Search

You may also like

Editorial: Nei Weltuerdnung
Neiegkeeten

Editorial: Nei Weltuerdnung

Ee Sonndeg huet den Alexander Lukaschenko, senges Zeeche President vu

Eppes ze vill gefeiert, Brigangen, an Autoen déi brennen
Neiegkeeten

Eppes ze vill gefeiert, Brigangen, an Autoen déi brennen

Nach iert dat neit Joer sech gewisen huet, war eis

Neijoerschreceptioun zu Schëffleng: Och 2019 mussen d‘Äerm eropkrämpelt ginn
Neiegkeeten

Neijoerschreceptioun zu Schëffleng: Och 2019 mussen d‘Äerm eropkrämpelt ginn

Den 8. Januar huet de Schëfflenger Gemengerot zur traditioneller Neijoerschreceptioun

Ëmwelt, Justiz a Steierreform: déi gréng ginn sech eng Bonne Note

E Réckbléck op dat parlamentarescht Joer

Ëmwelt, Justiz a Steierreform: déi gréng ginn sech eng Bonne Note

Datt déi gréng hire parlamentaresche Bilan am „Syriously“ virgestallt hunn, war ee bewosste Geste. Dëse Restaurant stellt dat duer, wat sech déi gréng ënnert engem multikulturelle Projet virstellen. Integratioun duerch Aarbecht, solidaresch Wirtschaft an „circle economy“ entsprécht ganz dem politesch-grénge Gedanken.

Mee d‘Fraktiounspresidentin Viviane Loschetter hat wäitaus méi um Ziedel. Zanter véier Joer deel mat an der Verantwortung, hunn si et verstanen d‘Saach an d‘Hand ze huelen. Si stinn zur Zesummenaarbecht mat de Membere vun der Koalitioun. Si leeën awer och grousse wäert op den Zesummenhalt an der Partei, dat op alle Niveau‘en.

De gréngen Impakt

Vill Entscheedungen déi an der Chamber getraff goufen, si scho bei de Bierger ukomm. Am Kader vun engem Bilan ass dann och richteg drop hinzeweisen, datt muenches ee grénge Stempel drop huet. Déi gréng hunn hir Plaz an der Regierung, sinn sech do hirer Verantwortung bewosst a sti loyal zur Koalitioun.

Erënnert ginn ass och un d‘Ëffentlechkeetsaarbecht vum leschte Joer. Déi gréng hunn am ganze Land Biergerversammlungen ofgehalen. Et wier ee wonnerbaren Austausch mat der Bierger, op Lëtzebuerger oder net, gewiescht an hätt munch Denkustouss fir d‘Partei bruecht. Am gläiche Sënn sinn och Konferenzen ofgehale ginn.

Eng vun dëse Konferenzen hat sech dem Multilinguismus verschriwwen. Déi vill Sproochen hunn hei am Land ee groussen Afloss op der Aarbechtsplaz, mee natierlech och an de Schoulen. Do muss et fir jiddereen evident sinn, datt ee nei Modeller brauch.

LGBTI-Rechter ginn an der grénger Fraktioun eescht geholl. Ass awer net deen eenzege Sujet um Niveau vun der Gesellschaftsreform dee ganz uewen op der Agenda steet © Martine de Lagardère/moien.lu

Wat war a nach muss sinn

Mat der Steierreform, dem Congé Parental an der Lycéesreform sinn déi gréng esouwäit zefridden. Di geséichen et allerdéngs gäre wann de Pappecongé vu fënnef op zéng Deeg kéint ausgedeent ginn. Dofir muss wuel mat de Sozialpartner geschwat ginn, sollt awer mëttelfristeg erreecht ginn. Bei der Reform vum RMG (elo REVIS) hunn déi gréng sech mat villen ONG‘en an Associatiounen zesummegesat. Hei solle wuel nach Adaptatioune gemaach ginn.

Batter néideg a längst iwwerfälleg, ee Gesetz zum Déiereschutz. Hei dierf een dann iwwerzeegt sinn, datt vill „déi gréng“ an dësem Gesetz dran ass. Ähnlech dierft et sech beim Genderrot verhalen. Nieft Froen zum Divorce a Rechter fir d‘Pappe gëtt et sëlleche Sujeten déi am Plenum zu Diskussioun dierfte kommen.

An der nächster Sessioun steet dann d‘Reform vum Strofvollzuch un. Méi Mënschlechkeet ass néideg an eng Begleedung fir den Delinquent soll vum éischten Dag un méiglech sinn. Och de SCAS muss dréngend reforméiert ginn. Een Dossier dee schonn 20 Joer an der Loft hänkt an deen elo muss ugepaakt ginn.

Wann een et net gesäit ass et awer do

Heiansdo entgeet dem Bierger eppes, wat awer och an der Aarbecht vun den Deputéierten zum Alldag gehéiert. Gemengt ass alles wat sech hannert de Kulissen ofspillt. D‘Petitiounen an d‘Hearing‘en sinn do ee gutt Beispill.

Dat ass gelieften Demokratie an och wann et do zu ënnerschiddlechen Opfaassunge kënnt, et muss een iwwerzeegend Argumenter virbréngen. Ganz interessant an deem Kontext de Hearing zur Verfassungsreform. Villes vun deem wat do gesot ginn ass mécht Sënn a Verschiddenes ass dann och zréckbehale ginn.

Beim neie Spidolsgesetz war vill Fangerspëtzegefill verlaangt, an och de neie Kollektivvertrag fir d‘Salariéeën aus dem Gesondheets- a Sozialsecteur konnt zefriddestellend zum Ofschloss bruecht ginn. Beim Fleegegesetz stinn nach ee puer Punkten zur Debatt, mee d‘Fraktiounspresidentin ass iwwerzeegt, datt och hei eng Léisung fonnt gëtt.

Foto: Dèi gréng Fraktioun an der Chamber. Eng Equippe déi et versteet d’Saachen an d’Hand ze huelen (© Martine de Lagardère/moien.lu)

Related topics déi gréng
Next post Previous post