolution vers un développement à faible émission de gaz à effet de serre et résilient aux changements climatiques“

De Lëtzebuerger Pensiounsfong (FDC) wennt zanter 2011 nieft sozialen och Ëmweltkritären un, fir eng méi nohalteg Investitiounspolitik ze verfollegen. 2017 goufe d‘Beméiunge vum Pensiounsfong am Beräich Nohaltegkeet weider intensivéiert. Investitiounen an déi derhannert stoend Entreprisen an Industrie ginn zanterhier hisiichtlech der Vereenbarkeet mat de Paräisser Bestëmmunge gepréift.

Mir begréissen d‘Beméiunge vum Pensiounsfong fir méi Transparenz, z.B. a Form vun engem rezent verëffentlechten Nohaltegkeetsbericht. Trotzdeem mëssbëllege mir, datt de Pensiounsfong weiderhin a Konzerner investéiert, déi fossil Brennstoffer fërderen. Doduerch kann de Fong sengem eegenen Usproch vun der Nohaltegkeet net gerecht ginn.

E Verglach mat der „Global Coal Exit List“ (CGEL) weist, datt d‘Investitioune vum Pensiounsfong am Joer 2019 a grouss Kuelkonzerner geklommen ass. Ausserdeem huet de Pensiounsfong seng Investitiounen a sougenannt „Carbon Majors“ erhéicht, also Entreprisen, déi zu den 100 aktiivsten Hiersteller vu fossille Brennstoffer gehéieren. (bsp. Exxon Mobil, Shell, BHP Biliton a Gazprom)

Den Nohaltegkeetsbericht weist ausserdeem,. Datt d‘Investitioune vum Fong aktuell net konform am 1,5°C Zil sinn, déi sech d‘Regierung zum Zil gesat huet, mee datt se haut engem 2°C – 3°C Zeenario entspriechen. Esou ginn trotz dem Selektiounsverfaren, wéi dem anhale vun ESG-Kritären (Environnement, Soziales, Gouvernance), och weiderhin Entreprisen/Konzerner zeréckbehalen, déi hiert Geld mat ëmweltschiedleche Produkter oder Déngschtleeschtunge verdéngen.

Dat laangfristegt Zil vum Paräisser Ofkommes ass et, déi global Erwiermung op wäit ënner 2°C iwwert dem virindustriellen Niveau ze begrenzen an doriwwer eraus méi Ustrengungen ze leeschten, fir eng Erhéijung vu méi wéi 1,5°C an esou wäitreechend Konsequenzen, fir Mënschen, Déieren an Natur ze verhënneren.

Mam nationalen Energie- a Klimaplang 2021-2030 esou wéi och dem kierzlech an der Chamber gestëmmte Klimaschutzgesetz huet sech Lëtzebuerg derzou verflicht, bis 2030 d‘Zile vu -55% Reduktioun vun den Zäregasemissiounen an d‘Klimaneutralitéit bis 2050 ze erreechen, wat dem 1,5°C Zil entsprécht. Duerch dëst Klimaschutzgesetz gouf d‘Notzung vun Atomenergie zum erreeche vun de Klimaziler explizitt ausgeschloss.

Fir eis ass et eng Fro vun der politescher Koherenz, datt de Staat de Klima- an Ëmweltschutz an alle Beräicher eescht hëlt an all Hiewel, déi him zur Verfügung stinn a Beweegung setzt, fir d‘Klimaziler duerch eng gerecht Energiewenn ze erreechen. D‘ausleeë vu den zwee Fonge widdersprécht awer dem Klimaschutzkurs vun der Regierung (PNEC, Rifkin-Bericht, ass.).

D‘Erausfuerderungen am Kampf géint de Klimawandel an déi global Äerderwiermung si villfälteg. Investitiounen a Richtung Klimaschutz ze lenken, ass eng vergläichsweis einfach a bëlleg Mesure, fir déi uviséiert Klimaziler ze erreechen.

Falsch a fuerlässeg ass et awer, besonnesch déi jonk Generatioune gleewen ze loossen, datt si 40 Joer laang duerch d‘Kotiséieren an de Pensiounsfong zur Ofsécherung vun hirer Zukunft bäidroen, wärend eben dëse Fong hir Zukunft duerch klimaschiedlech Investitiounen zerstéiert. Dat gëllt och fir de Zukunftsfong (FSIL), deem säin Zil et ass, Récklage fir déi kommend Generatiounen opzebauen. D‘JDL, JSL an déi jonk gréng fuerderen d‘Regierung aus dësem Grond zur Ëmsetzung vu konkrete Moossnamen op:

  • D‘Investitioune vun de Fongen an Aklang mat den ambitionéierte Klimaziler, déi d‘Regierung an d‘Chamber zesumme beschloss hunn, ze bréngen. Dat bedeit, datt d‘Investitioune vum Pensiounsfong an dem Zukunftsfong an Aklang mat den Ziler vum Paräisser Ofkommes stinn an altiv zu enger Begrenzung vun der Äerderwiermung op maximal 1,5°C bedroe mussen. Esou kënne béid staatlech Fonge Virbiller fir déi ganz lëtzebuergesch Finanzplaz ginn;
  • d‘Beendege vun Investitiounen an Entreprisen, déi an der „Global Coal Exit List“ opgefouert ginn. Fir dat ze erméiglechen, sollt, falls noutwenneg, de entspriechende gesetzleche Kader zäitno ugepasst ginn:
  • den Ausstig aus alle „Carbon Majors“ bannent den nächsten dräi Joer virbereeden an ëmsetzen. Sënnvoll wier et och d‘Investitiounen an déi konventionell Atomenergie ofzebauen, well déi am Géigesaz zu erneierbaren Energien ëmmer méi deier gëtt an duerch hir radioaktiv Niewen- an Endprodukter laangfristeg esouwuel finanziell wéi och Ëmweltrisiken a -Folge fir déi kommend Generatioune mat sech féiert;
  • d‘Weiderentwécklung vun Ausschlusskritäre vun de Fonge fir sozial Kritären (verzicht op Kanneraarbecht, Korruptiounspreventioun, anhale vu Mënscherechter, asw.) verstäerkt Rechnung ze droen an sech dobäi un den 10 Prinzipie vum „UN Global Compacts“ orientéieren;
  • d‘Ariichte vun engem Deelfong, deen ausschliisslech a Finanzproduiten investéiert, déi am Aklang mat dem EU-Klassifizéierungssystem fir nohalteg Investitiounen (Taxonomie) sinn. Dat géif et dem Fong erlaben, d‘Klimatransitioun aktiv ze fërderen. Dësen Deelfong sollt mëttelfristeg 10% vum gesamten Investitiounsvolummen ausmaachen;
  • bannent dem Pensiounsfong an dem Zukunftsfong déi néideg personell a finanziell Ressourcen zur Verfügung ze stellen, fir dtt déi uewe genannten Ziler a Strategien ëmgesat kënne ginn.

Matgedeelt vun: fir JDL: Jeffrey Drui; fir d‘JSL: Amir Vesali; fir déi jonk gréng: Fabricio Costa – fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Laure Schlesser – D‘Meenung vun de Parteie sinn hir eegen.

Illustratioun: © Mathieu Stern / unsplash

Related topics JDL, jonk gréng, JSL, Klimaofkommes, Klimaschutz, Klimawandel, Pensiounsfong, Zukunftsfong
Next post Previous post