Search

You may also like

D’Prinzessin Claire feiert hire 35. Gebuertsdag!
International Neiegkeeten

D’Prinzessin Claire feiert hire 35. Gebuertsdag!

Um haitegen Dag feiert S.A.R. d’Prinzessin Claire hiren 35. Gebuertsdag.

Fairtrade Lëtzebuerg: D’Zuelen 2018 zu Banann a Co.
International Neiegkeeten

Fairtrade Lëtzebuerg: D’Zuelen 2018 zu Banann a Co.

Fir Fairtrade ass et vu grousser Bedeitung, datt all Klengbaueren

Police, Smartphone a Privatsphär: e kontestéierte Cocktail an den USA
International Neiegkeeten

Police, Smartphone a Privatsphär: e kontestéierte Cocktail an den USA

Wouhinner geet een, wien gesäit een, wat mécht een? D‘Äntwerten

Éisträich mécht d‘Schipisten op

Éisträich mécht d‘Schipisten op

Keng zwee Deeg virum nächste Confinement ginn haut, op Hellegowend, an Éisträich d‘Schipisten opgemaach. Dat natierlech ënnert strengsten Oplagen, esou d‘Regierung, déi drop beduecht ass am Alpeland de Bierger de Sport un der frëscher Loft ze erméiglechen. Zumindest deene Bierger, déi d‘Geld an d‘Méiglechkeeten dozou hunn.

Fir déi éisträichesch Tourismusministesch Elisabeth Köstinger d‘Geleeënheet d‘Welt dorunner ze erënneren, datt och wann et eng sanitär Kris huet, Éisträich nach ëmmer d‘Land vum Wantersport ass, an een och de Bundeslänner hei net alles falsch maache kann. Et géif jo net onkontrolléiert an alles opgemaach ginn, esou d‘Ministesch, déi scheinbar selwer vum wäisse Gléck profitéiere wëll.

Et gëtt also stramm Oplagen a Reegelen, firwat d‘Schisaison 2020/21 an Éisträich och den Antrëtt an eng nei Ära ass. Am Kontext vun der Maskeflicht, dierfen an de Gondelen, Kabinnen a Lifter eenzeg d‘Chirurgemaske vum Typ FFP2 gedroe ginn. Selwer gebaute Masken oder de Buff sinn nëmmen an der Waardeschlaang an den iwwerdaachten Zougangsberäicher zoulässeg. D‘Kanner ënner 14 sinn dogéint vun der Maskeflicht generell befreit.

Wéi elo d‘Bundeslänner d‘Veruerdnunge vun der Regierung ëmsetze wëllen, dat bleift hinnen och iwwerlooss, esoulaang dofir gesuergt gëtt, datt et net nees zu esou „Biller“ kënnt, wéi se am Mäerz vun Ischgl an d‘Welt erausgedroe goufen. Wou d‘Biller hu kee ugestach, mee d‘Leit op dëse Biller. Am Kloertext: et soll verhënnert ginn dat den éisträichesche Wantersport ee schlecht Ruff erhält a gläichzäiteg de Mënsche maximale Fräiraum gebuede ginn.

Zudeem ass d‘Elisabeth Köstinger iwwerzeegt, datt d‘Offer just vun den Eenheemesche genotzt wäert ginn, well jo de Horesca-Secteur bis zum 18. Januar zou huet. Besuch aus dem Ausland gëtt sech och wéinst de ganze Reesbeschränkunge keen erwaart. Et gëtt weder en Schi-Zirkus a schonn emol sécher keen Après-Schi. Dat alles géif streng a maximal repressiv iwwerwaacht, heescht et…

mat indymedia/ins

Illustratioun: Näischt an Éisträich ass méi wichteg wéi Wantersport, an esou kann d‘Regierung de Bierger d‘Ausübe vun dësem och net verwieren. D‘Reegele wieren esou streng, datt et wierklech net virstellbar ass, datt et hei zu gréissere Kontaminatiounsbrennpunkte komme kéint. © Isaac Quesada / unsplash

Related topics Éisträich, Elisabeth Köstinger, Schi-Saison, Tourismus, Wantersport
Next post Previous post