Search

You may also like

D’Expo „100 Joer Lëtzebuerger Konscht“ bléckt op erfollegräich Deeg zeréck
Neiegkeeten

D’Expo „100 Joer Lëtzebuerger Konscht“ bléckt op erfollegräich Deeg zeréck

Vum 27. Mäerz bis den 11. Abrëll 2021 huet d’Expo

Offensiv charmant: Frankräich an Däitschland wëllen Zeeche setzen
Neiegkeeten

Offensiv charmant: Frankräich an Däitschland wëllen Zeeche setzen

En Donneschdeg iwwerhuelen eis däitsch Noperen d‘Presidence vun der EU,

Lëtzebuerger Statistiker huet e Rot fir d‘Regierung
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Statistiker huet e Rot fir d‘Regierung

An der Emissioun „Den Invité vum Dag“ um Honnertkommasiwen, war

Kriibs: Preventioun a Kontrollen trotz Pandemie net vernoléissegen!

Presentatioun vum éischten nationale Kriibsrapport

Kriibs: Preventioun a Kontrollen trotz Pandemie net vernoléissegen!

Gëschter huet de Weltkriibsdag stattfonnt. Mat Bezuch op den offizielle Motto „Ech sinn an ech wäert“ vun der internationaler Unioun géint Kriibs (UICC) huet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert d’Solidaritéit besonnesch ervirgehuewen: „Et ass d’Zomm vun all eisen Aktiounen, déi den Ënnerscheed mécht!“ An dësem Kader gouf den éischten nationale Kriibsrapport am Groussherzogtum Lëtzebuerg presentéiert.

D’Medezin an d’Fuerschung hunn an de leschte Joren enorm Fortschrëtter gemaach, an awer bleift déi ellen Erkrankung eng grouss Erausfuerderung fir de Gesondheetsberäich, concernéiert Persounen an hir Famillen.

Am Kampf géint de Kriibs hat d’Regierung den éischten nationale Kriibsplang 2014-2018 erstallt, duerch deen eng Rëtsch hëllefräich Projeten op d’Been gestallt konnte ginn. Ënnert anerem sinn nei Infrastrukture gegrënnt ginn,dorënner den nationalen Zenter vun der mënschlecher Genetik am LNS, sou wéi den Nationale Kriibszenter (INC). Zousätzlech si Programmen zur Fréierkennung ervirgehuewen a Sensibiliséierungscampagnen méi staark gefërdert ginn.

Elo gouf den éischte grousse Rapport zu dësem Thema verëffentlecht, dee sech zäitlech gesinn op d’Situatioun vum éischte Kriibsplang bezitt. Entstanen ass en duerch en interinstitutionellen Aarbechtsgrupp, ënnert der Leedung vum INC. D’Informatiounen bidden eng weider Basis fir den zweeten nationale Kriibsplang 2020-2024 seet den Dr Berchem. „En riicht sech un generell un d’Ëffentlechkeet, wéi och un d’Experten an de verschidde Beräicher. Zil ass et de Lieser zu de verschidden Aspekter vun der Kriibsfuerschung an der Fleeg zu Lëtzebuerg ze informéieren.“

Kriibsrapport

2.256 nei Fäll am Joer 2013

Fänke mir also mat e bësse méi generellen Zuelen un. Am Joer 2013 goufen 2.256 nei Fäll vu Kriibs zu Lëtzebuerg diagnostizéiert. Dovunner waren zu dem Ament 2.226 Persoune Resident hei am Land. Dësen Total deel sech op an 1.137 Männer an an 1.119 Fraen.

Den Altersduerchschnëtt vun den neien Erkrankte läit bei 66 Joer. Haaptsächlech si Fraen a Männer am Alter vu 60-74 Joer am Meeschte betraff (32,4%, respektiv 42%).

Kriibsrapport

Och wann Therapie- a Behandlungsméiglechkeete bestinn, stinn d’Diskussiounen ronderëm de Kriibs och ëmmer a Verbindung mam Dout. Beim männleche Geschlecht ass Kriibs déi éischt Doudesuersaach – 499 Patiente sinn 2013 gestuerwen – wärend beim weibleche Geschlecht Kriibs op zweeter Plaz vun den Doudesuersaache steet – 2013 sinn 424 Frae gestuerwen.

All 8. Mann, an all 7. Fra erkranke virum 65 Liewensjoer. Dobäi klëmmt de Risiko, un der Erkrankung ze stierwen, mam Alter. Mat 75 Joer sinn nämlech 45,9% vun de Männer a 47,6% vun de Fraen u Kriibs gestuerwen. Hei den Detail:

Kriibsrapport

Déi heefegst Zorten

Ugefaange bei de Fraen, stoung Broschtkriibs am Joer 2013 mat 424 neie Fäll (37,9%) op der éischter Plaz, gefollegt vun Daarmkriibs mat 140 Fäll (12,5%) an Longekriibs mat 104 Fäll (9,3%). Ma, de Broschtkriibs steet net nëmmen mat den neien Erkrankungen, mee och bei den Doudeszuelen op éischter Plaz. Ganzer 92 Fraen (21,7%) sinn 2013 un dëser Zort gestuerwen.

De Risiko, nach virum 75 Liewensjoer u Broschtkriibs ze erkranke läit bei 10,6%. Anescht ausgedréckt bedeit dat, dass 1 vun 9 Fraen riskéiert viru 75 Joer Broschtkriibs ze kréien. De Risiko un dëser Zort ze stierwen, klëmmt ab 75 Joer ëm 1,4%.

Bei de Männer gesäit et sou aus, dass mat 300 neie Fäll (26,4%) besonnesch Prostatakriibs heefeg virkënnt. Op zweeter Plaz steet Longekriibs mat 193 neie Fäll (17,0%) an Daarmkriibs mat 126 neien Erkrankungen (11,1%). Am Déidlechsten beim Mann ass de Longekriibs mat 139 Stierffäll (27,9%).

Ënner 75 Joer riskéiert all 11. Mann u Prostatakriibs ze erkranken. Ab dësem Alter ass de Risiko ëm 0,8% méi héich, un dëser Zort Kriibs ze stierwen. Just ganz rar gëtt d’Diagnos virum 50 Liewensjoer gemaach.

Iwwregens ass et a dësem Kader net verkéiert ze ënnersträichen, dass och Männer Broschtkriibs kënne kréien. Generell géif et do awer ni méi wéi 5 nei Fäll pro Joer ginn.

Kriibsrapport

Preventioun duerch e gesond Liewen a Fréierkennung

D’Haaptrisikofacteuren fir u Kriibs ze erkranken sinn d’Fëmme vun Tubak, de chroneschen Alkoholkonsum, schlecht Ernierung, ze wéineg Beweegung an Iwwergewiicht. Dobäi ënnersträicht de Gesondheetsministère, dass mat enger gesonder Liewensweis quasi 40% vun alle Krankheete kënne verhënnert ginn.

Aus dem Rapport – dësen huet iwwregens stattlech 216 Säiten – hu mir 2 Moossname vun der Fréierkennung fir de Mann an d’Fra erausgepickt. Dat ass zum engen d’Daarmspigelung, zum aneren d’Mammografie.

Am Joer 2016 haten just 114 eng Daarmspigelung duerchféiere gelooss, am Verglach zu 1.307 Persounen knapp zwee Joer drop. Dës Prozedur, a Verbindung mat enger Analys vum Stullgang hunn 35 Persounen fir 2016, respektiv 697 Persoune fir 2018 gemaach.

No engem positiven Test am Kader vum Fréierkennungsprogramm fir Daarmkriibs hunn 2016 ganzer 31 Persounen eng Daarmspigelung maache gelooss, 2018 waren et 629 Persounen.

No dëser Moossnam ass an 1.384 Fäll ee Polyp fonnt ginn. A 518 Fäll war et e Polyp mat héijem Risiko – e war also méi grouss wéi 1cm an/oder huet um Risikoscore e Wäert vun 4,1 kritt. An 18 Fäll ass Kriibs in situ festgestallt ginn, an 73 Fäll invasive Kriibs.

Kriibsrapport

An dësem Kader sief drun erënnert, dass d’Fréierkennung et méiglech mécht méi effikass a manner haart Behandlungen unzewennen, fir géint d’Erkrankung unzekämpfen. Et ass am Interessi vum Patient, reegelméisseg an d’Kontroll ze goen a bei engem Verdacht léiwer eemol ze vill, wéi eemol ze wéineg Tester ze maachen.

Ma, fir Fraen ass d’Mammographie eng nëtzlech Méiglechkeet, fréizäiteg Anomalien an der Broscht ze erkennen. Mat dëser Technik entsti medezinesch Biller, déi déi intern Struktur vun der Broscht weisen. Bei Fraen am Alter vu 50 Joer kann d’Mammographie d’Déidlechkeet ëm 20-30% reduzéieren.

Tëscht dem 50 an 69 Liewensjoer kritt all krankeverséchert Fra eng Invitatioun fir sech kontrolléieren ze loossen. Dës Invitatioun, déi all 2 Joer geschéckt gëtt, erméiglecht et am Spidol eng Mammographie duerchféieren ze loossen, woubäi uschléissend déi komplett Käschte vun der Krankekeess iwwerholl ginn.

Kriibsrapport

Reegelméisseg an d’Kontroll ze goen, ass och an Zäite vum Coronavirus wichteg. Kriibs léist sech net a Loft op, just well aktuell eng sanitär Kris herrscht. D’Angscht um Virus ze erkranken, respektiv engem „méi kranke“ Patient Plaz am Waardezëmmer ewechzehuelen, suergt dofir, dass vill Persounen hire Rendez-vous ofsoen oder mam Traitement ophalen.

Dofir appelléiert d’Gesondheetsministesch dorunner seng Gesondheet net ze vernoléissegen. „Maacht Är radiologesch Kontrollen! Eng Anomalie oder de Verdacht op Kriibs sinn Urgencen. Et net ze maachen oder ze verréckelen bedeit eng Chance ze verléieren.“

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Paulette Lenert, Gesondheetsministesch; Dr Guy Berchem, President vum INC © Gesondheetsministère

Related topics Broschtkriibs, Daarmspigelung, Doudesfäkk, éischten nationale Kriibsrapport, Gesondheet, Mammographie, Nationale Kriibszenter, Paulette Lenert, Prostatakriibs, Weltkriibsdag
Next post Previous post