Search

You may also like

E Krimi schreiwen? Kee Problem!
International Money

E Krimi schreiwen? Kee Problem!

Hutt Dir keng Loscht op e Buch oder e Film?

Alters- a Fleegeheemer: Visitte sollen aluedend an agreabel sinn
International Money

Alters- a Fleegeheemer: Visitte sollen aluedend an agreabel sinn

Vum Deconfinement kënne mëttlerweil och d’Bewunner vun Alters- a Fleegeheemer,

Ouschterméindeg: Ännerunge beim Service Hygiène
International Money

Ouschterméindeg: Ännerunge beim Service Hygiène

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt um Ouschterméindeg, den 13. Abrëll

money

An der éischter Klass op Ashgabat

An der éischter Klass op Ashgabat

Dat se bei der Cargolux hiren Optrag, Wuere sécher a propper dohinner ze fléie wou si hi sollen, eescht huelen, dat ass gewosst a vill Entreprisen op der Welt vertrauen hinnen aus deem Grond hir Fracht un. Manner gewosst, wuel well et net esou heefeg virkënnt: d‘Cargolux flitt och Déiere sécher op hir Destinatioun.

Päerd, déi vun der Zort déi richteg Geld kaschten, huet déi lëtzebuergesch Frachtfluchgesellschaft Mëtt September, an Zesummenaarbecht mat Peden Bloodstock, op Ashgabat am Turkmenistan geflunn. Peden Bloodstock huet sech seng Renommée als „charterer“ haart erkämpft a bestinn op en éischtklassege Service. Bei liewegen Déieren a grad bei Päerd brauch et Vertrauen a Sécherheet.

De Choix mat der Cargolux ze fléie kënnt deemno net vun ongeféier. D‘Päerd hunn zu Ashgabat un den asiateschen „Indoor & Martial Arts“ Spiller 2017 deelgeholl. Dës Spiller, déi vum asiateschen olympesche Comité (OCA) 2010 un den Turkmenistan vergi goufen, huet 6.000 Athleten an Offizieller vu 65 Teame begréisst. D‘Sprangreiden ass iwwregens schonn zanter 1900, also de Spiller vu Paräis, olympesch.

En Aller-Retour

Nodeems d‘Competitiounen zu Ashgabat de 27. September ofgeschloss waren, hunn d‘Päerd natierlech och nees mussen zréck. D‘Zesummenaarbecht tëscht Peden Bloodstock an der Cargolux ass eng gutt, also huet eis Frachtfluchgesellschaft och de Retour éischtklasseg gemaach.

Beim ganzen Transport dierf een dann och net den „handling agent“, also d‘Firma déi sech ëm d‘beluede vum Fliger këmmert vergiessen. Hei verléisst sech d‘Cargolux schonn zanter enger Éiwegkeet op de Partner „LuxairCargo“. Déi erfueren Equipe benotzt eege fir den Transport vu Päerd konzipéiert Container. Esou ass d‘Sécherheet zu all Moment garantéiert an d‘VIP op véier Been kréien de beschte Komfort deen ze bidden ass.

Heibäi handelt et sech ëm déi sougenannten „HMC Horse Stalls“. Eng sonner Ufäerdegung, déi net nëmmen duerch hiren duebele Buedem méi Stabilitéit bitt, mee och de Päerd e besseren Halt garantéiert. Doduerch reduzéiert sech de Stress, deem d‘Päerd verständlecherweis bei esou enger Rees ausgesat sinn.

Einfach nëmme Professionell

Déi lëtzebuergesch Frachtfluchgesellschaft ass dann och kloer eng vun de „Groussen“ Airlines wann et ëm den Transport vu Päerd geet. Eng eegen Equippe vun Experten, déi all Päerd mat gréisster Verantwortung a Respekt behandelt, ass dann och en däitlecht Zeeche vu Professionalitéit.

Als Member vun der ATA (Animal Transport Association), déi sécherstellt, datt jiddereen dee mat den Déieren ze dinn huet och entspriechend qualifizéiert ass, dierf een iwwerzeegt sinn, datt bei der Cargolux Verantwortung keen eidelt Verspriechen ass. Säit iwwer 45 Joer ass d‘Cargolux am Geschäft a kann esou op eng Erfarung zréckgräifen déi Konkurrenten och mat groussem Opwand net kënne virleeën.

Zudeem läit et an der Firmen-DNA déi héchsten international Standarde beim Déiereschutz anzehalen an en A drop ze hunn, datt d‘Partner deenen och entspriechen. Duerch d‘Benotze vun den héichwäertegen HMC Päerdsställ setzt d‘Cargolux en Akzent, an ënnermauert mat Recht firwat se am Frachtsegment déi féierend Roll um Weltmaart als Usproch huet.

mam Moa Sigurdardottir

Foto: D‘Päerd si sécher am HMC Päerdsstall ënnerbruecht. Esou eng „éischt Klass“ an der 747-8F hunn se sech dann och verdéngt. D‘Wuel vum Déier a seng Sécherheet sti bei der Cargolux op éischter Stell. Vu Lëtzebuerg op Ashgabat a nees zréck, eng Rees déi wéi am Fluch vergaangen ass. © Cargolux Airlines Intl.

Related topics Ashgabat, Cargolux, Luxair, Peden Bloodstock, Turkmenistan
Next post Previous post