Search

You may also like

Chantier LuxTram: déi häertste 24 Méint kommen op eis duer
Neiegkeeten

Chantier LuxTram: déi häertste 24 Méint kommen op eis duer

Wéi d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) leschte Mëttwoch iwwert déi weider

De PLZNR ee tschechesche Béier aus Lëtzebuerg
Neiegkeeten

De PLZNR ee tschechesche Béier aus Lëtzebuerg

Ënnert der Bezeechnung „PLZNR“ huet d‘Brauerei „Bare Brewing“ e Pils

Grandbrothers um Siren’s Call 2019
Neiegkeeten

Grandbrothers um Siren’s Call 2019

Den 29. Juni 2019 fënnt déi 3. Editioun vum Siren’s

En Aarbechtsgrupp, dee Froen opwërft

En Aarbechtsgrupp, dee Froen opwërft

D‘Lëtzebuergescht huet sech a leschter Zäit zu engem beléiftene Sujet fir d‘Politik am Groussherzogtum gemausert. Ëmmerhin suergen sech d‘Sylvie Andrich-Duval an d’Martine Hansen, béid CSV-Députéierten, an hirer Parlamentarescher Ufro ëm d’Missiounen vun der Aarbechtsgrupp “Sproochen” – a perfektem Franséisch, wéi dat bei der CSV üblech ass.

Dobäi beruffen sech déi zwee Politikerinnen op en Artikel deen den 17. Mäerz, also viru bal zwee Méint, am Lëtzebuerger Land stoung. Den Artikel mam Titel „Zukunft heute denken“ vum Ines Kurschat beschäftegt sech mat den Aufgaben vun dësem Grupp, deen am Service de la coordination et de la recherche pédagogiques et technologiques (Script) ze fannen ass. Hei gëtt ënnert anerem doriwwer nogeduecht, wéi de Sproochenennerriicht an Zukunft gestalt ka ginn. Wat zu Lëtzebuerg natierlech eng zimlech komplex Fro ass, wou vill Emotioune matspillen. Schliisslech ass een vun de Kärthemen deen, wat fir eng Sprooch da wéi eng Gewiichtung kritt. An dorunner scheeden sech d‘Geeschter.

D‘Froen, déi hei gestallt ginn, si schnell iwwerbléckt an och enger méi einfacher Natur: Et gëtt gefrot, op d‘Informatiounen esou stëmmen, wat de Minister weider dozou soe kann a wat d‘Missiounen vun dësem Aarbechtsgrupp sinn. Och wéini wéini dann elo déi éischten Resultater solle verëffentlecht ginn.

Mee des Parlamentaresch Ufro ass nëmmen e klengen Deel vun engem gréissere Puzzle: Spéitstens mat der Petitioun 698, déi d‘Lëtzebuergescht als éischt Amtssprooch etabléiere wollt, gesäit sech d‘Regierung ënner Drock gesat. Dofir hunn de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, de Claude Meisch, an de Staatssekretär am Kulturministère, Guy Arendt den 9. Mäerz en Aktiounsplang fir d‘Lëtzebuerger Sprooch an d‘Liewe geruff, deen 40 Punkte virgesäit. En „Zentrum fir d’ Lëtzebuergescht“ ass dobäi och virgesinn a soll mat den Acteuren, déi schonn do sinn, zesumme schaffen. D‘Ëffentlechkeetsaabrecht vun der Fuerschung soll des weideren och verbessert ginn, sou de Plang. De Bilan fir dësen Aktiounsplang ass iwwregens an dräi Joer virgesinn.

Related topics Lëtzebuerg, Lëtzebuergesch
Next post Previous post