Search

You may also like

Suizid – Nach ëmmer en Tabuthema
International Neiegkeeten Sport

Suizid – Nach ëmmer en Tabuthema

Suizid ass leider een Thema, wat seele vun de Medien

China Entzitt der BBC d‘Sendelizenz
International Neiegkeeten Sport

China Entzitt der BBC d‘Sendelizenz

Peking ass der Usiicht datt de Sender BBC World News

JADO: Kreativ Lëtzebuerger Kaddoen mat engem Klick!
International Neiegkeeten Sport

JADO: Kreativ Lëtzebuerger Kaddoen mat engem Klick!

Sponsored Story – Wa sech kreativ Käpp aus Lëtzebuerger Entreprisen

Tokio2020: Éischt Covid19-Infektiounen

Tokio2020: Éischt Covid19-Infektiounen

Den internationalen olympesche Comité (IOC) huet säi Wëllen duerchgesat kritt, firwat déi XXIX. Spiller mat engem Joer Verspéidung awer nach a Japan stattfanne kënnen. D‘Regierung kann sech net amëschen, d‘Spiller ofsoe géif zu Strofen am zweestellege Milliardeberäich féieren. Et ass jo alles sécher, wann elo och net zu 100%, wéi den IOC selwer zougesteet.

E Freideg 23. Juli ass d‘Ouverture, a schonn huet déi éischt Infektiounsfäll am olympeschen Duerf. Natierlech mécht den IOC datselwecht wéi déi méi allgemeng Politik, an hält alles un Informatioun zeréck, wat sech verstoppe léisst. Nëmmen dat wat Journaliste scho konnten Noweisen ass ee bereet ze „relativiséieren“. Mindestens zwee Athleten an ee Fonctionnaire solle Covid19-Positiv sinn.

Gutt, wa gewosst ass, datt Tokio u sech schonn ee Covid19-Noutstandsgebitt ass, ass et net weider schlëmm, a souwisou huet de japaneschen olympesche Comité JOC alles am Grëff. Dëse behaapt – vu sech selwer ganz iwwerzeegt – datt weder d‘Sportler nach d‘IOC-Fonctionnaire mat Mënschen ausserhalb dem olympeschen Duerf an/oder de Stadien a Kontakt gerode kënnen. Alles ass sécher.

Ob et duer geet sech op „Sécherheet“ ze beruffe just wëll een de Public ausgeschloss huet, an een de Sportler all Kontakt mat der Baussewelt verbitt? Fir de Spriecher vun Tokio2020, Masa Takaya ass de Virfall wuel eng schlecht Reklamm, awer bestëmmt kee Grond sech Gedanken ze maachen. Hie confirméiert datt d‘Athleten op hiren Zëmmere sinn, a mat kengem Mënsch Kontakt hunn.

Si hunn sech ze erkenne ginn

Well sech déi südafrikanesch Fussballsekipp zu Wuert gemellt huet, ass dann awer gewosst, datt et sech bei den Athleten ëm zwee Spiller handelt. Et wier och ee Video-Analyst betraff. Eppes méi spéit huet sech den IOC en Häerz gefaasst, an agestanen, datt bannent dem Organisatiounscomité siwe weider Infektiounsfäll ze notéiere sinn. Fënnef Fonctionnaire an ee Journalist. Dozou de Ryu Seung-min, den Dëschtennis-Olympiagewënner vun 2004, dee bei der Arrivée positiv war.

Alleguerten déi infizéiert sinn am extra dofir ageriichten Isolatiounsgebai ënnerbruecht, bestätegt de Spriecher. Hie statuéiert: „Den IOC ass erliichtert, datt all d‘Prozedure befollegt goufen an esou d‘Erkrankung opgefall ass“. Dat alles kléngt zimmlech bosseg, mee Tokio2020 huet nach eppes méi drop wéi just de Risk sech mam Coronavirus ze infizéieren… Déi atomverseuchte Prefektur Fukushima ass jo ausgewielt ginn, fir verschidde Kompetitiounen auszedroen. Och dat wier sécher.

Eng gewoten Aktioun

Surfen ass bei dëse Spiller fir déi éischte Kéier mat am Programm, an dës Kompetitioun gëtt eng 40 Kilometer vum zerstéierten Atomkraaftwierk ausgedroen. Fir der Welt ze weisen, datt dat alles seng Richtegkeet huet, gouf déi 17. järeg Surferin Kana Nakashio – si huet duerch den Tsunami hiert Doheem nërdlech vu Fukushima verluer – virgeschéckt. Dës jonk Damm huet dann och e Message.

Jorelaang hätt et bedenke gehat an d‘Waasser ze goen, mee elo bedeelegt et sech un engem groussen nationale Concours an erkläert: „Wa mir Surfer net an d‘Waasser ginn, maachen et anerer och net. D‘Mënsche musse wëssen datt et sécher ass“. Mee ob deem esou ass, just wëll eng jonk Athletin dat behaapt? Jo seet de Chef vun der Verwaltung fir den Neiopbau, Shuji Okada. Ass de Beamten elo méi glafwierdeg wéi déi jonk Surferin? Besser wier eng onofhängeg Quell, an déi gëtt et och.

De President vum Fukushima-Surfclub, Yuki Igari, huet allerdéngs eng divergent Meenung an stellt fest: „Och wann si soen datt alles sécher ass, kee Mënsch gleeft eis dat. Eis Renommée ass mam Kraaftwierk bei der Däiwel gefuer. Dorunner änneren déi permanent op iwwer 100 Plaze getätegt Kontrollen näischt“. D‘Stralebelaaschtung ass weider vill ze héich fir an der Prefektur ze liewen.

mat indymedia/tyo/fuk

Illustratioun: © Ryunosuke Kikuno / unsplash

Related topics Covid19, Etat de Kris, IOC, Japan, Noutstand, Olympesch Spiller, Tokio2020
Next post Previous post