Search

You may also like

Fir d’Sécherheet vun der Police: D’Pirate fuerderen ee Gespréich
International Neiegkeeten

Fir d’Sécherheet vun der Police: D’Pirate fuerderen ee Gespréich

D’Piraten hunn op de soziale Medien matgedeelt, datt si eng

Méi „politesch“ Gewalt an Däitschland
International Neiegkeeten

Méi „politesch“ Gewalt an Däitschland

2020 huet et laut dem offizielle Wuertlaut, ronn 45.000 Strofdote

Vulkan Sinabung op Sumatra erwächt
International Neiegkeeten

Vulkan Sinabung op Sumatra erwächt

Zanter engem Joerzéngt gëtt de Vulkan op der indonesescher Insel

Well d‘Email eppes Verspéidung hat…

Datt dem Lukaschenko seng Fligerëmleedung mat enger fetter Lige verbonne war, ass ni a Fro gestallt ginn; elo dank dem Internetprovider schéngt et Beweiser ze ginn…

Well d‘Email eppes Verspéidung hat…

Nach um Mëttwoch hat de wäissrussesche President Alexander Lukaschenko dem Parlament zu Minsk erkläert, datt d‘Ëmleedung vum Vol FR4978 Athen-Vilnius, opgrond vun enger per Email verschéckte Bommebedreeung erfollegt war. D‘Email wier aus der Schwäiz verschéckt ginn…

De Schwäizer Operateur „Proton“, deen eng ofgeséchert Messagerie ubitt, confirméiert datt déi genannte Mail iwwert hir Server gelaf sinn. Unhand de „Protokoller“ déi esou eng Email hannerléisst, kann een se natierlech zäitlech anuerdnen. Esou dann elo gewosst, datt d‘Autoritéiten déi angeblech vun der Hamas verfaasste Bommebedreeung, no der Ëmleedung erhalen hunn.

Am kuerze Communiqué vu Proton heescht et: „Mir hu keng glafwierdeg Beweiser gesinn, datt déi vun de wäissrusseschen Autoritéite getätegt Aussoe stëmmen. Mir wäerten déi europäesch Ämter, wa mir eng rechtlech konform Ufro erhalen, bei hiren Ermëttlungen ënnerstëtzen“.

Et ass eppes an der Loft

Zanter dësem Tëschefall sinn d‘Bezéiungen tëscht der EU a Wäissrussland vu Sanktioune gepräägt, an och Russland mécht mat. D#EU huet säi Loftraum fir all Fliger aus Wäissrussland gespaart an d‘Fluchgesellschafte goufen opgefuerdert, de wäissrussesche Loftraum ze ëmfléien. Dat maachen déi och. Elo schéngt awer och Russland säi Loftraum, europäesche Gesellschaften zouzemaachen.

Esou huet ee Mëttwoch de Vol AF1154 Paräis-Moskau missen ofgesot ginn. Offizielle Grond, well fir de Vol CDG-SVO, dee jo de wäissrussesche Loftraum sollt ëmfléien, an zu dësem Zweck huet Air France déi nei Fluchroute de Russe gemellt, fir d‘Autorisatioun hire Loftraum ze betrieden, ze erneieren. Datselwecht huet ee Vol de Austrian Airlines VIE-MOW betraff, wéi elo gewosst ass.

Déi national franséisch Pilotevereenegung huet Moskau opgefuerdert dat internationaalt Recht ze respektéieren, fir dat franséisch Fluchgesellschafte weider russesch Destinatiounen ufléie kënnen. De franséischen Transportminister, Jean-Baptiste Djebbari, well sech mat sengem russeschen Homolog iwwer méiglech „Léisungen“ ënnerhalen. Dobäi ass de Problem just en administrativen

Moskau stellt dat internationaalt Recht net a Fro, gëtt awer ze bedenken, datt esou Autorisatioune jo awer ee gewëssene Verwaltungsopwand mat sech bréngen. Stëmmt, woubäi se zu Moskau eventuell awer Äntwerte kéinte, mee et hieft keen de Telefon op an op Schrëftverkéier reagéiert och keen. A wann Administratiounen eppes verschleefe wëllen, ass dat net emol mat Aarbecht verbonnen…

Déi mam Knuet am Laf

Eng Woch nom Minsker „Tëschefall“ huet elo och d‘UNO, de Virfall op d‘Dagesuerdnung gesat. Déi fir d‘zivil Loftfaart zoustänneg UN-Organisatioun ICAO, huet gëschter ugekënnegt de Virfall ënnersichen ze wëllen. Bei der ausseruerdentlecher Sëtzung zu Montreal hu sech d‘Memberen drop verstännegt d‘Fakten ze ermëttelen an ze klären ob „e Member“ géint geltend Recht verstouss huet.

Bis zum 25. Juni soll dann ee Tëschebericht virleien. D‘Sëtzung war vun den USA, hire Follower an dem iresche Verkéiersminister Eamon Ryan – dee jo bezunn op de Fait datt Ryanair eng iresch Fluchgesellschaft ass, och politesch Interesse vertriede muss – aberuff ginn. Wat bréngt dat?

Wann d‘ICAO eng Organisatioun vun de Vereenten Natiounen ass, dann ass hire Pouvoir awer net grouss genuch fir Schued unzeriichten. A wa gewosst ass, wéi muechtlos schonn den UN-Sécherheetsrot ass, sollt een net dovunner ausgoen, datt ICAO grouss Sanktiounsméiglechkeeten huet. De facto kann d‘ICAO am äusserste Fall dem „Béisen“ d‘Stëmmrecht entzéien…

Datt dat esou näischt ka ginn, a folgerichteg keng grouss Erwaardungen un de versprache Bericht ze stelle sinn, eng Evidenz. An hei ass den Dissens jo nach net emol richteg am Gremium berode ginn, soss hätt een déi russesch „administrativ Aarbechtsgeschwindegkeet“ wuel och missen uschwätzen.

mat indymedia/zrh/par/vie/mov/yul

Illustratioun: © Bruno Figueiredo / unsplash

Related topics Chicagoer Konventioun, ICAO, Iwwerfluchsrechter, Loftraum, Moskau, Roman Protassewitsch, Ryanair, Sanktiounen, Wäissrussland
Next post Previous post