Search

You may also like

Cargolux reduzéiert seng Fluchfrequenz a Richtung China
Neiegkeeten

Cargolux reduzéiert seng Fluchfrequenz a Richtung China

Wéi d‘Direktioun vun der Cargolux gëschter matgedeelt huet, gi zur

EU-Wahlkampf: FPÖ an Erklärungsnout
Neiegkeeten

EU-Wahlkampf: FPÖ an Erklärungsnout

An enger heemlecher Videoopnam ass den éisträichesche Vizekanzler Heinz-Christian Strache

De Stuerm „Eleonor“ a seng Folgen
Neiegkeeten

De Stuerm „Eleonor“ a seng Folgen

Et war net nëmmen einfach „schlecht Wieder“,  Eleonor war en

Den Ëmweltministère invitéiert op den 1. Ëmweltdag 2021

Den Ëmweltministère invitéiert op den 1. Ëmweltdag 2021

Dësen Donneschden 29. Abrëll 2021 invitéiert de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung vun 9 bis 16 Auer op säin 1. Ëmweltdag a Form vun enger Livekonferenz iwwert den offiziellen Internetsite www.emwelt.lu oder iwwert d’Facebooksäit vum Ëmweltministère an.

D’Konferenz, déi sech gläichermoossen un de Grand public an un d’Presse riicht, presentéiert den Zoustandsbericht vun der Ëmwelt zu Lëtzebuerg am Gesamtbild a politesch Äntwerten op déi spezifesch Defien am Land.

De Programm am Detail

09:00 – 09:15 Mot de bienvenue a Virstellung vun neie Sensibilisatiounsproduite vun der Ministesch Carole Dieschbourg

09:15 – 10:30 Kapitel I “Bësch a Biodiversitéit”

  • Zoustand vum Bësch
  • Äntwerte fir de Bësch
  • Zoustand Aartevielfalt
  • Äntwerte fir d’Oppeland
  • Äntwerten op de Baudrock

10:30 – 12:00 Kapitel II “Buedem a Ressourcen”

  • Iwwerbléck vum Buedemschutz
  • Äntwerten op de Ressourceverschläiss
  • Äntwerten op den Offall

13:00 – 14:30 Kapitel III “Waasser a Baachen”

  • Drénkwaasser a Waasserstrategie
  • Gewässer: Renaturéierungen
  • Ofwaasser: Micropolluants a Kläranlagen

14:30 – 16:00 Kapitel IV “Loft a Kaméidi”

  • Iwwerbléck Loft a Kaméidi
  • Äntwerte fir méi Loftqualitéit
  • Äntwerten op de Kaméidi

16:00 – 16:15 Schlusswuert vun der Ministesch Carole Dieschbourg

D’Konferenz wäert op Lëtzebuergesch gehale ginn, eng simultan Iwwersetzung op Franséisch ass awer op www.emwelt.lu assuréiert.

Am Laf vun der Konferenz besteet zu all Moment d’Méiglechkeet Froen iwwer Email eran ze schécken (d’Adresse gëtt den Dag selwer um Ecran affichéiert), dëst gi vun eise Spezialisten oder vun der Ministesch selwer beäntwert.

Matgedeelt vum Ëmweltministère, der Naturverwaltung, der Waasserverwaltung an der Ëmweltverwaltung

Related topics Bësch, Biodiversitéit, Buedemschutz, Carole Dieschbourg, Drénkwaasser, Ëmweltdag 2021, Ëmweltministère, Invitatioun, Kaméidi, Konferenz, Loftqualitéit, Ressourceverschläiss
Next post Previous post