Search

You may also like

LETZ BIKE – Déi 30 schéinst Vëlosweeër zu Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

LETZ BIKE – Déi 30 schéinst Vëlosweeër zu Lëtzebuerg

Um 25. Mee 2020 wäert de Lëtzebuerger Fotograf Rom Helbach

STATEC: Wa wunnen d‘Leit zur Precaritéit féiert
International Neiegkeeten

STATEC: Wa wunnen d‘Leit zur Precaritéit féiert

Laut dem STATEC, hätten d‘Menagen ëmmer méi oft Schwieregkeeten „d‘Enner

Frankräich: kloer Majoritéit fir „en Marche“
International Neiegkeeten

Frankräich: kloer Majoritéit fir „en Marche“

De President vu Frankräich kann ouni gréisser Schwieregkeete säi Programm

Entrevue tëscht dem Emmanuel an dem Angela

Entrevue tëscht dem Emmanuel an dem Angela

D‘Bundeskanzlerin fänkt un hiren Ofschid vun der Weltpolitik ze organiséieren, firwat et wichteg ass nach eppes fir d‘Geschichtsbicher ze hannerloossen. An dësem Kontext huet d‘Angela Merkel de franséische President Emmanuel Macron zum Owesiessen agelueden.

Et ass bei dëser Entrevue ëm déi grouss international Theme gaangen (d‘EM gouf aus Grënn net ugeschwat). Esou war d‘Bezéiung vun der Unioun mat der Tierkei a China en Topic, mee och dat neit Russland vum Zar Vladimir I. war ee ganz zentraalt Thema. Dat wuel och wëll sech den Joe Biden an de Vladimir Putin, zesumme mat hiren Ausseminister Blinken a Lavrov ee Mëttwoch zu Genève e klenge russesch-amerikanesche Sommet gegënnt hunn.

Nom Tête-à-tête hu sech d‘Angela Merkel an den Emmanuel Macron de Medien zougewannt. D‘Bundeskanzlerin huet an dësem Kontext nach emol ënnerstrach, datt Russland net nëmmen dee gréisste kontinentalen Noper vun der EU, mee wuel och eng zolidd Erausfuerderung ass. An dat esouwuel politesch wéi wirtschaftlech. Et sollt een also ee gemeinsaamt Interessi hunn, den Dialog mat Moskau oprecht ze erhalen. Et geet ëm Sécherheet a Stabilitéit.

D‘Bundeskanzlerin ass op déi schwiereg Bezéiung zum Sultan an dem neien osmanesche Räich ze schwätze komm an huet offenbaart, datt d‘EU op den NATO-Partner ugewisen ass. Wéi däitlech dat gemënzt ass erkennt dorunner, datt de ganz reelle Sträit vum Merkel als Meenungsverschiddenheet presentéiert gëtt. Esouvill diplomatesch Flexibilitéit freet de Recep Tayyip Erdogan, mee de kleng Fransous huet sech och dierfen zu den Themen äusseren.

Esou stellt den Emmanuel Macron dann emol fest, datt alles wat d‘Bundeskanzlerin zu Russland an der Tierkei gesot huet, esou zwar stëmmeg ass, een awer besonnesch am osmanesche Kontext muss déi verschidden Usiichte vun den EU-Partner Zypern a Griicheland consideréieren. Zudeem, an do huet de franséische President Recht, muss déi strategesch Ausriichtung vun der EU am Mëttelmier, dem Noen Osten an dem Kaukasus berécksiichtegt ginn.

mat indymedia/ber

Foto: © Auswäertiges Amt (handout)

Related topics Angela Merkel, China, Däitschland, Emmanuel Macron, Entrevue, Frankräich, Russland, Tierkei
Next post Previous post