Search

You may also like

Online Cannabis kafen: an Israel e Nischemaart
Neiegkeeten

Online Cannabis kafen: an Israel e Nischemaart

Et brauch um een um Handy nëmmen e puer Klicks

Ekosystemer duerch déi extrem Wiederkonditioune bedreet
Neiegkeeten

Ekosystemer duerch déi extrem Wiederkonditioune bedreet

An Australien ass d‘Stëmmung ugesiichts dem Klimawandel schlecht. Déi extrem

Moovijob Tour Luxembourg
Neiegkeeten

Moovijob Tour Luxembourg

De Moovijob Tour Luxembourg ass déi gréisste Foire vum Land,

Elteren op Facebook versus Educatiounsminister

Och an der Allerhellegevakanz bleift d‘Schoul a ville Menagen en zentraalt Thema

Elteren op Facebook versus Educatiounsminister

Nodeems sech scho virun der Allerhellegevakanz esou zimmlech all Gewerkschaft a Studenten- respektiv Schülervertriedung zu den an de Schoulen ugewannte sanitäre Moossname geäussert hunn, ass et elo un de Elteren – op organiséiert oder jidderee fir sech – sech zu de Mesuren ze äusseren. Si beroden an diskutéieren an der Facebookgrupp „Covid in Schools (Luxembourg)“.

Dës Privat a folgerichteg geschlosse Facebookgrupp zielt schonn 1.329 Memberen. An dëser Grupp ass eng vun de gréisste Suergen, datt et wéinst den héijen Infektiounszuelen an der Bevëlkerung zu Verzögerunge bei den Testresultater komme kéint. Et feelt hei dann och net u Beispiller, sou wéi dat vun enger Mamm, déi erzielt datt si vun der Schoul informéiert gouf, datt ee vun de Schüler an der Klass vun hirer Duechter, positiv op de Coronavirus getest ginn ass, an datt unhand dësem Resultat den Zeenario I ausgeléist ginn ass.

Bei dësem Zenario dierfen d‘Kanner da zwar nach ëmmer an d‘Schoul goen, sollen sech dogéint awer doheem vun deenen aneren isoléieren. Der Mamm gouf weiderhi vun der Schoul matgedeelt, datt sech déi zoustänneg Autoritéiten nach emol mat hir géifen a Verbindung setzen, an datt hiert Meedche géif getest ginn. Dës Damm huet dann an Ofsprooch mam Enseignant en Test bei hirem Hausdokter maache gelooss. Dat ass awer dem Fait geschëlt, datt wéi d‘Uweisung vun der Santé bei hir ukomm ass, zwee weider Kanner positiv getest goufen.

Et muss een net Expert sinn, fir sech virzestelle wat elo kënnt: a jo och d‘Duechter vun dëser Damm war Covid19-Positiv. Dës Fra mat hirem Kand ass bei wäitem keen Eenzelfall, woubäi een hei scho sollt ervirhiewen, datt dës Facebookgrupp eng „Minoritéit“ duerstellt. Dat soll net heeschen datt si Onrecht hätten, mee et ergëtt sech, datt et op en Neits déi „sozial benodeelegt“ Menage sinn, déi hei net matschwätze kënnen, obwuel et sollt ersiichtlech sinn, datt och déi mat selwechte Problemer ze kämpfen hunn. Mee gutt, dat just als Remark.

Richteg ass dann awer d‘Fuerderung no méi Transparenz. Vun den zoustännegen Administratioune gëtt méi Oppenheet am Bezuch op déi aktiv Fäll verlaangt. Vun de Schoulen, also quasi vum Minister gëtt sech erwaart, datt dësen déi sanitär Moossnamen an de Schoulen nach emol verstäerkt. An dëser Grupp schéngt ee sech zudeem drop verstännegt ze hunn, datt wuel besser Wier eng Klass ganz heemzeschécken, wann ee positive Covid19-Fall optrëtt. Dës Decisioun awer trëfft jo net den Educatiounsministère, dat ass der Santé hire Job.

Ob et méiglech ass, datt sech d‘Koordinatioun, also dee Service deen de Lien tëscht Gesondheets- an Educatiounsministère mécht, bannent der Allerhellegevakanz kann dëse Fuerderungen unhuelen? Laut eng Spriecher vum Educatiounsministère, géif aktuell un enger Léisung geschafft. Zudeem ass drop hinzeweisen, datt Transport- an Educatiounsministère sech och virgeholl hunn, d‘Problemer am Schoultransport wärend der Allerhellegevakanz ze léisen. Geséchert bleift: eng Schoul kann nëmmen a leschter Instanz zougemaach ginn.

Related topics Covid in Schools, Covid19, Facebookgrupp, Schoulen
Next post Previous post