Search

You may also like

Proppert Waasser: Sécherheet ass wichteg an huet e Präisschëld ëmhänken
Neiegkeeten

Proppert Waasser: Sécherheet ass wichteg an huet e Präisschëld ëmhänken

No engem Feier an der Industriezon zu Suessem war Läschwaasser

Teletravail an Digitaliséierung: Wat hält de Gemengesecteur dovun?
Neiegkeeten

Teletravail an Digitaliséierung: Wat hält de Gemengesecteur dovun?

Mam Ufank vun der Coronakris ass de Gemengesecteur virun eng

Tacheles: Flécken am Numm vun der Ëmwelt & dem sozialen Zesummenhalt
Neiegkeeten

Tacheles: Flécken am Numm vun der Ëmwelt & dem sozialen Zesummenhalt

Op ee well oder net, hänkt all Mënsch sech fréier

Fir méi Biodiversitéit an Ëmweltschutz, zesumme mat der Landwirtschaft

Fir méi Biodiversitéit an Ëmweltschutz, zesumme mat der Landwirtschaft

Nodeems den Observatoire de l’environnement naturel viru kuerzem seng Etüd zum Zoustand vun der Biodiversitéit zu Lëtzebuerg presentéiert huet, wäert en Donneschdeg, den 10. Juni 2021 um 20:00 Auer e Webinar stattfannen, fir der grousser Ëffentlechkeet d’Situatioun, d’Etüd an d’Resultater méi genee ze erklären.

Am Kader vun der neier europäescher Agrarpolitik (GAP) wollt den Observatoire nämlech ervirhiewen, wéi een an de kommende Joren déi biologesch Diversitéit fërderen, an trotzdeem d’Interesse vun der Landwirtschaft ënnerstëtze kann. „Ëmweltleeschtungen musse sech fir Bauere lounen a gläichzäiteg wierksam sinn“, sou den Observatoire.

D’Referente vum Owend sinn d’Madamm Nadja Kasperczyk vum Fuerschungsinstitut fir biologesche Landbau (FiBL) an den Här Dr. Rainer Oppermann vum Institut fir Agrarekoloie a Biodiversitéit (ifab). No hirem Virtrag ass eng Diskussiounsronn mat de Vertrieder vum Observatoire de l’environnement naturel an de Participante vum Webinar geplangt.

Fir un der Zoom-Konferenz deelzehuelen, klickt einfach HEI.

Opmaachebrild: © Gabriel Jimenez / Unsplash

Related topics Agrarpolitik, Biodiversitéit, Ëmweltschutz, Etüd, FiBL, GAP, ifab, Landschaftsschutz, Landwirtschaft, Observatoire de l'Environnement Naturel, Webinar
Next post Previous post