Elteren hafte fir hir Kanner

Nom mäerderesche Schoulbesuch am Oxford Township, enger amerikanescher Klengstad am US-Bundesstaat Michigan, wou en Teenager mat enger automatescher Pistoul aner Schüler erschoss huet, waren um Freideg dem Bouf seng Eltere verhaft ginn. Si hätte wëlle flüchten, esou heescht et säitens den Autoritéiten. Si goufe wéinst „onfräiwëllegem Homicide“ a véier Fäll verhaft.

Ofxord Township

Laut der Staatsanwältin Karen McDonald, soll d‘Mamm vum 15 järege Mäerder, d‘Waff als Kaddo fir Chrëschtdag bezeechent hunn. Hei gëtt sech op Posts an de sozialen Netzwierker bezunn. Vun der Police gëtt matgedeelt, datt den Teenager um Virowend vum „Aktiounsdag“ mat sengem Handy ee Video opgeholl huet, an deem den Ugrëff fir den Dag drop ganz oppen a kloer verkënnt huet.

Si woussten anscheinend Bescheed

Et wier wuel ze verhënnere gewiescht, den Teenager hat um selwechten Dag mat sengen Elteren ee Gespréich mat der Schouldirektioun. Déi hat den Trio agelueden, well de 15 järege Gewaltfantasien op sengem Pult soll an Zeechnunge gepaakt hunn. E Bild vun enger Patroun an enger Läich, wéi och Spréch, haten d‘Opmierksamkeet erwächt. Nom Gespréich ass de Borscht zréck an d‘Klass.

Ofxord Township
(vlnr) James, Ethan an Jennifer Crumbley © Oakland County Jail /MI

Laang huet hien et an der Klass net ausgehalen, ass op d‘Toilette gaangen, huet säi Chrëschtkaddo ausgepaakt… an de Rescht a bekannt. Elo ass esou eng Uklo, wei se vum Karen McDonald an den USA éischter d‘Ausnam, mee d‘Staatsanwältin, eng Kautioun vu 440.000 US-Dollar gouf vun der Riichterin festgeluecht, well ganz offensichtlech Fluchtgefor besteet. Op dat esou alles richteg ass?

Et muss een all Klack héieren…

Richteg ass, datt nodeems den Teenager seng Komerode wéi Raten anihiléiert hat, sech ouni grouss Stécker vun de Poliziste verhafte gelooss huet, an seng Elteren sech verfuusst hunn. Si hate 4.000 US-Dollar opgehuewen, d‘Handyen ausgeschalt an hätten – esou d‘Behaaptung vun der Police an der Procureurin – sech an engem Industriegebai zu Detroit verstoppt. Mee stëmmt dat och esou?

Ofxord Township

Laut dem Affekot vun den Elteren, soll d‘Koppel d‘Klengstad verlooss hunn, well si dovunner ausgaange sinn, datt et bannent der Klengstadcommunautéit kéint zu Attacke géint si kommen, datt et eventuell Familljen an oder Frënn vun den Affer huet, déi de bibleschen Ausgläich – A ëm A, Zant ëm Zant – wéilten erbäiféieren. Et wier eng ziviliséiert Method Gerechtegkeet ëmzesetzen…

mat indymedia/chi

Dernières nouvelles