Search

You may also like

Amokfaart an Tréierer Zentrum fuerdert 2 Doudeger
International Neiegkeeten

Amokfaart an Tréierer Zentrum fuerdert 2 Doudeger

Um fréien Nomëtteg ass en 51 Järegen mat sengem Auto

What the Fakt – Raum 19 an d’Büst vum Nofretete
International Neiegkeeten

What the Fakt – Raum 19 an d’Büst vum Nofretete

Um 6. Dezember 1912 ass an der mëttelegyptescher Stad Amarna

Chantier um Echangeur Helfenterbréck un dësem Weekend!
International Neiegkeeten

Chantier um Echangeur Helfenterbréck un dësem Weekend!

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt vu Samschdes, de 15 Juni 7:00

Éisträich: Déi Gréng fir d‘éischt mat an der Regierung

ÖVP a Gréng eenege sech op en Koalitiounsaccord, de Sebastian Kurz soll Kanzler bleiwen

Éisträich: Déi Gréng fir d‘éischt mat an der Regierung

An der Alperepublik Éisträich kënnt et endlech zur Regierungsbildung. Dës Kéier versicht et déi konservativ ÖVP mat de gréngen, nodeems eng Zesummenaarbecht mat der populistescher FPÖ onméiglech ginn ass.

Déi éisträichesch Vollekspartei war am September bei den Neiwahlen als stäerkste politesch Kraaft ervirgaangen an huet am November d‘Koalitiounsverhandlungen opgeholl. Déi gréng konnten och vun de Neiwahle profitéieren an sinn nees an d‘Parlament agezunn. Si waren allerdéngs nach ni an der Verantwortung, spréch mat an der Regierung.

E Samschdeg mussen déi gréng sech hir Entscheedung nach vun 300 Delegéierten ofseene loossen, mee dat dierft no de laange Verhandlungen éischter eng Formsaach sinn. Ass dat erleedegt, da kann de Sebastian Kurz nees d‘Geschäfter an d‘Hand huelen, déi aktuell vun der Interimsregierung ënnert der Leedung vum Brigitte Bierlein gefouert ginn.

D‘Koalitioun verfüügt am Parlament iwwer 97 vun den 183 Mandater an et ass virgesinn dem Juniorpartner ee „Superministère“ zouzeschanzen. An dësem Ministère sollen zesummegefouert ginn: Verkéier, Energie, Infrastruktur, Technologie, Innovatioun an natierlech Ëmwelt. D‘Leonore Gewessler (43) soll de Kommando iwwerhuelen.

Si ass eng typesch Quereinsteigerin, a war – iert de Parteichef vun de gréngen, Werner Kogler, si iwwerzeege konnt sech als Kandidatin ze presentéieren – Cheffin vun der Ëmwelt-ONG „Global 2000“. De Verdeedegungsministère soll d‘Klaudia Tanner (aktuell Direktesch vum Bauereverband Nidderéisträich) iwwerhuelen, wat och nees eng Première ass.

Den Inneministère iwwerhëlt d‘ÖVP an der Persoun vun hirem aktuelle Generalsekretär Karl Nehammer. Den neie Ministère fir Integratioun kritt d‘Susanne Raab zougestanen. Si huet bis dohinner den Departement Integratioun am Ausseministère geleet, a gëtt vum Sebastian Kurz, als jonk an erfueren Integratiounsexpertin bezeechent.

Interessant ass de Fall Alexander Schallenberg. Hien ass den Ausseminister vun der sougenannter „Experteregierung“ a soll dëst Mandat och an der neier Koalitiounsregierung weiderféieren. Wat elo déi politesch „Inhalter“ vun dëser Koalitioun ugeet, esou wollt do kee mat der Faarf erausréckelen. De Regierungsprogramm soll awer haut um 16 Auer virgestallt ginn.

mat indymedia/vie

Foto: Do kann sech de Béifche freeën, hie bleift Kanzler an hëlt et mat de gréngen en neien Ulaf. Wat déi nei Regierung alles esou am Programm stoen huet? Eng Äntwert soll nach um haidegen Donneschdeg ginn. © GmG

Related topics déi gréng, Éisträich, Leonore Gewessler, ÖVP, Sebastian Kurz, Werner Kogler
Next post Previous post