Search

You may also like

Si haten ee Gesetzvirschlag matbruecht
Neiegkeeten

Si haten ee Gesetzvirschlag matbruecht

Et war en interessanten Dag, dee wuel an de Memoire

Neiegkeeten

Konditiounen – Gewënnspill Vältesdag 2019

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

Historeschen Trounwiessel a Japan
Neiegkeeten

Historeschen Trounwiessel a Japan

Dat huet esou a Japan zanter Éiwegkeeten net méi ginn:

Eise Rechnungshaff ass couragéiert gréng orientéiert

D‘Cour des Comptes réit ee Peage fir d‘Stad Lëtzebuerg anzeriichten

Eise Rechnungshaff ass couragéiert gréng orientéiert

Nodeems de Rechnungshaff dann elo och säin Avis zum Budget 2020 virgeluecht huet an doranner drop hiweist, datt sech de Wirtschaftswuesstem vun der Regierung op enger demographescher Entwécklung baséiert, déi zwéngend zu Investitiounen an d‘Infrastrukture féiert. Bei geplangten eng Millioun Awunner, féiert dorunner och kee Wee laanscht.

Den Ausbau vun Infrastrukture bréngt dann awer och eng Rei ekologesch Erausfuerderunge mat sech, an dat hätt een erhieflechen Afloss op déi ëffentlech Finanzen. A bei der Ekologie verstinn se um Rechnungshaff zanter kuerzem kee Spaass méi, zemools wou se der Regierung ënnerstellen, déi klimatesch Ziler fir 2020 net erreechen ze kënnen. Et sief dann et wier ee gewëllt aktiv ze ginn.

Mat Aktiv mengt de Rechnungshaff zum Beispill, datt een de Peage fir d‘Stad Lëtzebuerg kéint aféieren. E System deen sech beispillsweis zu London längst etabléiert huet. „Et ass un der Zäit staark Signaler un d‘Gesellschaft ze ginn, fir eng radikal Verännerung vun de Wirtschaftsacteuren erbäizeféieren“, esou de Rechnungshaff. Hei gëtt awer nees immens „kuerz geduecht“…

Anscheinend ass et beim Rechnungshaff nach net ukomm oder si loossen dat bewosst ënnert den Dësch falen, datt ee sougenannten „City-Peage“ alt nees nëmmen déi sozial schwaach an d‘Salariat trëfft. Fir déi Räich an d‘Patronen ass et egal wat eng Taxe kascht, fir dierfe mam Auto duerch d‘Stad ze fueren. Fir si gehéiert dat zu de Geschäftsausgaben, an déi setzen si vun de Steieren of.

Anersäits ass et net emol esou falsche Gedanken, a wann een et richteg ugeet, also och déi Hären an Dammen aus de Chefetagen dës Tax musse bezuelen ouni se dierfen als „Ausgaben“ geltend ze maachen, dann et wuel net méi gerecht, mee schonn en Usaz. Mee, och wann de Rechnungshaff eng zugläich bosseg wéi duerchaus diskutabel Iddi huet, wien soll sech Trauen an d‘Propose maachen?

Geet et dem Rechnungshaff no, da misst sech de Pierre Gramegna eng bluddeg Nues bei de Leit huelen. Hie kéint, esou d‘Meenung vum Team „Adam Riese“, de City-Peage am Kontext vun der ugestriefter Steierreform mat aféieren. A wie weess, vläicht notzt d‘Regierung dann och endlech déi am Klima- an Energiefong enthale 726 Milliounen Euro. Firwat déi nach net agesat goufen?

Foto: Zu London hu se e Peage agefouert, fir de Verkéier an der Stad nees méi flësseg ze kréien. Wier dat net och eng gutt Iddi fir eis Haaptstad? © F. Reese /IM-L (Archives)

Related topics City-Peage, Klimasteier, Klimawandel, Rechnungshaff, Stad-Maut
Next post Previous post