Venom Prison, Bury Tomorrow a Parkway Drive: Metalcore-Bommen am Atelier!
Kee Wonner, datt dëse Concert schonn no esou kuerzer Zäit
Nom tragesche Virfall am Munitiounslager um Waldhaff weist eise Premierminister
Scho säit Jore kann een an der Stad Lëtzebuerg vum vel’OH!, sou wéi vum Carsharing-System Carloh profitéieren. Ganz ouni Accord, a soumat och ouni finanziell Ënnerstëtzung probéiert d’Societéit, déi elo déi elektresch Trottinetten op Lëtzebuerg bruecht huet, de Client unzezéien. Wëll een eng kommerziell Aktivitéit am Grand-Duché ausüben, esou muss een am viraus all noutwenneg Autorisatiounen hunn.
Trotzdeem erënnert d’Stad Lëtzebuerg un d’Sécherheet vun alle Bierger. Wien sech mat enger elektrescher Trottinett deplacéiere wëll, dee muss sech, wéi all aner Persoun am Verkéier, un de Code de la Route halen. An dësem Fall gëtt de klenge Flitzer mam elektresche Vëlo gläichgestallt an dierf soumat op de Vëlospisten an der Strooss fueren. D’Zirkulatioun um Trottoir, an de Bus-Couloiren (ausser et ass anescht ausgeschëldert), sou wéi an de Foussgängerzonen ass verbueden. Beim Stationement muss ee sech un déi national a lokal Reglementatioun halen.
Dës weidere verweist d’Stad Lëtzebuerg op den Artikel 9 vun der Police, dee beseet: „il est interdit de souiller la voie publique de quelque manière que ce soit et, sous réserve des dispositions du règlement sur les déchets, d’y jeter, déposer ou abandonner des objets quelconques.“ Dobäi kënnt d’Gesetz vum 18. Juli 2018 an den Artikel 13: „lorsque des objets ou substances présentent un danger grave, concret et imminent pour l’ordre public dans les lieux accessibles au public, et lorsque toute autre mesure destinée à faire cesser le trouble s’avère inefficace, le bourgmestre peut faire procéder à leur saisie administrative. La saisie est exécutée par des officiers de police administrative, assistés le cas échéant par des agents de police administrative.“
Et behält ee sech d’Recht vir, all Gefier, dat ëffentlech Plaze blockéiert oder Persounen an der Ëffentlechkeet (virun allem Foussgänger a Persoune mat reduzéierter Mobilitéit) a Gefor bréngt, direkt ewech ze huelen.
Zu gudder Lescht weist d’Stad Lëtzebuerg drop hin, datt si d’Initiativen zur doucer Mobilitéit natierlech begréissen. Ee Manktem un Informatiounen, säitens der Societéit, dréit allerdéngs eng Rei Gefore bei der Notzung mat sech. Aus dësem Grond gesäit een eng Entrevue mat der Firma vir, sou datt Kloerheet an alle Beräicher geschaf ka ginn.