Search

You may also like

Huet d‘EU-Kommissioun bei de Vaccine versot?
Neiegkeeten

Huet d‘EU-Kommissioun bei de Vaccine versot?

Zu Bréissel sinn d‘Technokraten an déi politesch Acteure gläichermoossen an

Bildung a Fuerschung: Zäit sech en Iwwerbléck ze verschafen
Neiegkeeten

Bildung a Fuerschung: Zäit sech en Iwwerbléck ze verschafen

Viru kuerzem hat et eng éischt Entrevue tëscht dem SEW-OGBL

Jidderee wëll ee Stéck vun der Arktis
Neiegkeeten

Jidderee wëll ee Stéck vun der Arktis

Fënnef Natiounen – Dänemark (mat Grönland), Kanada, Norwegen, d‘USA a

Ëmoperéiert géint hire Wëllen

Ëmoperéiert géint hire Wëllen

Et ass ëmmer nach eng grausam Realitéit: Intersex-Kanner kréien duerch invasiv Operatiounen e biologescht Geschlecht zougewisen. Dës Operatioune geschéien oft schonn, wann se nach Bebéeë sinn. Dobäi sinn des Operatiounen, déi net méi réckgängeg ze maache sinn, aus medezinescher Siicht onnéideg. „Dës Normaliséierungs-Interventiounen ginn ouni vollstännegt Wësse vun hire laangfristeg potenziell negativen Effekter fir d’Kand duerchgefouert“, esou Laura Carter, Fuerscherin fir Sexuell Orientatioun an Gender-Identitéit bei Amnesty International.

Dobäi kënnen des Begrëffer schwéier Konsequenzen hunn, och wéinst den Stereotypen „déi diktéieren wéi e jong oder e Meedchen ze sinn huet“, wéi Laura Carter weider erkläert. An obwuel et kengerlee therapeutesch Justifikatioun fir des Agrëffer gëtt, ginn se weiderhin an Dänemark an an Däitschland ausgefouert. Dobäi si Schätzunge no 1,7% vun der Weltpopulatioun dem intersexuellem Spektrum zou ze uerdnen.

Wat ass Intersexualitéit?

Als Intersexuell bezeechent ee Persounen, déi sech net eendeiteg dem männlechen oder weiblechen Geschlecht zou uerdne loossen. Dëst kann genetesch, hormonell oder anatomesch bedéngt sinn.

Wat gëtt bei dësen Operatioune gemaacht?

Amnesty International konnt bei hire Recherchen e puer Beispiller nennen:

  •  Operatiounen, déi eng vergréissert Klitoris verstoppe sollen. Dobäi entstinn Narben a Péng.
  •  Operatiounen un der Vagina, déi iwwert d’Joer ewech widderholl ginn, vir domadder d’vaginal Ëffnung ze  vergréisseren
  • D’Ewegschneide vu Genitalien, wat irreversibel ass an hormonell Traitementer fir de Rescht vum Liewen noutwenneg maachen
  • Operatiounen, déi d’Urethra un d’Spëtzt vun de Penis setzen, fir datt domadder en als funktiounsfäeg consideréierten Penis entsteet, deen aus kosmetescher Vue normal ass. Des Operatioune kënne laangfristeg Komplikatiounen no sech zéien.

Et handelt sech heibäi also ëm Agrëff, déi wäit räichend Folgen hunn.

Wat misst sech änneren?

Amnesty International wëll net nëmmen, datt méi an dëser Hisiicht gefuerscht gëtt. Si empfeelen och, datt mat esou Operatioune gewaart gëtt, bis déi betraffe Persoun selwer eng Entscheedung geholl huet.

Related topics Europa, Intersex, LGBT, Transgender
Next post Previous post