Search

You may also like

Seniore beweege sech fir d‘Integratioun ?
Neiegkeeten Stories

Seniore beweege sech fir d‘Integratioun ?

Am „Club Senior“ vun Esch-Uelzecht weess een dat d‘Beweegung Léif

En Owend voller palestinensescher a Lëtzebuerger Poesie
Neiegkeeten Stories

En Owend voller palestinensescher a Lëtzebuerger Poesie

De Comité fir e gerechte Fridden am Noen Oste luet Iech

Brexit: Wat wann et net sollt zu engem Accord kommen
Neiegkeeten Stories

Brexit: Wat wann et net sollt zu engem Accord kommen

Zu London hunn se sech Gedanken iwwert d‘Folge vun engem

Elo geet et awer duer!

Infernalesche Regierungs-Duo zitt d‘Handbrems an bréngt Wirtschaftssecteuren an d‘Schleideren

Elo geet et awer duer!

Zanter leschter Woch ass gewosst, datt d‘Regierung unhand de schlechten Zuelen am Kontext vun der Covid19-Pandemie wäert genéidegt sinn d‘Moossnamen ze verschäerfen. Säit gëschter 14 Auer ass elo gewosst, datt dat wat virbereet gouf, elo dann och muss ëmgesat ginn. Et kléngt u sech ganz vernënfteg a bei der Koherenz schéngt et Spillraum fir Kritik ze ginn.

Et ass leider richteg, datt d‘Infektiounszuelen esou deraart schlecht sinn, datt sech elo Moossnamen opdrängen. De Premierminister an d‘Gesondheetsministesch haten datt jo och déi lescht Woch esou an Aussicht gestallt. Si hu sech fir eng der däitscher Method ugepassten Decisioun duerchgerongen, firwat et dann och nëmmen zu engem sougenannte „partielle Confinement“ zu Lëtzebuerg kënnt.

Wichteg, esou de Xavier Bettel, wier et elo déi tëschemënschlech Interaktiounen op dat absolutt noutwennegst ze reduzéieren. Dat bescht wier et géif ee sech déi nächst dräi Woche ganz aus de Féiss goen, wat awer wirtschaftlech net verdréiglech ass. Natierlech géif et Sënn maachen och d‘Schoulen zouzemaachen, mee och dat ass erwisenermoosse wirtschaftlech net verdréiglech…

Et hat kee behaapt et wier einfach

Hei gesäit een, wéi komplizéiert et ass, der Bevëlkerung hir Gesondheet ze schützen, a gläichzäiteg d‘Wirtschaft um Rullen ze halen. Dat erkläert och, firwat et dobaussen op de Stroosse Mënschen huet, déi sech nach just kënnen un de Kapp gräifen. Et ass schwéier nozevollzéien, wann déi wou déi gréissten Ustrengungen an Investitiounen a Punkto „Schutz“ op sech geholl hunn, als éischt mussen zoumaachen: d‘Betriber aus dem Horesca-Secteur an der Kultur (Kino & Theater).

Mee gutt, iergendanzwousch muss een den Hiewel jo wuel usetzen, an et dierf ee roueg gleewen, datt sech derzou ze entschléissen, d‘Bistroen an d‘Restauranten, d‘Kinoen an d‘Theatere bis elo emol de 15. Dezember zouzemaachen, dem Binom Bettel/Lenert a wuel och dem Recht vun der Regierungsekipp net dierft liicht gefall sinn. Leider dinn si sech och beim erklären eppes schwéier.

Dat gesäit esou och de Staatsrot, dee jo fir all Gesetz dierf een Avis erstellen a bei dësem Text nach ëmmer no den objektive Kritären a fir jidderee verständlech Erklärunge sicht. Sech eenzeg an eleng drop baséieren, datt een de Gesondheetssystem net dierf iwwerlaaschten an och déi gewéinlech Pathologie muss kënne behandelt ginn, ass anscheinend als Argument eleng eppes ze kuerz gegraff.

Wa Convivialitéit de Problem ass

Laut dem Premierminister war d‘Zäit komm wou een huet missen d‘Handbrems zéien, fir sech eppes Handlungsspillraum ze ginn. Hien ass dann och iwwerzeegt, datt d‘Bierger am Land dës Mesure novollzéie kënnen. Kee wéilt et op ee Lockdown ukomme loossen, an elo dräi Wochen d‘Fräiheeten eppes „anzeschränken“, wier déi beschte Léisung déi engem zur Verfügung steet.

Richteg ass, datt den Infektiounstaux am Land mat iwwer 500 Infektioune fir 100.000 Awunner entschidden ze héich ass. De Leit un d‘Häerz ze leeën, déi sozial Kontakter – also eigentlech d‘Kontakter am grousse Ganzen – esouwäit méiglech ze ënnerbannen, ass dat eent. Besser schéngt et ze sinn, wann een d‘Bistroen an d‘Restauranten, mee och Kinoen an Theateren zoumécht.

D‘Argument: iwwerall wou et convivial zougeet, ass de Risk sech ze infizéiere maximal. Dat ass grondsätzlech net verkéiert, mee och do wou et net „esou convivial zougeet“, wéi am ëffentlechen Transport op der Aarbecht oder an der Schoul, ass de Risk net wesentlech méi kleng. Dat och dann, wann een op deene Plaze gehalen ass seng Mask unzedoen, wann d‘Distanz net anzehalen ass.

Wat sech ännert

Déi bekannte Mesuren, esou wéi se am leschte Covid19-Gesetz beschloss goufe bleiwe gülteg. Et gëtt un der Spärstonn (23 bis 6 Auer) festgehalen. Nei ass d‘Fermeture vum Horesca-Secteur an de Kulturtempel. Och d‘Zuel vun de Leit déi een dierfen doheem besichen ass vu véier op zwee erofgesat ginn, woubäi et dem Premier am léifste wier, wann ee guer net géif op „Besuch“ goen.

Elo ass et natierlech wesentlech méi einfach, mat Steng op d‘Regierung ze geheien, wéi dann ze verstoen, wéi eng weider Optiounen um Dësch leien. Dat huet sécherlech och mat der Aart a Weis ze dinn, wéi kommunizéiert gëtt. Mat eppes Verstand awer, misst jidderengem verständlech sinn, datt een an der presenter Situatioun eigentlech konsequenter Weis nees misst alles confinéieren.

Dat awer wëll natierlech och keen, firwat sech den Duo Bettel/Lenert fir ee Mëttelwee entscheet huet an natierlech weess, datt och dat wäert fir Gejäiz suergen. Si betounen dann och, datt et hei absolutt net drëms geet enger Branche de schwaarze Péiter ze reechen. Et gouf och ënnerstrach, datt den Entreprisen aus dëse Secteure wäert den Ëmstänn entspriechend ënnert d‘Äerm gegraff ginn.

Gutt gemengt ass och keng Léisung

Et ass awer elo fir d‘Patronen an déi Lounofhängeg aus dëse Secteure keng „Hëllef“ am Sënn wéi et politesch geduecht ass. Si wëllen hir Aarbecht maachen an hu fir dat sécherzestelle maximal bis extreemst Efforte gemaach. Vill Geld gouf an de Grapp geholl, d‘Verhalensreegele sinn op lénks gedréit ginn a munch Client, deen de Maske-Reflex nach net verënnerlecht huet, gouf gezësst.

Et kléngt dann och wéi Hohn – wat wierklech net beabsichtegt ass – datt et grad do wou déi gréisst Ustrengungen ënnerholl goufen, déi meeschten an och strengste Kontrollen (zu Recht) gemaach ginn, elo soll fir dräi Wochen zougemaach ginn. De Schoulbetrib – mat Ausnam vun den ieweschte Joergäng am Lycée wou eng Alternance soll agefouert ginn – soll dogéint normal weiderlafen.

Och op d‘Schaff dierf sech de Mënsch weider beginn. Natierlech ass et hei sënnvoll, zumindest wou et méiglech ass, vum Télétravail gebrauch ze maachen. Mee dausende Leit déi all Dag an d‘Land schaffe kommen an hire „Plat du Jour“ anzwousch gebafft hunn, mussen sech elo eng Schmier apaken oder an der Mëttegstonn anerwäerts eppes fir tëscht Zänn fannen. Ass do kee Risiko?…

Foto: Elo sollt een op alles verzichte wat net muss sinn, mengt de Premierminister Xavier Bettel, dee Chrëschtdag als Fest nach net ofgeschriwwen huet. © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Confinement, Covid19-Pandemie, Heidi, Lockdown, Paulette Lenert, Saumur, Xavier Bettel
Next post Previous post