Search

You may also like

Am Numm vun der Konkurrenz a vum Profit – D’Spuerkeess mécht 11 Filialen zou
International Neiegkeeten

Am Numm vun der Konkurrenz a vum Profit – D’Spuerkeess mécht 11 Filialen zou

Et ass een neie schwéiere Schlag fir d’Notzer an d’Employéen:

money
Handel: No Peking sicht och Bréissel no enger Léisung mam Trump
International Neiegkeeten

Handel: No Peking sicht och Bréissel no enger Léisung mam Trump

D‘Handels- a Wirtschaftsminister gesinn sech haut zu Bréissel, fir iwwert

dislike
President Paul Kagame am Ruanda erëmgewielt
International Neiegkeeten

President Paul Kagame am Ruanda erëmgewielt

E Samschdeg huet d‘Bevëlkerung vum Ruanda d‘Victoire vum neien ale

Éisträich tëscht Lackerungen a Reeswarnungen

Éisträich tëscht Lackerungen a Reeswarnungen

No sechs Woche Confinement ginn an Éisträich d‘Geschäfter nees op. Zäitgläich gouf vun der Regierung eng Reeswarnung fir den Tirol erausginn, dat wéinst der Verbreedung vun der Covid19-Variant aus Südafrika.

Et misst een alles maachen, fir ze verhënneren datt sech déi südafrikanesch Mutatioun (N501Y.V2) och B1351 weider am Land verbreet, esou de Bundeskanzler Sebastian Kurz. Wien net misst an den Tirol reesen, dee sollt dat ënnerloossen. All déi Leit wou sech an de leschten zwou Wochen am Tirol opgehalen hunn, ginn zudeem agelueden sech zäitno testen ze loossen. Och wien dëst Bundesland verléisst, op Resident oder Tourist, soll sech viru senger Ofrees engem Test ënnerzéien.

Am Tirol géif et, esou déi offiziell Zuelen, bis ewell 293 nogewise Fäll mat dëser südafrikanescher Variant. D‘Zuel vun den aktive Fäll soll bei 140 leien. Och méi generell sinn d‘Infektiounszuelen am Alpeland nach ëmmer immens héich. Trotzdeem huet Éisträich zanter gëschter de Lockdown massiv gelackert. Den Handel an d‘Schoulen hunn – no 34 Deeg Confinement – nees opgemaach.

Éisträich

Et gëtt allerdéngs nach ëmmer zimmlech streng Oplagen. Esou kann ee just bei de Coiffeur, wann een en negativen Test virweise kann. D‘Schüler, wann se dann an d‘Schoul ginn, mussen sech och zweemol d‘Woch op der Plaz teste loossen. D‘Muséeën hunn och nees hir Diere fir de Public opgemaach. Fir d‘Sécherheet am ëffentleche Raum besser ze schützen, ass elo d‘Droe vu FFP2-Maske bal iwwerall Flicht. Dës Lackerunge sinn en Test, ee weidere Confinement net ausgeschloss.

Méiglech wier och, datt d‘Regierung den Experten nolauschtert, a wéinst dem Brennpunkt Tirol, zumindest eng Isolatioun vun eenzele Regiounen unuerdent. Déi lokal Regierung vum Tirol steet nach mam Gesondheetsministère a Verhandlungen, huet awer preventiv déi eege Leit opgeruff all Deplacementer déi net zwéngend noutwenneg sinn ze ënnerloossen. Op alles soll net verzicht ginn.

Éisträich

Esou gëtt um Wantersport festgehalen, dat natierlech gläichfalls ënnert verschäerfte Konditiounen. Och fir d‘Benotze vun der Seelbunn brauch et elo en negative Covid19-Test. Fir eng gréisser Sécherheet ze assuréieren, soll et an alle Bezierker an deenen de Coronavirus nogewise ginn ass, flächendeckend Tester ginn. Eng vun de grousse Suerge vun den Experte berout um südafrikanesche Mutant, wou net vun alle Vaccine gläichermoossen neutraliséiert gëtt, wann iwwerhaapt…

mat indymedia/vie

Illustratioun: mimikama / pixabay

Related topics Confinement, Éisträich, Lackerungen, Lockdown, Relance, Sebastian Kurz, Tirol
Next post Previous post