Search

You may also like

D’19. Joerhonnert war fir Lëtzebuerg immens wichteg. Mee weess du och, firwat?
Neiegkeeten

D’19. Joerhonnert war fir Lëtzebuerg immens wichteg. Mee weess du och, firwat?

[onionbuzz quiz-id=159][/onionbuzz] Vill wichteg Saache sinn zu Lëtzebuerg am 19.

Britesch Päss fir d‘Awunner vun Hong Kong
Neiegkeeten

Britesch Päss fir d‘Awunner vun Hong Kong

Datt Peking däitlech méi Entscheedungsgewalt zu Hong Kong wëll hunn,

AHA Lëtzebuerg: Zefridde mat temporärer Mesure fir Hochzäiten
Neiegkeeten

AHA Lëtzebuerg: Zefridde mat temporärer Mesure fir Hochzäiten

AHA Lëtzebuerg (Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker a.s.b.l.) begréisst,

(Fräiwëlleg) Beroder hëllefe bei Problemer mat Harespelen

(Fräiwëlleg) Beroder hëllefe bei Problemer mat Harespelen

D‘natur&ëmwelt Asbl huet e Berodernetzwierk gegrënnt, dat mam Zil eng Landeswäit Berodung a Léisungsvirschléi am Ëmgang mat Harespelen, respektiv Harespelsnäschter anzeriichten.

De Besoin u Berodung am Kontext mat den Harespelen ass grouss. Dat besonnesch zanter de CGDIS nëmmen nach an Noutfäll ausréckt fir d‘Harespelsnäschter ofzedéiten. Dëst Berodernetzwierk besteet gréisstendeels aus éierenamtleche Beroder a soll d‘Berodungsstell vun natur&ëmwelt bei Froen zur Harespel ënnerstëtzen.

Harespelen

Um Telefon oder op der Plaz bestëmmen d‘Beroder ëm wéi eng aart vun Harespel et sech handelt an hëllefen eng Léisung ze fanne fir en onnéidegt ofdéite vun net-problemateschen Näschter ze vermeiden. D‘Beroder kenne vill Weeër déi en Zesummeliewe mat Harespele vereinfacht a kënnen an de meeschte Fäll eng Léisung ubidden.

Méi zu dësem Sujet an iwwert déi nëtzlech – wann och onbeléiften Insekten – gëtt et am neie Flyer vun natur&ëmwelt, deen een online iwwer naturemwelt.lu kann ofruffen. Et ass och méiglech eng Pabeierversioun am Haus vun der Natur op der Kockelscheier ze erhalen.

Harespelen

D‘Lëscht mat de Kontaktdate vun de sech bedeelegenden Harespelsberoder ass un all d‘Gemengen, den CGDIS, d‘Naturverwaltung, déi biologesch Statiounen an aner Organisatioune weidergeleet ginn. Déi éischt genannt, gi jo och oft als éischten Uspriechpartner am Problemfall gesinn.

Matgedeelt vun natur&ëmwelt, fräi aus dem däitschen Iwwersat vum Laure Schlesser

Related topics Berodernetzwierk, Harespelen, Natur an Ëmwelt
Next post Previous post