Search

You may also like

Honger a Krich am Jemen: D’UNO-Memberlänner suerge fir Enttäuschung
International Neiegkeeten Sport

Honger a Krich am Jemen: D’UNO-Memberlänner suerge fir Enttäuschung

D’Konflikter, déi schonn zënter ville Joren de Jemen beherrschen, féieren

Spärung tëscht Walfer an dem Stafelter wärend 3 Wochen
International Neiegkeeten Sport

Spärung tëscht Walfer an dem Stafelter wärend 3 Wochen

Zu Walfer wäert en ënnerierdesche Passage um Niveau vum PN17

surprise
Fir de Referendum a Katalounien
International Neiegkeeten Sport

Fir de Referendum a Katalounien

Nom Enn vun der Franco-Diktatur, war ech der Meenung, datt

Ukraineschen EM-Trikot suergt fir Gedauschs

Russland ass net begeeschtert, datt den Trikot eng stiliséiert Kaart mat de Landesgrenzen inklusiv der Krim opweist

Ukraineschen EM-Trikot suergt fir Gedauschs

E Freideg fänkt d‘Fussball Europameeschterschaft un, a well et de Grondsaz vun UEFA (wéi och der FIFA) ass, datt Sport net dierf zu politeschen Aussoen an/oder Aktioune mëssbraucht dierf ginn, dierft et interessant sinn ze gesinn, wéi ee mat dëser Provokatioun ëmgeet.

De Weekend iwwer huet de President vum ukrainesche Fussballverband, Andrej Pawelko, dem Nationaltrainer Andriy Schevchenko den Trikot vun der Nationalekipp iwwerreecht. Dësen ass knallgiel an huet d‘Ëmrësser vum Land opbrodéiert kritt. Et ass d‘Kaart vun der Ukrain a senge vëlkerrechtlech unerkannte Grenzen, also och mat der Krim an de Volleksrepubliken Donezk an Luhansk. Et soll ee Symbol „vun der ongedeelten Heemecht sinn“, esou den Andrej Pawelko.

Tatsächlech dierft eng däitlech Provokatioun sinn, déi politesch vun den Europäer matgedroe gëtt. A Russland sinn se drop agaangen, firwat dann emol dat éischt Zil getraff gouf. Moskau bezeechent et als antirussesch Propaganda, an en Deputéierte vun der Regierungspartei Jedinaja Rossija, erwaart elo vun der UEFA, dëser Provokatioun en Enn ze bereeden. Dat wäert déi aus Grënn net maachen.

EM 2021© Joshua Hoehne / unsplash

Et ass jo schliisslech nach ëmmer esou, datt aus vëlkerrechtlecher Siicht, déi um Trikot vun der ukrainescher Nationalmannschaft ofgebilte Kaart richteg ass. Dat bestreit dann d‘Spriecherin vum russeschen Ausseministère net. Also villméi geet d‘Maria Sacharowa net op d‘Kaart an, kann sech allerdéngs anere „Stil-Elementer“ um Trikot bedéngen, fir sech a Kritik ze üben. Si weist drop hin, datt den Trikot den ëmstriddene Slogan „Slawa Ukraijni, Slawa Herojam“ um Col stoen huet…

Dëse Sproch ass den offizielle militäresche Grouss vun den ukrainesche Sträitkräften, mee och de Slogan vun den ukraineschen Nationalisten déi am leschte Joerhonnert Nazi-Däitschland ganz no stoungen. De Sënn wier awer sengerzäit en anere gewiescht. Zu Bréissel sinn se begeeschtert, datt sech den zukünftege Bäitrëttskandidat esou subtil ze positionéiere weess, mee et äussert ee sech net.

Fir den ukraineschen Ausseminister Dmytro Kuleba, huet sech via Twitter an d‘Diskussioun abruecht. „Ech hunn ee Message fir déijéineg, wou sech un den international unerkannte Grenze vun der Ukrain stéieren. Mir wäerten et net zouloossen datt déi national Symboler vun der Ukrain beleidegt ginn“. D‘UEFA ass net blöd, an hat zäiteg d‘Jalone geluecht, esou datt d‘Ekippe sécher net openaner treffen… also bis zur Véierelsfinall. An déi gesäit keng vu béide Mannschaften…

mat indymedia/mow/zrh

Illustratioun: © Joshua Hoehne / unsplash

Annex: Nazifizierung der Ukraine (wéi pro-russesch Medien et gesinn)

Related topics EM 2021, FIFA, Politik, Propaganda, Russland, Trikot, UEFA, Ukrain
Next post Previous post