Search

You may also like

Frankräich: Mann kritt op oppener Strooss de Kapp ofgeschloen
Neiegkeeten Sport

Frankräich: Mann kritt op oppener Strooss de Kapp ofgeschloen

E Freideg am Nomëtten ass ee Mann onwäit vun enger

Réidener Schwämm a seng nei Rutschen – bereet naass ze ginn?
Neiegkeeten Sport

Réidener Schwämm a seng nei Rutschen – bereet naass ze ginn?

Gëschter Mëtteg sinn an der Réidener Schwämm déi zwou nei

Wat eng Hëtzt – Ofkillung am Colruyter Frigo?
Neiegkeeten Sport

Wat eng Hëtzt – Ofkillung am Colruyter Frigo?

Et steet eis nees eng Hëtztwell virun der Dier –

Den Elsy Jacobs Festival start d’Saison!

Den Elsy Jacobs Festival start d’Saison!

Den Elsy Jacobs Festival fänkt e Freideg un an hält Sonndes op. Dës Course, déi fir Frae reservéiert ass, ass den Ufank vun enger ofgekierzter Saison. An och d’Christine Majerus wäert dobäi sinn. D’Lëscht vun de Recommandatiounen ass sou laang wéi en Dag ouni Brout, mee zu dësem Präis kann esou een Evenement am Häerz vun enger Gesondheetskris stattfannen. En Enn ass nach net a Siicht.

Fir datt de Festival, ee wichtegt Evenement am Dammevëlo zu Lëtzebuerg, méiglech ass, muss sech un e strenge Protokoll gehalen ginn. Um Programm stinn dräi Deeg laang Course. En 2,2 km laange Prolog zu Zéisseng fänkt e Freideg un, dono folgen zwou Etappen zu Stengefort e Samschdeg (125,1 km) a Garnech (105 km) de Sonndeg.

De Plateau wäert mat 8 UCI World Teams an 10 UCI Kontinentalequippen, wat eng gutt honnert Participanten duerstellt, gutt gefëllt sinn. Ënnert de bekannte Kapp fanne mir d’Christine Majerus (SD Worx). Déi national Meeschtesch huet dës Course 2017 gewonnen, am folgende Joer gouf hatt zweeten.

D’Italienerin Letiza Paternoster, Gewënnerin vun 2018 wäert mam Ruth Winter an dem Amalie Dideriksen e gutt bewaffent Trek-Segafredo Team féieren. D’Lizzie Banks (Ceratizit), d’Marleen Reusser, d’Marta Bastianelli, d’Tatiana Guderzo (Ale), d’Lorenza Wiebes, d’Coryn Rivera (DSM) an d’Emma Norsgaard (Movistar) wäerten déi aner Meedercher sinn, déi mat vun der Partie sinn.

D’SAF Cessange, d’Organisateure vun der Course, hu misse mat den Autoritéite kämpfen, fir datt d’Evenement stattfanne kann. Am leschte Joer huet et missen ofgesot ginn.

Aner Evenementer wéi d’Flèche du Sud konnten net ofgehale ginn an de Rescht vum Kalenner ass nach ëmmer ongewëss. Eng vun de wéinege Gewëssheeten an de kommende Méint schéngt d’Duerchféierung vun der Tour de Luxembourg ze sinn. Déi ass vum 14. bis den 18. September.

Zesumme mat mental.lu

Related topics Amalie Dideriksen, Christine Majerus, Course, Dammevëlo, Elsy Jacobs Festival, Garnech, Letiza Paternoster, Lizzie Banks, Ruth Winter, Stengefort, UCI World Teams, Zéisseng
Next post Previous post