Search

You may also like

WikiLeaks-Informantin Chelsea Manning a Beugehaft
Neiegkeeten

WikiLeaks-Informantin Chelsea Manning a Beugehaft

D‘Chelsea E. Manning hat als Bradley Edward Manning fir d‘US-Arméi

Gewënnspill zum weltwäiten Dag vum Autismus 2019!
Neiegkeeten

Gewënnspill zum weltwäiten Dag vum Autismus 2019!

Zum weltwäiten Dag vum Autismus um 2. Abrëll verlouse mir

ArcelorMittal Wierk zu Taranto: Al, gëfteg an déidlech?
Neiegkeeten

ArcelorMittal Wierk zu Taranto: Al, gëfteg an déidlech?

Den ILVA-Deal vum indesch-lëtzebuergesche Stolkonzern ArcelorMittal, war schonn am November

Méi Eltere, manner Staat

Méi Eltere, manner Staat

Eltere sinn ass schwéier. Dat ass net nëmmen en 08/15 Sproch, mee e Fakt – et heescht net fir näischt kleng Kanner, kleng Suergen. A grouss Kanner, gréisser Suergen. Dat ass awer nach net alles. Leider kréien d’Elteren och vum Staat selwer Steng an de Wee geluecht.

E Beispill dofir ass d’Ofschafung vun der Primm fir d’Educatioun, déi eng Mamm bis 2015 nach bezéie konnt, fir mam Puppelchen e puer Joer doheem ze bleiwen a sech selwer ze këmmeren. Elo heescht et, séier schaffe goen. Ma wien bleift do op der Streck? D’Kanner sécher. D’Elteren och. De Staat? De laacht sech en Eck ewech. Oder net?

Wien sech e bëssen informéiere wëll fir aner Bléckwénkel ze gesinn, ass op der Internetsäit famill.lu gutt opgehuewen. Si schécke reegelméisseg informativ Newsletteren eraus. Momentan huet dësen “Groupement d’intérêt” eng Petitioun um lafen, déi et ze ënnerstëtze gëllt. D’Zil ass, datt déi Mammen an och d’Pappen, déi sech gären ëm hir Kanner doheem wëlle këmmeren, ouni am Dauerstress ze sinn, och d’Recht hunn ënnerstëtzt ze ginn. D’Eltere missten do nawell selwer entscheeden dierfen. Well och d’Kannererzéiung an de ganze Ronderëm ass Aarbecht, wann och eng schéin. A jo, dat misst méi unerkannt ginn.

Et ass jo schéin a gutt, datt et Crèchen an Dagesmamme ginn, déi dës “Aarbecht” wëllen iwwerhuelen, ma et gëtt näischt méi Schéines fir e Kand fir vun der Mamma oder dem Pappa gewéckelt ze ginn. Oder gekacht ze kréien, ëmäermelt, beschäftegt a getréischt. Esou gëtt d’Kand Hand an Hand sécher duerch d’Liewe gefouert.

Dir sidd der Meenung datt eng Petitioun Sënn mécht? Hei de Link, fir de Kropp ze maachen.

https://www.chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Petitions/RoleDesPetitions?action=doPetitionDetail&id=2111

Illustratioun : © Jude Infantini / unsplash

Related topics Erzéiung, Famill, famill.lu, Fräi Entscheedung, Petitioun 1666
Next post Previous post