Search

You may also like

#BlackLivesMatter: Demonstratioun virun der US-Ambassade zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

#BlackLivesMatter: Demonstratioun virun der US-Ambassade zu Lëtzebuerg

Mam Dout vum George Floyd ass d’Roserei iwwer Diskriminéierung a

Mercosur-Ofkommes: EU-Agrar-Sektor schounen
Neiegkeeten

Mercosur-Ofkommes: EU-Agrar-Sektor schounen

D’EU an d‘Mercosur-Länner (Brasilien, Paraguay, Uruguay an Argentinien) si sech

Schoettermarial – déi Lénk hunn géint en Appell virum Verwaltungsgeriicht gestëmmt
Neiegkeeten

Schoettermarial – déi Lénk hunn géint en Appell virum Verwaltungsgeriicht gestëmmt

D’Bebauung vum Schoettermarial war ee vun de Grënn, firwat déi

250 Milliounen Euro fir den Ëmbau vun der N7

250 Milliounen Euro fir den Ëmbau vun der N7

Fir de Mobilitéitsminister ass Verkéierssécherheet eng vun de grousse Prioritéiten, a wann et dann anzwousch vill ze vill Accidenter huet, esou wéi dat op der N7 tëscht Wäiswampech an dem Fridhaff schéngt de Fall ze sinn, muss verantwortlech gehandelt ginn. Et ginn awer hei (nach) keng Radaren agesat, villméi soll elo dës Strooss „nei definéiert“ ginn.

D‘Zuelen eleng schwätzen eng däitlech Sprooch, firwat et falsch wier dem Minister hei falsch oder béis Absichten ze ënnerstellen. Am leschte Joerzéngt hunn eleng op dësem Streckenofschnëtt, zéng Mënschen hiert Liewe verluer. An domat net genuch: 34 Persoune goufe schwéier blesséiert an nach 103 weider Mënschen hu sech bei Accidenter verletzt. Deem soll elo entgéintgewierkt ginn.

Um Freideg hunn esou de Mobilitéitsminister François Bausch (déi gréng) an en héije Beamte vun der Stroossebauverwaltung, de Marc Ries, de Projet virgestallt, mat deem si gemeinsam d‘N7 méi sécher maache wëllen. Déi ganz Streck tëscht Wäiswampech an dem Fridhaff bedréit 31,5 Km, mee de Projet fir d‘Sécherung vun der N7 bezitt sech 24,8 Km an betrëfft dräi Ofschnëtter.

Dat sinn: 1) Fridhaff – Houschter-Déckt; 2) Housen – Maarnech; 3) Hengescht – Wäiswampech. Zum Projet gehéiert d‘Verbreedung vun der Strooss op 5,50 Meter mat enger „Pannespur“ (Voie d‘Urgence) op senger ganzer längt. All 1,2 Kilometer soll et eng Alternance tëscht den 2:1 Spur ginn. Zousätzlech sollen déi direkt Uschlëss verschwannen an d‘Kräizungen denivelléiert ginn.

Fäerdegstellung bis 2026

Als Problem gouf och de landwirtschaftleche Verkéier erkannt. Fir de Verkéier vun dëse Gefierer ze begrenzen, soll et – esou zumindest de Marc Ries – zu landwirtschaftlechen Ouvrage kommen. Als weider Mesure gouf beschloss d‘N7 generell op 90Km/H ze begrenzen. De finanziellen Opwand läit bei 246,71 Milliounen Euro. Mat den Aarbechte soll schonn 2022 kënnen ugefaange ginn.

Gutt gesinn: an dësem Präis ass och den Tronçon vun der Vëlospist PC7 tëscht Houschent an der Houschter-Déckt virgesinn, deen am Kontext vum Ausbau soll entstoen. Och am Projet enthalen: de Contournement vun Housen (4,4 Km), d‘Revaloriséierung vum Housener Zentrum, d‘Berouegung vum Duerchgangsverkéier an d‘Verlagerung vum CR324 tëscht Boukels an Uewereesbech.

Wa gëschter wuel nach keng Rieds war vu Radaren (egal op Fix- oder Streckenofschnëttssradaren) esou ass dovunner auszegoen, datt et déi wäert ginn. D‘Radare gehéieren zur Verkéierssécherheet, och wann een dat esou net ëmmer wëll unerkennen. Mee nach ass et jo net esouwäit an et sollt een se mat den Aarbechten ufänke loossen. Dës sollten, esou de Minister bis 2026 ofgeschloss sinn.

Illustratioun: © Marc König / unsplash

Related topics François Bausch, Marc Ries, Mobilitéitsminister, N7, Stroossebauverwaltung, Verkéierssécherheet
Next post Previous post