Search

You may also like

Alles hannert Fola (Carte Blanche)
International Neiegkeeten

Alles hannert Fola (Carte Blanche)

Haut den Owend um 19:30 Auer spillt Fola den éischte

Éisträich mécht déi radikal Moscheeën zou
International Neiegkeeten

Éisträich mécht déi radikal Moscheeën zou

An der Pressekonferenz vum Justiz- an Inneministère zu Wien, hunn

Wouhinner mat de Migranten aus dem Mëttelmier?
International Neiegkeeten

Wouhinner mat de Migranten aus dem Mëttelmier?

Zwee Schëffer vun Hëllefsorganisatiounen hu ronn 500 Migranten aus dem

Holland & Malta: Éischt Aschränkunge maachen d‘Ronn

Holland & Malta: Éischt Aschränkunge maachen d‘Ronn

Ganzer véierzéng Deeg haten d‘Hollänner Zäit eppes Fräiheeten ze genéissen. Zanter gëschter um Mëtternuecht ass awer schonn nees Schluss mat Lëschteg. Wéinst de rapid klammenden Zuele bei den Neiinfektiounen, huet d‘Regierung nees misse Moossnamen ergräifen.

Betraff ass vun dëse Moossname virun allem d‘Nuetsliewen. Clibb an Diskothéike musse ganz zou maachen. Op der Internetsäit vun der Regierung gëtt erkläert, datt déi meeschte Cluster op Partyen a Feieren an de Clibb zeréckzeféieren ass. D‘Regierung deelt mat, datt si keng aner Wiel huet, wéi dëser Entwécklung entgéintzewierken. D‘Aschränkunge gëlle viraussiichtlech bis den 13. August.

Fir d‘Gastronomie gëtt et nees eng Spärstonn. Restauranten a Bistroe mussen tëscht Mëtternuecht a Moies 6 Auer hire Dieren zouhalen. De Mindestofstand tëscht den Dëscher an de Sëtzplaze vun de Cliente muss mindestens 1,50 Meter bedroen. Live-Events si bis op weideres net erlaabt. Kulturell an/oder sportlech Veranstaltungen dierfen ouni Sëtzplazen a Mindestofstand net ofgehale ginn.

Ee vun den Haaptgrënn fir dës Decisioun, ass d‘Opkomme vum Variant-Delta, deen an Holland – wéi a wäiten Deeler vun der Unioun d‘Iwwerhand geholl huet – ëm sech gräift. Dës Covid19-Mutatioun, esou déi hollännesch Regierung, géif den Infektiounsrisk exponentiell erhéijen. Et hätt Infektioune bei Mënsche ginn, déi eigentlech de vollen Impfschutz hunn. Dat wier bedenklech.

An Holland si 40% vun de Residente vollstänneg geimpft, zweedrëttel hätte mindestens eng Dosis erhalen. Fir de Premierminister Mark Rutte ass et wichteg, dëser Reprise vun den Neiinfektioune séier an Effizient ze begéinen. Et wier jo elo och net de richtegen Zäitpunkt, nees vun anere Länner als Risikogebitt agestuuft ze ginn. Dat hätt direkt Auswierkungen op den Tourismus a Reesverkéier.

Bis Ufank Juli haten sech d‘Neiinfektiounen ënnert engem Seuil vun 1.000 gehalen. De leschte Freideg gouf un der 7.000er Mark gekraazt. D‘Inzidenz, berechent op siwen Deeg läit aktuell bei 129.

Malta nëmmen nach mat Impfpass

Och déi maltesesch Regierung huet no enger däitlecher Zounam vun den Neiinfektiounen nees eng Rei Mesure agefouert. Déi wichtegst: et gëlle verschäerften Areesbestëmmungen. Ab dem nächste Mëttwoch 14. Juli kann een d‘Insel nëmmen nach mat engem Impfpass betrieden. Dat huet de maltesesche Gesondheetsminister Chris Fearne ee Freideg an enger Pressekonferenz deklaréiert.

D‘Kanner brauchen, onofhängeg vun hirem Alter, en negative PCR-Test. Fir Erwuessener muss et den Nowäis vun der vollstänneger Impfung sinn. Den EU-Impfzertifikat ass gülteg, mee e PCR-Test geet net méi duer. Domadder ass Malta dat éischt Memberland datt eng Impfung zur Viraussetzung fir eng Arees mécht.

mat indymedia/ams/mla

Illustratioun: Dat war eng kuerz Paus… © Mick Haupt /unsplash

Related topics Aschränkungen, Covid19, Holland, Malta, Neiinfektiounen, Spärstonn, Variant-Delta
Next post Previous post