Search

You may also like

EU: Eng ganz Partie Länner wëllen um Budget vun der PAC festhalen
International Neiegkeeten

EU: Eng ganz Partie Länner wëllen um Budget vun der PAC festhalen

Si sinn zu hirer 20, dorënner Frankräich, déi sech e

CGFP: Keng onnéideg Schikane fir Employéen
International Neiegkeeten

CGFP: Keng onnéideg Schikane fir Employéen

Bekämpfung vun der Coronakris: Nodeems d’Regierung zur Bekämpfung vum Coronavirus

OGBL: Ried vun der Presidentin Nora Back zum 1. Mee
International Neiegkeeten

OGBL: Ried vun der Presidentin Nora Back zum 1. Mee

Léif Kolleginnen a Kollegen, Watfireen 1. Mee?!? Fir d‘zweet Joër

Éisträich bereet sech op en neie Lockdown vir

De Covid19-Test soll fräiwëlleg bleiwen, mee wien sech net teste léisst muss méi laang mat den Aschränkunge liewen

Éisträich bereet sech op en neie Lockdown vir

An Éisträich denkt d‘Regierung allen Eeschtes iwwert en drëtte vollstännege Lockdown no. Schonn ab dem 26. Dezember kéint de Rideau falen. Eng Decisioun soll bei enger Videokonferenz mat de Lännercheffe geholl ginn. Geplangt wieren d‘Schléissung vum Handel, Déngschtleeschtunge ginn op dëst noutwennegst begrenzt, an den Unterrecht soll nees online Stattfannen.

Dës Moossname géifen da vum 26. Dezember bis de 17. Januar gëllen. Ab dem 18. Januar kéinten dann d‘Schoulen an den Eenzelhandel, mee och d‘Gastronomie nees hir Aktivitéiten ophuelen. Dat dann awer méiglecherweis nëmme fir déi Bierger, wou sech dann an enger zweeter Ronn vun de Coronavirus-Massentester bedeelegen an en negativen Test virweise kënnen. Wien sech net wëll teste loossen – et besteet och weiderhi keen Zwang – muss dann nach eng Woch doheem bleiwen.

Interessant Approche, wann ee bedenkt, datt Éisträich eréischt de 7. Dezember no dräi Wochen am Confinement, Schoulen a Geschäfter nees opgemaach hat. Säit Ufank November sinn am Alpeland – datt vun der EU eng Entschiedegung gefuerdert hat, fir de Fall datt si d‘Schigebidder missten och zouloossen – d‘Kultur, den Horesca-Secteur an d‘Hotellerie ugehale ginn an et gëllt wéi bei eis eng Spärstonn. Dobäi sinn d‘Zuelen däitlech zréckgaangen, stagnéieren awer nees op héijem Niveau.

Éisträich

An de leschte siwen Deeg huet et am Duerchschnëtt 206 Infektiounsfäll fir 100.000 Awunner ginn. Mëtt November huet dës Zuel nach bei 550 geleeën. Gefaart gëtt eng massiv Reprise vun den Infektiounen iwwert d‘Feierdeeg. Dat aus guddem Grond: och an Éisträich sinn an der leschte Jore vill Spidolsbetter ofgeschaaft ginn. Esou verfüügt d‘Land iwwer 850 Intensivbetter (fir awer 8,859 Milliounen Awunner) a vun deene sinn der aktuell ronn 500 beluecht. Esouvill zur Urgence…

Éisträich

Wat elo awer déi „bäileefeg“ gemaachten Ausso betreffend d‘Tester betrëfft, déi jo solle fräiwëlleg bleiwen, mee et zu Aschränkunge kënnt wann een sech net teste léisst, esou weist dat däitlech drop hinn, datt et och am Kontext vun der Covid19-Impfcampagne – wann da bis genuch Dose fir d‘Vollek bereet stinn – och entspriechend Drock op d‘Fräiwëllegkeet wäert ausgeüübt ginn. A wann dat an Éisträich geet, esou ass et realistesch dovunner auszegoen, dat si net déi eenzeg wäerte sinn.

mat indymedia/vie

Foto: Am Internet maachen sech natierlech d‘User ee Spaass dorausser vu staatlecher Erpressung, iwwer gebrache Versprieche bis hinn Gehirwäsch um Bierger ze schwätzen. Dat klengt schonn eppes no „Widderstand“. © UNCAV

Related topics Covid19-Pandemie, Éisträich, Impfflicht, Lockdown, Sebastian Kurz, Testflicht
Next post Previous post