Search

You may also like

ACL: Ee Bazar fir Kannersëtzer
Neiegkeeten

ACL: Ee Bazar fir Kannersëtzer

Um kommende Samschdeg organiséiert den Automobiles Club op een neits

Am Iran hat et Walen…
Neiegkeeten

Am Iran hat et Walen…

Hie war de Spëtzekandidat vun den Hardliner an entspriechend der

Tempolimitt op däitschen Autobunnen ?
Neiegkeeten

Tempolimitt op däitschen Autobunnen ?

Déi gréng am däitsche Bundestag haten hiren Antrag zur Geschwindegkeetsbegrenzung

Wäschbier oder Marder? Neen, t’ass ee Marderhond!

Wäschbier oder Marder? Neen, t’ass ee Marderhond!

Nodeems d’Naturverwaltung an de leschte Joren ëmmer erëm Hiweiser op d’Presenz vum Marderhond (lat.: Nyctereutes procyonoides) kritt huet, konnt e Mëttwoch den éischten Exemplaire zu Lëtzebuerg offiziell nogewise ginn. D’Déierchen, wat oft wéinst sengem Ausgesinn mam Marder oder Wäschbier verwiesselt gëtt, allerdéngs net mat hinne verwannt ass, steet allerdéngs op der Lëscht vun den invasive gebittsfriemen Aarten.

Op den éischte Bléck kéint et tatsächlech e klenge Wäschbier sinn, an awer gehéiert de Marderhond zur Famill vun den Hënn. Déi pelzeg Gesellen kréien duerch hir kuerz Been eng Schëllerhéicht vun ëm 20 bis 30 Zentimeter a kënnen tëscht 3 a 7 Kilogramm schwéier ginn. Gutt ze ënnerscheede vun aneren Déieren sinn si och nach duerch hir Gesiichtszeechnung: Op der Stir verleeft eng hell Sträif, déi sech iwwert d’Aen, erof bis bei d’Nues zitt. Dës weideren ass de Schwanz vu Wäschbieren gesträift – dee vu Marderhënn net.

Dës Aart staamt eigentlech aus Ostasien, gouf awer tëscht 1929 an 1955 an den europäeschen Deel vu Russland an der Ukrain ausgesat zu Juegdzwecker. Déi eigentlech ëm 9.000 Déiercher konnte sech schnell iwwert de Westen ausbreeden a si bestëmmt och hei am Land sporadesch opgedaucht.

Ma, wéi och de Wäschbier ass de Marderhond net heemesch hei. Et gëtt gefaart, dass seng Presenz negativ Auswierkungen op eis Biodiversitéit huet. Aus dësem Grond gouf den Enok – esou gëtt de Marderhond och nach genannt – vu Bréissel op d’Lëscht vun den invasive gebittsfriemen Aarte mat uniounswäiter Bedeitung gesat. Fir d’EU-Staate bedeit dat, dass hir Usiidlung beschtméiglech verhënnert soll ginn.

Zu Lëtzebuerg ass et laut dem Juegdgesetz vun 2011 iwwert dat ganzt Joer erlaabt, de Marderhond ze joen, ausser wärend de 6 Woche Juegdpaus vum1. Mäerz bis 15. Abrëll.

Opmaacherbild: Den éischten offiziell bestätegte Marderhond zu Lëtzebuerg © D. Hipp

Related topics Enok, Invasiv Aart, Marder, Marderhond, Naturverwaltung, Nyctereutes procyonoides, Presenz, Wäschbier
Next post Previous post