Search

You may also like

Et kléngt nëmmen no Widderstand
Neiegkeeten

Et kléngt nëmmen no Widderstand

Mam Gesetzprojet 7738 an den doranner enthalenen „Verschäerfunge“ wéi vum

Kleng Figure fir grouss Kanner
Neiegkeeten

Kleng Figure fir grouss Kanner

Fir déi 14. Editioun vun de „LuxPlaymoDays“ hat sech d‘Asbl

Antidoppingkontrollen 2019: D’Lëtzebuerger Sportler ware brav
Neiegkeeten

Antidoppingkontrollen 2019: D’Lëtzebuerger Sportler ware brav

Am vergaangene Joer huet d’Lëtzebuerger Antidopping-Agence (ALAD) ganzer 228 Doppingkontrollen,

Ëmwelt: Zesummeschaffe fir d‘Bach „Kuer“ besser ze Schützen

Ëmwelt: Zesummeschaffe fir d‘Bach „Kuer“ besser ze Schützen

D‘Ministerin fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, Carole Dieschbourg, zesumme mam Exekutivbüro vum interkommunale Syndikat fir d‘Renaturéierung Kuer-Baseng (S.I.A.CH.) hu gëschter, 24. Januar am Krees vun de Vertrieder vun de véier betraffene Gemengen (Déifferdeng, Käerjeng, Péiteng a Suessem), eng Partenariatskonventioun ënnerschriwwen.

Mat dësem Partenariat sollen d‘Acteure vum ëffentlechen an dem Waasser-Secteur associéiert ginn, fir se besser ze informéieren an ze sensibiliséieren am Bezuch op déi integréiert a global Gestioun vum Waasserzyklus. Dat mam Zweck Moossnamen anzeféieren, déi zu enger besserer Qualitéit vum Waasser féieren. Hei kommen dann och eng Rei Aufgaben op de S.I.A.CH duer.

Am Kuer-Baseng soll de S.I.A.CH als administrativ an technesch Struktur fir nei Missioune genotzt ginn. De S.I.A.CH engagéiert sech als Partner Objektiver ze realiséiere wéi beispillsweis:

  • Moossnamen zur Informatioun, Sensibiliséierung, Formatioune a Verstännegung a Relatioun mam Kuer-Baseng;
  • technesch Projeten, an Aarbecht a Concertatioun mat der Waasser-Administratioun, wéi zum Beispill derzou bäidroen, datt déi Moossnamen, déi am an de Plang vun der Gestioun vun den hydrographeschen Distrikter agedroe goufen, ëmgesat ginn.

D‘Ministesch, déi d‘Gestioun vum Waasser an hiren Attributiounen huet, definéiert all Joer déi grouss Orientatiounen, déi iwwert d‘Waasser-Administratioun verfollegt ginn. Et ass och virgesinn, en neie Posten am S.I.A.CH ze schafen. En Deel vu sengen Aufgaben ass et sech ëm d‘Gestioun vum Partenariat ze këmmeren.

D‘Konventioun trëtt a Kraaft, esou séier wéi de Comité vum S.I.A.CH dëser zougestëmmt huet, a behält Gültegkeet bis den 31. Dezember 2021.

Foto: Roland Breyer, President vum S.I.A.CH.; Carole Dieschbourg, Ministerin fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung; Tom Ulveling, Vizepresident vum S.I.A.CH. © Claude Piscitelli

Related topics Carole Dieschbourg, Déifferdeng, Ëmweltministère, Käerjeng, Kuer, Péiteng, SIACH, Suessem
Next post Previous post