Den éischte Faitrade Pyjama: Op Besuch am Atelier Eva Ferranti

E gudde Schlof ass fir d’Wuelbefannen an d’Gesondheet net z’ënnerschätzen. Wien dann och nach gudde Gewëssens schlofe kann, well en de fairen Handel ënnerstëtzt, dat beispillsweis andeems en am neien an éischte Fairtrade-Pyjama schléift, deen dierft op der gewonnener Säit sinn. Haut de Moien huet d’ONG déi verschidde Modeller presentéiert.

Am Beräich vun den Textilien hat Lëtzebuerg fréier vill ze bidden – dorënner Produktiounsstätten zu Déifferdeng, Fiels, Mariendall, Stad Lëtzebuerg oder och Esch-Sauer. Dovunner ass allerdéngs häerzlech wéineg iwwreg bliwwen. D’Designerin Eva Ferranti huet 1999 hire Buttek zu Lëtzebuerg opgemaach a schliisslech och mam Atelier en traditionelle Beruff nees opliewe gelooss.

Fairtrade Pyjama
© Shari Pleimelding / moien.lu

Kleeder maache Leit, a Leit maache Kleeder. Esou hu sech am Kader vun der Campagne „Rethink Your Clothes“ Fairtrade Lëtzebuerg an den Atelier Eva Ferranti zesummegedoen fir fair Pyjamaen ze produzéieren. Gemeinsam goufen d’Stoffer an d’Schnëtter erausgesicht, ier d’Ekipp vum Carla Rocha schliisslech Ufank Dezember lassleeë konnt.

D’Carla selwer huet missen zouginn, datt et stresseg war. Ma, d’Resultat ass awer wonnerbar ginn. D’Pyjamaen, déi et a verschidde Modeller fir de Summer a Wanter gëtt, fille sech net nëmmen angeneem un. Kotteng huet d’Eegeschaften hautfrëndlech, temperatur- a fiichtegkeetsreguléierend, ootmungsaktiv a widderstandsfäeg ze sinn.

Fairtrade Pyjama
© Shari Pleimelding / moien.lu

Do bleift ee gär emol méi laang am Bett

De Jean-Louis Zeien, President vu Fairtrade Lëtzebuerg, konnt de Pyjama a fënnef Stéchwieder beschreiwen: lokal, fair, tracabel, zirkular an innovativ. Am Detail bedeit dat:

Lokal: Fairtrade Lëtzebuerg wëll och lokal Produzenten ënnerstëtzen an huet dofir den Atelier Eva Ferranti vu Käerjeng ausgewielt, fir d’Pyjamaen zesummenzebitzen.

Fairtrade Pyjama
Am Atelier Eva Ferranti © Shari Pleimelding / moien.lu

Fair: Getrei de Fairtrade-Prinzipien gëtt wärend der ganzer Produktiounsketten Sécherheet gebueden. Souwuel d’Kottengs-Baueren, wéi och déi 400 Mataarbechter vum Familljebetrib an Indien kréien eng sécher Aarbecht mat gerechtem Loun, eng Sozialversécherung fir déi ganz Famill, Ënnerstëtzung an der Bildung a villes méi gebueden.

Wat fir eis hei am Land selbstverstänneg ass, erweist sech anerwäerts als Luxus. A grad de Virfall an der Textilfabrik Rana Plaza a Bangladesch hätt misse waakreg maachen. Allerdéngs huet sech am Secteur net vill geännert – et geschéie weiderhin (uerg) Accidenter mat Doudegen.

Tracabel: Vum Ubau vu Kotteng bis hin zur leschter Nout, ka Fairtrade Lëtzebuerg genee soen, wien um Pyjama matgeschafft huet. Domat gëtt bewisen, datt et NET komplizéiert ass, de Wee vun engem Produit zeréckverfollegbar ze maachen.Als Kottengsproduzent huet ee sech d’Chetna Organic Farmers Association erausgesicht, wärend d’Fabrick Rajlakshmi Cotton Mills sech ëm d’Weiderveraarbechtung këmmert, ier de Stoff schliisslech op Käerjeng kënnt.

Zirkular: Als Stoff gi Reschtposte genotzt, déi soss ewech geheit oder verbrannt gi wieren. Domat kréien d’Stoffbunnen nach emol d’Chance, zu engem Kleedungsstéck ze ginn.

Innovativ: Dëst ass den éischte Fairtrade-Pyjama iwwerhaapt. Et wëll een domat net nëmmen en héichwäertege Produit bidden, mee och weisen, datt de faire Wee méiglech ass.

Fairtrade Pyjama
© Shari Pleimelding / moien.lu

An enger éischter Phas wäert et eng limitéiert Stéckzuel u Pyjamaen am Buttek „Lët’z Refashion“ um Hamilius ze kafe ginn. Se hunn hire Präis, dee sech awer duerch d’Qualitéit vum Material an der Aarbecht rechtfäerdegt. Wie sech erwaart, fir 5 € e super Kleedungsstéck zouzeleeën, dat e Liewe laang hale wäert, dee sollt sech am Geschäft an der Haaptstad an op der Säit vu Fairtrade Lëtzebuerg informéieren.

Aktuell ënnerstëtzt de Kotteng vu Fairtrade iwwer 45.000 Persounen an 8 Länner.

Dernières nouvelles