Search

You may also like

La Forestinne „Blonde“ – Eng nohalteg „Nopesch“ mat Charakter
Neiegkeeten

La Forestinne „Blonde“ – Eng nohalteg „Nopesch“ mat Charakter

D‘Brauerei vun Ebly (déi huet hire Sëtz zu Léglise, kuerz

Policebericht: Dat üblecht? Leider net ganz…
Neiegkeeten

Policebericht: Dat üblecht? Leider net ganz…

Et war iwwert de Weekend nees eppes weider Ustrengend fir

Rock’n’Classics Beefort – E puer Changementer am Programm!
Neiegkeeten

Rock’n’Classics Beefort – E puer Changementer am Programm!

Dësen August verzaubert de Rock’n’Classics nees mat engem kulturellen a

Ëmweltwoch an der Gemeng Contern

Vum 6. bis den 9. November steet d‘Ëmwelt am Mëttelpunkt

Ëmweltwoch an der Gemeng Contern

Et ass e gëllege Programm deen sech d‘Gemeng Contern fir dës dräi Deeg operluecht huet, an et gëtt vill Interessantes dozou ze soen. Ugefaange mat der Präisiwwerreechung fir de Concours vum CTF „Village Fleuri“ de 6. November um 19 Auer zu Mutfert am Jugendhaus.

Den Dag drop, also de 7. November um 13.45 Auer steet d‘Visite vu BAKONA, der Biogasanlag zu Itzeg um Programm. Wien hei wëll matgoen, sollt sech bis den 1. November umellen. Dat geet via Telefon um 32 02 61-321 oder per e-Mail op umeldung@contern.lu.

An dann den „Highlight“ um 9. November, dem nationalen Dag vum Bam. Do gi moies zu Éiter am Bongert vun der Gemeng Hecken a Beem fir déi neigebuere geplanzt (10 Auer). Wien hei eng Hand mat upake kann ass wëllkomm, an dierf wann e gutt geschafft huet och e maufel mat iessen. Och hei sollt ee sech umellen. Um 14 Auer da planzt d‘Gemeng Conter 500 Beem.

Wéi ee gesäit, et deet sech eppes zu Contern an och wann et méiglecherweis – ëmmerhin ass Hiecht – eppes „fiicht“ ka ginn, mat der entspriechender Kleedung kënne fir déi Grouss wéi fir déi Kleng dës Aktivitéiten e grousse Spaass sinn. An der Natur deet domatter och eppes Gutts un.

Contern

Dozou erkläert d‘Buergermeeschtesch vu Contern, d‘Marion Zovilé-Braquet:

Am Kader vun eiser „Ëmweltwoch“ wäerten dëst Joer souvill Beem an Hecke geplanzt gi wéi scho laang net méi. An der Gemeng Contern hu mir nach +/- 300 Ha Bësch an et ass immens wichteg, dass mir dësen Deel vun eiser Natur och erhalen, a wa méiglech och nach weider vergréisseren.

Well dat an dësen Zäite vum Wuesstem immens schwiereg dierft ginn, musse mir haut schonn esou vill ewéi méiglech an eis Natur investéieren. Zu Éiter ass amgaangen e Kannerbongert ze entstoen, schéin agekreest mat Hecken a mat enger Blummewiss fir méi Biodiversitéit! T’ass eis e wichtegt Uleies, dat et eng weider flott Plaz an der Gemeng gëtt, wou ee sech begéine kann, a wou eis jéngste Matbierger hire Bam gesi wuessen a seng Friichte plécke kann.

Am Nomëtteg kënnt Dir alleguer mathëllefe fir 500 Eechen zu Mutfert beim Kierfecht an de Bësch ze planzen. Mir wëllen d‘Natur an d‘Ëmwelt ganz besonnesch eise Kanner méi no bréngen, an si sensibiliséiere fir se ze schützen a gutt op si op ze passen. Dofir hate mir och dëst Joer déi „grouss Botz“ organiséiert, zesumme mat alle Schoulkanner, mat flotten an interessanten Ateliere vun deenen si ganz begeeschtert waren.

Op dësem Wee wëlle mir als Gemeng weidergoen, a weiderhin zesumme mat eise Biergerinnen a Bierger konsequenten Natur- an Ëmweltschutz ëmsetzen, an eis Ëmweltwoch soll hëllefen op eng interessant Manéier ons all nach méi ze sensibiliséieren an ze motivéieren!

matgedeelt vun der Gemeng Contern

Related topics Beem, Bongert, Contern, Ëmweltwoch, Hecken, Nationalen Dag vum Bam
Next post Previous post