Search

You may also like

Den 22. Februar geet et nees an d‘Schoul!
International Neiegkeeten

Den 22. Februar geet et nees an d‘Schoul!

Zum Optakt vun der Pressekonferenz huet den Educatiounsminister Claude Meisch

Luuchten a Pneue Campagne 2020: „schwaach Batterien“
International Neiegkeeten

Luuchten a Pneue Campagne 2020: „schwaach Batterien“

Den ACL, ee wichtege Partner vun den Automobilisten an Motarden,

Esch-Uelzecht: Eng Nuecht fir d‘Kultur
International Neiegkeeten

Esch-Uelzecht: Eng Nuecht fir d‘Kultur

Dat déi Escher „Nuit de la Culture“ war wéinst der

Italien: d‘Emilia-Romagna bleift rout

Déi faschistesch Lega Nord ka sech bei dëser wichteger Regionalwahl net duerchsetzen

Italien: d‘Emilia-Romagna bleift rout

Déi lescht Héichrechnunge sinn um 3 Auer virgeluecht ginn, an laut dësen Zuelen, kéim an der Emilia-Romagna de Mëtt-Lénks-Kandidat vum Partido Democratico, Stefano Bonaccini, op 51,8% vun de Stëmmen. D‘Lucia Borgonzoni vun der Lega Nord kritt 41,5% zougeschriwwen.

Grouss Verännerunge ginn hei net méi erwaart. Dës Regionalwahlen si fir d‘Regierung wéi fir d‘Sozialdemokrate gläichermoosse wichteg. Zum engen ass d‘Koalitiounsregierung zu Roum eppes ugeschloen an zum anere gëllt d‘Regioun Emilia-Romagna als „rout Héichbuerg“. E Verloscht un d‘Lega Nord wier ee schwéiere Schlag fir de Parteilose Premierminister Giuseppe Conte gewiescht.

Romagna

Dat war de leschte Stand haut de Moie géint 3 Auer

Déi offiziell Auszielung gëtt haut am Laf vum Dag erwaart. Deet sech näischt Aussergewéinleches, a bestätegen sech d‘Héichrechnungen, wier et fir de Matteo Salvini – dee seng Muechtuspréch op nationalem Niveau wollt gestäerkt gesinn – eng zolidd Néierlag. Hien huet no der Verëffentlechung vun den Héichrechnungen awer nach net opginn a vun engem oppene Renne geschwat.

Kalabrien huet och gewielt

Zäitgläich zur Emilia-Romagna ass och a Kalabrien gewielt ginn. Laut den Héichrechnungen ass et d‘Kandidatin vun der rietskonservativer Forza Italia, d‘Jole Santelli, déi sech 53,2% kloer géif géint de sozialdemokratesche Kandidat (30,7%) duerchsetzen. Och hei ginn déi definitiv Resultater am Laf vum Dag erwaart.

Zwou Regionalwahle mat ganz ënnerschiddlechem Ausgang dierfen de Bléck net op den Detail verspären. Esou kënnt de Movimento 5 Stelle (M5S) an der Emilia-Romagna op grad emol 4,4 %. En desastréist Resultat dat den Ausseminister Luigi di Maio muss gefaart hunn. Hien hat schonn déi lescht Woch de Virsëtz vun der Partei ofginn.

Romagna

Zanter September regéiert zu Roum d‘Koalitioun vum M5S & PD, e fragilt Bündnis datt entstane war, nodeems de Matteo Salvini d‘Unioun tëscht der Lega an M5S opgekënnegt hat. De Movimento wéi och de Partido Democratico si mat internem Gestreits a schlechte Sondagewäerter geplot. Bei Regionalwahle sinn se och deels „bestrooft“ ginn.

Erfreelech awer och déi héich Wahlbedeelegung an der Emilia-Romagna. Mat 67% Participatioun hu bal zweemol esouvill Leit un de Walen deelgeholl, wéi nach bei de Wahlen 2014. Datt esouvill Leit un de Walen deelgeholl hunn, gëtt deels dem Movimento delle Sardine vum Mattia Santori zougeschriwwen, déi massiv géint d‘Populiste virginn.

mat indymedia/bol/rom

Foto: De Stefano Bonaccini vum Partido Democratico an aktuelle Regionalpresident vun der Emilia-Romagna huet sech nach an der Nuecht senge Wieler fir d‘Vertrauen an eng no vir geriichte Politik Merci gesot. © Partido Democratico

Related topics Emilia-Romagna, Forza Italia, Italien, Kalabrien, Lega Nord, Movimento 5 Stelle, Movimento delle Sardine, Partido Democratico, Regionalwahlen
Next post Previous post