Search

You may also like

DiscoverEU: De Jonke Loscht op Europa maachen
International Neiegkeeten

DiscoverEU: De Jonke Loscht op Europa maachen

De leschten Donneschdeg huet d‘EU-Kommissioun eng zweet Ronn vum „DiscoverEU“

Zerstéierte Patrimoine um Lampertsbierg
International Neiegkeeten

Zerstéierte Patrimoine um Lampertsbierg

Et gëtt Saachen, do kann een net emol méi mat

What the Fakt – 127 Joer Diesel-Patent
International Neiegkeeten

What the Fakt – 127 Joer Diesel-Patent

Fir vill Leit gëllt de Rudolfs Diesel als Genie, woubäi

Frankräich: Ekotax op Fligerticketen ab 2020

Pro Ticket sollen tëscht 1,5 an 18 Euro erhuewe ginn, fir ekologesch Transportinfrastrukturen ze finanzéieren

Frankräich: Ekotax op Fligerticketen ab 2020

Ëmmer méi Politiker schéngen sech der Klimakris bewosst ze sinn a fuerdere Moossnamen. Déi sollte weder d‘Industrie nach d‘Wirtschaft belaaschten, soll awer och net déi sozial Kohäsioun a Gefor bréngen. E Spagat, déi bei der Aféierung vun enger Ekotax op den Diesel an de Bensin, eis franséisch Noperen op d‘Strooss gedriwwen hat.

Mat der Annonce elo eng Ekotax op Fligerticketen ze erhiewen, dierft déi sougenannt „La France d‘en Bas“ wuel manner Schwieregkeeten hunn, woubäi op en Neits de Konsument/Steierzueler an d‘Täsch gräife muss. Déi franséisch Transportministesch Elisabeth Borne, versprécht sech duerch dës Ekotax, e Steierakommes vu bis zu 180 Milliounen Euro.

Ekotax

D‘Ënnerzeechung vum Chicagoer Ofkommes de 7. Dezember 1944

Eng Annonce déi op den Aktiemäert fir eppes Tumult gesuergt hunn, woubäi vun de Steieren an éischter Linn de Passagéier impaktéiert gëtt. Trotzdeem huet d‘Air France Aktie gëschter 4,5% agebéisst an esouguer déi däitsch Lufthansa muss eng Baisse vun 2,5% verkraaften. Dobäi ass d‘Besteierung vum Kerosin scho méi laang e Sujet.

De Kerosin gëtt bisweilen net besteiert, dat obwuel déi kommerziell Loftfaart an der EU no der EG-Steierrichtlinn 2003/96/EG vum Oktober 2004, dat erlaabt. Déi eenzeg déi esou eng Steier erhiewen, sinn d‘Hollänner. Ab 2020 dann och Frankräich. Datt keng Besteierung stattfënnt, huet mam Artikel 24 vum Chicagoer Ofkommes (7. Dezember 1944) ze dinn. An zu Lëtzebuerg?

mat indymedia/par

Foto: Wie vu Frankräich aus mam Fliger d‘Welt bereest, muss ab nächstem Joer eppes méi Geld fir säin Ticket bezuelen.

Related topics Ekotax, Elisabeth Borne, Fligerticket, Frankräich, Kerosin
Next post Previous post