Search

You may also like

Vulkanausbroch op La Palma
Auto International

Vulkanausbroch op La Palma

D‘Lava huet säi Wee iwwert ee weidere Wee an d‘Mier

LA BIG COLLECTE: Grouss Recycling-Aktioun am Hifi
Auto International

LA BIG COLLECTE: Grouss Recycling-Aktioun am Hifi

Vum 27. Oktober bis den 21. November 2020 Hifi International

Faschistesch Interferenzen am Bundestag
Auto International

Faschistesch Interferenzen am Bundestag

Um Donneschdeg huet sech de „Conseil vun den Eeleren“ vum

Emanzipatioun a Saudiarabien: Och eng Fra dierf mam Auto fueren

Emanzipatioun a Saudiarabien: Och eng Fra dierf mam Auto fueren

A Saudiarabien ass eng historesch Entscheedung getraff ginn: am eenzege Land op der Welt an deem et de Fraen ënnersot war mam Auto ze fueren, huet e kinneklechen Dekret, deen um Dënschdeg bekannt gemaach ginn ass, de Verbuet opgehuewen.

Et ass de Kinnek Salmane héchstperséinlech deen de Uerder ginn huet „ze erlaben e Führerschäin ausstellen, egal op d’Persoun männlech oder weiblech ass“. Esou den Text wéi e vun der Regierungsagence SPA verëffentlecht ginn ass. Dës Mesure, eng Fuerderung vun de Militantinnen – déi och schonn emol am Prisong gelant si well se sech iwwert de Verbuet ewech gesat hunn – soll ab Juni 2018 am ultrakonservative Räich a Kraaft trieden.

„Ech stinn nach ënnert dem Schock, ech fillen eng grouss Freed“, esou d’Haya Rakayane (30), eng Bankugestallte vu Riyadh. „Ech hat mir esou eng Entscheedung net virun 10 oder 20 Joer erwaart“, esou déi jonk Fra géintiwwer der AFP.

E glécklechen Dag

„Et ass e glécklechen Dag! Ech kann et nach net gleewen. Ech wäert et och net gleewe bis ech dat mat mengen eegenen Ae gesinn hunn“, seet Chatra Dousri eng Ugestallte vun der Pëtrolsfirma Aramco zu Dahran. Si gëtt zou schonn emol um Terrain vum Wunnkomplex Auto gefuer ze sinn, mee nach ni ass si op der Strooss gefuer.

Vill Frae vun der saudiarabescher Elite, déi hunn dierfen zu London oder Dubai Auto fueren, dat awer net zu Riyadh, hunn et am Kinnekräich awer versicht. Se goufe systematesch festgeholl.

D’USA hunn dës Noriicht begréisst, ëmmerhin ass Saudiarabien hiren Alliéierten. De President Trump ënnersträicht dann och „e positive Schratt fir d’Promotioun vun de Fraen a Saudiarabien“. Deem schléisst sech den Antonio Guterres, UN-Generalsekretär un. Op Twitter ass dat fir hien „de Schratt an déi richteg Richtung“.

Wirtschafts- a Sozialreformen

Déi Mesure ass dann awer nëmmen eng vu villen, déi am ambitiéise Kader vu Wirtschafts- a Sozialreforme bis 2030 a Saudiarabien sollen ëmgesat ginn. D’Land wëll seng Ofhängegkeet vum Pëtrol begrenzen a schéngt verschidden Aschränkungen, deenen d’Fraen ënnerleien, wëllen opzehiewen. Esou d’Tutelle vun engem Mann aus der Famill (oft ass dat de Papp) fir dierfen ze studéieren oder ze reesen.

D’Entscheedung de Fuerverbuet fir Fraen opzehiewe kënnt kuerz no der Erlaabnes vun den Autoritéiten, de Nationalfeierdag e Samschdeg dierfen an engem Stadion ze zelebréieren. Eng Première an dësem Land. Männer a Fraen hunn an de Stroossen zum Rhythmus vun „elektronescher“ Musek gedanzt, eppes wat nach ni do war. Ëmmerhin ass d’Land éischter bekannt fir seng Segregatioun vun de Geschlechter am ëffentleche Raum.

Riyadh versicht virsiichteg verschidde Forme vun „Amusement“ ze fërderen, dat entgéint der Oppositioun vun den Ultrakonservativen. Deene schéngt entgaangen ze sinn, datt d’Hallschent vum Vollek manner wéi 25 Joer jonk ass.

De „wäisse“ Prënz

Et war am November vum leschte Joer, wou de Prënz a Milliardär Al-Walid ben Talal, dee bekannt ass zimlech riicht eraus ze sinn, dozou opgeruff hat de Fraen d’Recht ze gi mam Auto ze fueren. Hien huet deemools „bedauert“ dat et immens Käschte verursaacht, well d’Frae fir sech kënnen ze deplacéieren op Chauffeuren – meeschtens Auslänner – oder Taxien ugewise sinn.

A wann emol e Mann d’Zäit fonnt hätt seng Fra enzwousch hinzeféieren, hätt dat bedeit, datt hien seng Aarbechtsplaz verlooss huet, wat e Verloscht vun der Produktivitéit wier. De Fraen ze erlaben Auto ze fuere wier „eng dréngend sozial Demande déi vun de Konjunktur justifiéiert gëtt“, esou den Al-Walid ben Talal. Hien huet sech hei op d’Baisse vun de budgetäre Recettë beruff, déi duerch de Präisverfall vum Pëtrol ervirgeruff ass.

Ier de Verbuet opgehuewe konnt ginn, hat de Kinnek awer d’Vir- an d’Nodeeler gepréift. Laut dem Salmane hätten sech „déi meescht Geeschtlech fir d’Mesure ausgeschwat“.

Saudiarabien bleift restriktiv

Déi sozial Restriktiounen déi mat dëser a weidere Mesuren opgehuewe ginn, dierfen awer net doriwwer ewech täuschen, datt sech bei den zivillen a politesche Rechter näischt doe wäert. Hei geet et an éischter Linn dorëms d’Kritik vun enger rezenter Repressiounscampagne ofzedoen.

D’Autoritéite vu Saudiarabien hunn net méi spéit wéi nach dëse Mount aflossräich Priedeger an Intellektueller verhaft. Dat am Kader vun enger „koordinéierter Campagne“, esou Militanten.

Analysten haten uginn, datt eng grouss Zuel vun dësen „Dissidenten“ déi haart Aussepolitik vum jonke Krounprënz Mohammed ben Salmane (32) kritiséiert hunn. Dorënner de Boykott vum Katar a verschidde Reformen, wéi d’Privatiséierung vun ëffentlechen Entreprisen an d’Baisse vun de staatleche Subventiounen.

mam Anuj Chopra/AFP

Foto: Ab Juni 2018 brauchen se net méi ze „poséieren“, dann nämlech dierfen d’Fraen a Saudiarabien den Auto kafen a och domatter fueren. © Amer Hilabi/AFP

Related topics Auto, Kinnek, Saudiarabien
Next post Previous post